Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Richard Swift - Broken Finger Blues

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Preventiounskultur opbauen

Mëssbrauch

Preventiounskultur opbauen

Iwwert d’Plattform "Bientraitance" versiche fënnef grouss Prestatairen am Sozialsecteur iwwer Mëssbrauch bannent hire Strukturen opzeklären a preventiv ze handelen. Gespréich mam Georges Haan, engem vun de Responsabele vun der Plattform.

auto_stories

2 min

Georges Haan

D’Plattform “Bientraitance” ass 2014 entstanen am Kontext vum Skandal ëm sexuelle Mëssbrauch bannent der kathoulescher Kierch. Fënnef Prestataire sinn dru bedeelegt: Arcus, Caritas, Elisabeth, Croix-Rouge an d’Internats Jacques Brocquart.

D’Zil vun der Plattform ass et, eng Preventiounskultur opzebauen. Virdru wieren et an dëse Strukturen zwar scho Reflexioune ginn iwwert de Qualitéitsmanagement, sou de Georges Haan, ee vun de Responsabelen am Gespréich mam Mick Entringer. Mat der Plattform géifen déi Iwwerleeungen elo systematiséiert ginn. “Mir fërderen nach eng Kéier déi Transparenz, dat Doriwwer-schwätze wéi mer schaffen a wéi dat beim Beneficiaire ukënnt”, sou de Georges Haan. Mëssbrauchpreventioun misst, senger Meenung no, Deel vun engem Regierungsprogramm sinn.

“Eppes mellen, wou mir als Institutioun net korrekt wieren”

D’Plattform “Bientraitance” beschäftegt zwee “délégués à la bientraitance”. Si sinn d’Ulafstell fir déi ronn 5.000 Mataarbechter vun de fënnef Prestatairen, an och fir d’Beneficiairen, also fir déi betreite Kanner an Erwuessener. Wa se “eppes wëlle mellen, wou mir als Institutiounen net korrekt wieren”. An engem Aarbechtsgrupp da sollen d’Formatioune fir d’Mataarbechter weiderentwéckelt ginn.

Ass d’Aufgab vun der Plattform éischter eng vun der Preventioun a manner eng vum Opdecke vu Mëssbrauch? “Et ass eisen Haaptinteressi, datt mer net mussen hannert d’Situatioune kieren”, sou de Georges Haan. Mee et misst een all Situatioun erfaassen, wou eppes schif leeft.

Deemno géif och mat den Täter geschafft ginn. Et wier wichteg, “een unzeschwätzen, deen e Feeler gemaach huet”. Wann néideg géif een en dann un de Parquet weiderginn. Confidentialitéit wier wichteg, souwuel fir déi Geschiedegt ze schützen wéi och déi, déi e Feeler gemaach hunn, erkläert de Georges Haan.