Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et kritt ee keng zweet Chance"

Francine Closener

"Et kritt ee keng zweet Chance"

Si ass eng vun deenen onbeléiftste Politikerinnen. D'LSAP-Staatssekretärin fir Wirtschaft, bannescht Sécherheet a Verdeedegung Francine Closener schwätzt iwwer déi negativ Resultater bei Sondagen. Niewent hirem eegenen Image geet et och ëm dee vum Land.

auto_stories

3 min

Iwwert hir schlecht Resultater bei de Sondagen, seet d’LSAP-Staatssekretärin et géing een ni eng zweet Chance kréien, fir en éischte gudden Androck ze hannerloossen. “Déi éischt Chance, déi ech hat, déi hunn ech mir vermasselt.” Dat hätt si awer motivéiert fir hir Saach ëmsou besser ze maachen. "Ech verstoppen Iech net, datt et och haart Momenter gouf. An datt ee vill bäiléiert. Berufflech, politesch a privat - iwwer richteg a falsch Frëndschaften.

Steierrulingen

"D’FNAC kënnt net mat engem Headquarter op Lëtzebuerg, mee mat engem Commerce", seet Staatssekretärin am Wirtschaftsministère am Interview. Op déi franséisch Chaîne e Ruling krut, dat wéisst net mol de Finanzminister, mee d’Steierverwaltung.

Wéi vill Steierrulinge gemaach ginn, géing um Enn vum Joer am Aktivitéitsrapport vun der Steierverwaltung public gemaach ginn. Rulinge wären näischt Illegales, seet d’Francine Closener. "Wat mir net méi wëllen, sinn Abusen, déi mat Steierrrulinge gemaach ginn."

Bei Rulinge géif et net drëms goen, fir ee speziellen Taux ze kréien, mee eng Previsibilitéit iwwer déi nächst Joeren. Lëtzebuerger Entreprisë géifen dobäi net benodeelegt ginn. Déi meescht hätten allerdéngs keen Interêt u Rulingen, well si net iwwer d'Grenzen eraus aktiv wären.

"Nation Branding à la luxembourgeoise"

Lëtzebuerg hätt niewent der Finanzplaz vill aner Aspekter, déi an der Perceptioun am Ausland géifen ze kuerz kommen. Den Image soll awer net duerch klassesche Marketing mat Héichglanz-Prospekter a Spotte verbessert ginn, seet d'Françine Closener. "Mir wëllen Nation Branding à la luxembourgeoise maachen. Dat heescht mat de Leit zesummen." Duerch Etudë wären dräi Valeuren identifizéiert ginn, déi d'Land sollen auszeechnen: Dynamik, Oppenheet an Zouverlässegkeet.

Elo géif et drëms goen, déi Valeuren ze liewen: "Mir musse mam gudde Beispill virgoen. Mir, dat sinn de Staat, d'Verwaltungen, d'Gemengen, awer och déi grouss ëffentlech Entreprisen." Déi misste sech selwer d'Fro stellen, wéi wäit si dës Wäerter géife verkierperen. An der Direktioun Tourismus vum Wirtschaftsministère soll ee Pilotprojet lancéiert ginn, fir Richtlinne fir déi aner Acteuren ze definéieren. Gläichzäiteg soll d'Kreativindustrie mobiliséiert ginn, fir eng visuell Identitéit fir d'Land z'entwerfen.

Datt dat negativt Resultat vum Referendum eppes anescht seet, wéi "Dynamik, Oppenheet an Zouverlässegkeet", fënnt d'Françine Closener net. D'Integratioun vun Auslänner, den héijen Undeel u Frontalieren an d'Villfalt u Sprooche géifen an anere Länner bewonnert ginn. "Datt mir iwwerhaapt sou wäit gaang sinn, fir d'Leit ze froen, wat si vun engem Auslännerwahlrecht halen - ech mengen net, datt vill aner Länner sech dat getraut hätten."

Ob de Budget vun 1,5 bis 2 Milliounen Euro géif duergoen, konnt d'Staatssekretärin net confirméieren: "Ech hoffen, datt ech den Ofschloss vum Nation Branding net méi erliewen. Dat ass en dynamesche Prozess, dee sech ëmmer rëm weiderentwéckelt."