Radioen

On air

Notturno  |  Matthew E. White - Nested

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gender Equality verdréit sech net mat Publicitéit

Internationale Fraendag

Gender Equality verdréit sech net mat Publicitéit

Nach ëmmer gi Kanner mat geschlechtsspezifesche Klischeeën indoktrinéiert. Elteren an Enseignante kéinten dat änneren. Där Meenung ass d'Anik Raskin. D'Gesellschaft muss hirer Meenung no ëmdenken.

auto_stories

3 min

"Planet 50-50 by 2030: Step It Up for Gender Equality" - ënner dee Motto hunn d’Vereenten Natiounen den internationale Fraendag 2016 gestallt. Viséiert ass d’Gläichstellung vun de "gesellschaftlechen" oder "soziale Geschlechter". 

D'Definitioun vum Begrëff "Gender" géif net onbedéngt an iwwerall fir déi néideg Transparenz suergen. D’Chargée de direction vum Conseil national des femmes du Luxembourg gebraucht aus deem Grond de Begrëff "Gläichstellung tëscht Fraen a Männer". "Chancëgläichheet" wär dogéint een Ausdrock, deen drop hindeite kéint, dass mer well eng Gläichstellung hätten. 

Publicitéit vermëttelt Klischeeën

Dobäi géif kaum consideréiert ginn, datt mir vun der Gesellschaft op déi ënnerschiddlechst Manéiere Geschlechterrollen geprafft géife kréien. Dass déi Rollen awer nëmme seelen hannerfrot a kaum a Fro gestallt géifen, hätt zum Deel mat der permanenter Indoktrinatioun vu Säite vun der Publicitéitsbranche ze dinn. 

Ganz jonk Kanner géifen hei geschlechtsspezifesch Klischeeë vermëttelt kréien. Och wann d’Kanner d’Publicitéit selwer net géife verstoen, dat vermëttelt Bild géif hänke bleiwen. An de Message hannendru wär immens séier integréiert. 

Responsabilitéit vun Elteren an Enseignanten

Firwat mir all dat als Gesellschaft net méi dacks kritesch géifen hannerfroen, hätt mat ze mann guddem Wëllen ze dinn. A mat der Tatsaach, dass mir eis nach net déi richteg Outilen dofir ginn hätten. Et wär souwuel un Elteren, wéi och um Corps enseignant an de Schoulen, zesumme mam Personal an de Structures d’accueil, fir eppes dorunner z’änneren. 

Mat spezifesche Formatiounen, déi sech souwuel un Elteren wéi och un d’Fachpersonal riichten, géing sech op direktem Wee scho villes verbessere loossen, sou d’Anik Raskin. Si weist awer drop hinn, datt Kanner dacks vun doheem aus an hirer Geschlechterroll "virprogramméiert" goufen.

De Mann als Familljechef

Souguer vum legale Standpunkt hir géifen et nach ëmmer Diskriminatioune ginn. Bekannte Beispiller wären d’Pensiounen oder d’Familljerecht. D’lëtzebuerger Gesellschaft wär nach ëmmer nom Schema vun der Famill opgebaut, déi vum Mann erniert, an iwwer Waasser gehale géif. De CNFL fuerdert een Ëmdenken: D’Leit sollen als eenzel Individuen ugesi ginn, souwuel wat d’Pensiounen wéi och d’Steiere betrëfft. Déi, déi nämlech dobäi de Kierzere géingen zéien, sou d’Anik Raskin, wären d’Fraen.