Radioen

On air

Notturno  |  Hamid El Shaeri - Reet

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gesond Aarbechtsplazen am Alter

Gesondheet

Gesond Aarbechtsplazen am Alter

E séchert a gesond Aarbechtsëmfeld ass wichteg fir d’Motivatioun vun de Salariéen a Patronen. Dat ass de Grondgedanke vun der europäescher Campagne fir gesond Aarbechtsplaze fir all Alter. De Aarbechtsminister Nicolas Schmit huet des Campagne viru Kuerzem op enger Table Ronde virgestallt.

auto_stories

5 min

D'Leit sollen esou laang wéi méiglech an hirem Domaine kënne schaffen. Foto: Bigstock

D'Leit ginn an Europa ëmmer méi al a vill EU-Memberstaaten hunn de Pensiounsalter erop gesat. Eng Entreprise gëtt dowéinst mat neien Defie konfrontéiert: Mataarbechter vun engem Betrib mussen et erméiglecht kréien, esou laang wéi méiglech an hirem Domaine ze schaffen, ouni krank ze ginn. Dat huet den Aarbechtsminister den 19. Oktober op der Table Ronde mam Titel "Promouvoir une vie active durable" gesot. Et kéint net sinn, datt d'Entreprisen eng Strategie hätten, fir déi "eppes manner jonk" esou fréi wéi méiglech lass ze ginn, huet de sozialistesche Minister ënnerstrach.

D'Ausriede wieren dacks déi, datt déi eeler Mataarbechter manner produktiv a méi dacks krank wieren an datt si déi nei Technologien net géife kennen. "Dat ass absolut schiedlech. Mier kënnen net soen, d'Leit misste méi laang an hirem Aarbechtsprozess bleiwen an op där anerer Säit gëtt alles gemaach fir d'Leit aus dem Aarbechtsprozess erauszedrécken."

Eeler Leit hätten am Betrib och d’Roll vun engem Coach fir déi méi jonk Mataarbechter, ënnersträicht de Marc Picard vun der Fédération des installateurs en équipement santitaires et climatiques.Si hätte wichteg Kompetenzen an et misst ee bedenken, datt déi al, analog Welt nieft där digitaler géif bestoe bleiwen. Dofir kéinte si wichteg Rotschléi ginn an hëllefen, wann et dorëms géif goe fir 'aalt' Equipement ze notzen.

Sécherheet a Gesondheet op der Aarbecht

Nei Risiken

D’Konditioune vu kierperlech schwéierer Aarbecht zum Beispill am Bausecteur hätten dem Marc Picard no an de leschte Joerzéngte staark evoluéiert. Nei Equipementer hätte gehollef, déi kierperlech Efforte mat deenen d’Aarbechter confrontéiert ginn, ze reduzéieren.

Mat dëser Ausso ass de Jean-Luc Mattheis vum OGBL allerdéngs net averstanen. D'Changementer op der Aarbecht hätten nei Risike mat sech bruecht. D’Aarbechter wiere mat den neien Aufgaben heiansdo esouguer iwwerfuerdert, betount de Jean-Luc de Mattheis. D'Aarbechtslaascht, de Rhythmus an de Stress géife klammen, besonnesch an der Industrie an am Bausecteur. "Dat huet zu enger Situatioun gefouert, déi fir d'Salariéë katastrophal ass." Aus Studie géif ervir goen, datt de Risiko vu psychosoziale Problemer haut vill méi héich wier, wéi nach viru 15 Joer.

Krank duerch Stress

Den Aarbechtsminister Nicolas Schmit weist sech erstaunt iwwer d’Croissance vun de psychosoziale Krankheeten, wéi zum Beispill dem Burnout, op der Aarbecht. Wann een ënnert esou Krankheete géif leiden, hätt dat och physesch Konsequenzen. Stress hätt net nëmmen en negativen Impakt op d’Wuelbefanne vun den eenzele Leit, mee en hätt och en ekonomeschen Impakt.

Rezent Zuele géifen et allerdéngs net ginn, esou den Nicolas Schmit. Hie wier awer kierzlech op eng Etude vun der Europäescher Agence fir Sécherheet a Gesondheet op der Aarbecht gestouss, déi den ekonomesche Käschtepunkt vu psychosoziale Problemer ënnersicht hätt. Dee léich tëscht 180 an 290 Milliarden Euro am Joer, also 0,2 bis 0,3 Prozent vum europäesche PIB.

Projet de loi iwwer d'Alterspolitik

Den Aarbechtsministère plangt e Gesetzprojet fir d’Alterspolitik vu virun zwee Joer ze reaktivéieren. Dëse Projet de Loi ass zënter 2014 um Instanzewee, mee d'Chamber huet schonn zanter engem Joer net méi dorop geschafft. Dëse Projet soll d’Aarbechtskonditiounen an d’Gesondheet vun de Salariéë verbesseren. De Jean-Luc de Mattheis vum OGBL hofft, datt dee Gesetzprojet net hannert zouenen Dieren ausgeschafft gëtt. Hie géif sech en Accord bipartite, tripartite oder paritaire wënschen, deen an der Entreprise eescht geholl géif ginn. "Wee kennt seng Aarbechtskonditioune besser, wéi de Salarié an den Employeur? Zesumme kéint ee wierklech agéieren, fir d'Problemer an de Grëff ze kréien, ënnert deenen d'Salariée vun engem gewëssen Alter u leiden."

De Fokus op d'Preventioun

Den Aarbechtsminister Nicolas Schmit huet sech op der Table Ronde fir e bessere System vun der Preretraite ausgeschwat. Den duerchschnëttleche Pensiounsalter hei am Land läit bei 59,6 Joer fir Fraen a 57,6 Joer fir Männer. Domat ass Lëtzebuerg ënnert dem EU-Duerchschnëttsalter fir an d’Pensioun ze goen. Den Alter misst an engem Betrib besser an iwwert déi ganz Carrière geréiert ginn.

Den Aarbechtsminister wëll iwwert e Gesetzprojet och bewierken, datt méi Aarbechtsdokteren agestallt ginn, fir d’Gesondheet vun de Leit besser ze kontrolléieren. An deem Beräich hätt Finnland eng Virbildfunktioun, esou den Nicolas Schmit. Do géif sech e speziellt Institut mat Froen ausernee setzen, déi d'Santé an d'Liewensqualitéit op der Aarbecht géife concernéieren.

"D'Iddi ass ëmmer fir ze soen, mir mussen an der Preventioun schaffen." Da missten d'Leit vun engem gewëssenen Alter un ënnersicht ginn, oder wa si géifen eng schwéier Aarbecht maachen. "Fir ze kucken, wéi evoluéiert déi Persoun. A wann déi Persoun Symptomer huet, déi weisen, datt dat do sech verschlëmmert. Da muss een e Plan de carrière hunn, deen där Situatioun entsprécht." Och déi permanent Connectivitéit wier net am Interêt vun de Leit an de Betriber. A Frankräich ass an deem Kontext d’Recht op Deconnectioun als Gesetz virgesinn.

Enger Etude vun der Europäescher Agence fir Sécherheet a Gesondheet op der Aarbecht no, hu 44 Prozent vun de 50 Järegen a Lëtzebuerg gesot, datt si sech net kéinte virstellen, hir Aarbecht nach mat Joer 60 ze maachen. Dat géif weisen, datt d’Liewensqualitéit op der Aarbechtsplaz verbessert misst ginn, esou den Nicolas Schmit.


D'EU Campagne fir sécher a gesond Aarbechtsplazen