Radioen

On air

Notturno  |  John Carroll Kirby - Dawn Of New Day Feat. Laraaji

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et kéint méi fir d'Sportler gemaach ginn"

Gilles Muller am Interview

"Et kéint méi fir d'Sportler gemaach ginn"

De beschte Lëtzebuerger Tennisspiller, den Ament den 38. an der Weltranglëscht, ass amgaang sech op déi nei Saison virzebereeden. Déi lescht Joeren am Gilles Muller senger Proficarrière kommen elo. Fir den 32-Jährege bedeit dat, musse Choixen ze treffen. Dat heescht, eventuell op d'Davis Coupe, also op d'Lëtzebuerger Nationalequippe ze verzichten. Michel Delage/ sl

auto_stories

4 min

Gilles Muller: "U sech sinn ech e bëssen e Prisonnéier"

Dëse Mount kéim hie mat der Federatioun zesummen. Fir ze "kucke, wéi et weidergeet". Dëst Joer hat de Gilles Muller nom Davis Coupe Match géint Madagascar eng Paus ageluecht, de Proficircuit war fir hien d'Prioritéit. Et wier e gutt Joer fir hie gewiescht: véiert Ronn bei den Australian Open, Véirelsfinalen zu Chennai, Rotterdam, Estoril a Queens, Halleffinale bei den Topshelf Open an zu Atlanta.

Finanziell hätt et sech gelount. Beschwéiere kéint hie sech net. Dat war déi lescht Saisonen net ëmmer de Fall. An de leschte fënnef Joer war hien zwee Mol méintelaang um Stéck blesséiert, Periode während deene keng Sue konnte verdéngt ginn. Ënnerstëtzung vun der Lëtzebuerger Federatioun gëtt et keng, als Profi ass een op sech selwer gestallt. 

"Do muss ee bereet sinn immens vill ze leiden"

"Zu Lëtzebuerg kéint am grousse Ganze méi fir d'Sportler gemaach ginn", fënnt de Gilles Muller. Och wann hien agesäit, datt wéinst der Kris manner Suen do sinn. Besonnesch wichteg wier den Iwwergang no der Première. "Talent hu mer, do ass net de Problem. Et ass éischter d'Astellung." Déi wéinegst jonk Spiller wéilten de Sprong an eng onsécher Proficarrière woen, "do muss ee wierklech immens wëlle Profi ginn a bereet sinn immens vill ze leiden". Mä och den Encadrement misst verbessert ginn, fir Jonker zu deem Ament ze begleeden.

D'Masters zu Paräis, de leschte grousse Rendez-vous vun der Saison, huet de Gilles Muller si gelooss. Wéinst der Middegkeet hätt et kee Sënn gehat. Déi Zäit hätt hie léiwer genotzt fir ze regeneréieren. Déi nächst Woche wëll hien um Training déi physesch Basis leeë fir am Januar nees déi éischt Tournoien an Ugrëff ze huelen: Chennai an Indien, Ugangs Januar, duerno Sydney, e Virbereedungstournoi op d'Australian Open zu Melbourne, op senger léifste Surface, dem Beton.

Do kéint de Gilles Muller et nees mat engem vun de véier-fënneft Weltbeschten ze di kréien, déi den Härentennis an der Lescht dominéieren. Spiller wéi Novak Djokovic, Andy Murray oder Stan Wawrinka, géint déi hien alleguerte schonn ugetrueden ass an och säi beschten Tennis mengt ze produzéieren. "Matcher, bei deenen ee sech total ka 'lâchéieren', do huet ee wierklech null Drock, näischt ze verléieren". Ëmsou méi schwéier deet hie sech mat Géigner vu sengem spillereschen Niveau, "wou ee weess: ah! do muss de gewannen".

"U sech sinn ech e bëssen e Prisonnéier"

De Gilles Muller vermëttelt den Androck, ee serieuxe Sportler ze sinn. Bis op seng - dacks gutt sportlech Resultater - héiert een net vill vun him. E Fan vu soziale Medie wier hien net, obwuel iwwert dee Wee Sponsoren ugelackelt ginn. "Fir elo e puer Su méi ze maache verzichten ech léiwer drop, an dann hunn ech meng Rou mat anere Saachen". Dat heescht säi Privatliewen, seng Famill.

Dopping? "All Sport an deem vill Sue verdéngt gi probéiere Leit ze fuddelen", seet de Lëtzebuerger. Him selwer wier nach näischt am Tennis opgefall. Déi schwéier Anti-Doppingprozeduren empfënnt hien awer als eng Belaaschtung.  "Et muss ee bewise kréien, datt ee gefuddelt huet fir iergend eppes ënnerstallt ze kréien. Mär mussen awer do eist Liewen total op d'Kopp stellen". All Dag misst de Gilles Muller eng Stonn uginn an während där hie ir eventuell Prouwen z'erreechen ass. Et wier net einfach, dëse geregelten Oflaf mat den Imprévuen, déi et am dagdeegleche Liewe gëtt, ënnert een Hutt ze bréngen. "U sech sinn ech e bëssen e Prisonnéier".

Lauschtert de Gilles Muller am Gespréich mam Simon Larosche: