Duerch den zukënftegen Tram gëtt d'Glacisfeld an der Stad 4000 Quadratmeter méi kleng. Doduerch géing Plaz fir d'Schueberfouer verluer goen, seet de Ralph Di Marco vu Ponts et Chaussées. Dat geplangten Zouschëdde vun der Ënnerféierung wier deemno als Kompensatiouns-Moossnam unzegesinn.
An de Gank tëscht Glacis a Stater Park soll iwwerdeems e Gastank fir d'Schueberfouer agebaut ginn. Doduerch soll weider Plaz gewonne ginn. D'Decisioun wier virun e puer Méint zesumme vun der Stad Lëtzebuerg, dem Nohaltegkeetsministère a Ponts et Chaussées getraff ginn.
Keng Alternativ
Eng Alternativ fir d'Foussgänger an d'Vëlosfuerer wier net geplangt, esou de Ralph Di Marco. Dofir géing de klengen Tunnel net genuch genotzt ginn. "Et sinn Zielunge vun der Gemeng Lëtzebuerg duerchgefouert ginn. Et sinn do net vill Leit duerch gaangen."
Genee Zuele kann de Ralph Di Marco awer net nennen. "Mir sinn do just au courant gesat ginn." Fir d'Fouer 2017 soll d'Ënnerféierung verschwonne sinn.