Radioen

On air

De Weekend  |  Zsela - Lily Of The Nile

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et gëtt keng Garantie"

Space-Mining

"Et gëtt keng Garantie"

De Staat investéiert hei an e Projet "dee ganz sécher en héije Risiko huet", esou de Georges Schmit, deen de Projet als Beroder begleet. Bei anere grousse staatlechen Investissementer an der Vergaangenheet wär dat awer d'selwecht gewiescht.

auto_stories

2 min

De Georges Schmit, fréiere Generalkonsul vu Lëtzebuerg zu San Francisco, beréit d'Regierung am Beräich Space-Mining

Als Beispill nennt de Georges Schmit den Investissement bei der Satellittefirma SES Mëtt den Achzeger Joren. Deemools hätt kee sech erwaart, datt aus engem Satellit der géifen an déi 50 ginn. An dach ginn et och Ënnerscheeder zum Space-Mining: D’SES wär e konkrete Projet gewiescht, bei deem et em d’Ëmsetzung vun der Satellittentechnologie goung an net ëm d’Entwécklung vun enger ganz neier Technologie.

Finanziell Ënnerstëtzung mat Konditiounen

D’Ziel vun der Regierung wier et duerch d’Space-Mining-Initiative nei Betriber op Lëtzebuerg ze lackelen. "Et war ëmmer de Modell vun der Lëtzebuerger Wirtschaftspolitik, friem Betriber am Land z’installéieren, a Secteuren déi an der Zukunft eng Chance hunn," esou de Georges Schmit.

Am Moment kréien zwou amerikanesch Space-Mining-Entreprisen, déi hei am Land aktiv sinn, finanziell Ënnerstëtzung vum Lëtzebuerger Staat: Deep Space Industries an Planetary Resources. D’Technologien, déi zu Lëtzebuerg entwéckelt ginn, géifen dësen Entreprisen gehéieren. Gewësse Konditioune missten awer agehale ginn: "Exploitatioun oder d’Revenue vun deenen Technologien musse während enger gewësser Period zu Lëtzebuerg landen." Wéi vill Aarbechtsplazen doduerch genee geschaf ginn, wär am Moment schwéier virauszesoen. D’Ziel géif am Moment nach "am zweestellege Beräich" leien.

Evaluatioun no fënnef Joer

Et géif awer "keng Garantie" ginn datt des Entreprisen iwwerliewen, esou de Georges Schmit. Dat wier normal bei jonke Start-Upen. No fënnef Joer misst gekuckt ginn, wou de Projet drun ass. Et wier "net ausgeschloss", datt Lëtzebuerg sech zu deem Zäitpunkt nees aus der Initiative zréckzitt. Och an der Vergaangenheet wieren net all gréisser Investitioune vun der Regierung gelongen. Als Beispill nennt de Georges Schmit den Noriichte-Site "Europe Online", deen d’Erwaardunge Mëtt den Nonzeger Joren net konnt erfëllen.

"Mee wa mer weider determinéiert sinn, hu mer eng gutt Chance ze reusséieren," esou de Regierungsberoder.