Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Fell Runner - Come Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gouf de Kinosgrupp Caramba benodeelegt?

Regional Kinoen

Gouf de Kinosgrupp Caramba benodeelegt?

De Kinosbedreiwer Caramba stécht a finanzielle Schwieregkeeten. Déi regional Kinoe wäre vum Kulturministère benodeelegt ginn, seet den Direkter. Wéi eng Roll spillt de grousse Konkurrent Utopia?

Maxi Pesch / ys

auto_stories

7 min

©stockasso / Bigstock

De Grupp Caramba bedreift just nach dräi kleng regional Kinoen zu Rëmeleng, Miersch a Munneref. Zu Esch huet de Groupp kee Sall méi. Nodeems Caramba 2012 schonn huet misse seng Undeeler um Multiplex zu Esch-Belval verkafen, huet en elo och de Kinosch an den Ariston verluer. Am Fall Ariston huet de Propriétaire vum Gebai, d’Oeuvres paroissiales, eng Plainte géint de Raymond Massard gemaach, well de Loyer net méi bezuelt gouf.

Caramba a finanzielle Schwieregkeeten

Den Direkter vu Caramba seet dozou, d’Käschte vum Kino wieren net méi ze droe gewiescht. "D'Einahme sinn esou zeréck gaangen, datt et net méi méiglech war. En Contre-partie ass am Fall vum Ariston dat Gebai an engem ganz schlechten Zoustand." Caramba wéilt sech als Locataire d'Recht huelen, fir de Bailleur ëm Entschiedegung ze froen. D'Gebai wär net an engem exploitabelen Zoustand gehal ginn.

Och am Kinosch zu Esch huet Caramba kee Loyer méi bezuelt. Iwwer zwielef Méint net, esou den Direkter vun der Kufa, de Serge Basso de March. D’Kulturfabrik mécht d’Programmatioun am Kino dofir elo selwer. Et géif awer en Accord à l’amiable ginn, esou de Kufa-Direkter.

Staatlech Ënnerstëtzung

Net nëmme mat de Loyeren hat Caramba Problemer. Och bei de Paie vum Personal stinn nach Suen op. Dat krute mir vu Mataarbechter gesot. De Raymond Massard confirméiert dat. Hie verstoppt also net, datt Caramba finanziell Schwieregkeeten huet. Hie féiert dat awer eenzeg an alleng dorop zeréck, datt hien net déi staatlech Ënnerstëtzung kritt huet, déi Caramba senger Meenung no ze gutt gehat hätt. Caramba, an Tëschenzäit eng ASBL, hätt misse jorelaang op eng staatlech Konventioun mam Kulturministère waarden.

Am Joer 2013 krut de Raymond Massard eng staatlech Subventioun vu 75.000 Euro fir säin digitalt Equipement ze bezuelen. Eréischt 2015 krut Caramba eng éischte Kéier 25.000 Euro am Kader vun enger Konventioun mam Ministère.

Firwat huet de Raymond Massard missen Jorelaang op eng Konventioun waarden? Dat konnt, respektiv wollt, op Nofro keen aus dem Kulturministere oder dem CNA beäntweren. Iwwregens war déi viregt Kulturministerin Maggy Nagel net fir eng Reaktioun z’erreechen. Hir Virgängerin, déi fréier CSV-Ministerin Octavie Modert, wollt keen Interview ginn. De Raymond Massard seet, et wier réischt Beweegung an den Dossier komm, well hien dräi Méint virun der Konventioun eng Plainte beim Konkurrenzrot agereecht hätt. "Kuerz drop koum eng Conventioun mat der Post an d'Haus erageflattert, déi awer do nach nëmmen dräi Kinoen ofgedeckt huet."

De Raymond Massard mengt, datt de grousse Lëtzebuerger Kinosbedreiwer Utopia SA, dee viru kuerzem vum belsche Kinepolis-Grupp opkaft gouf, am Virdeel gewiescht wier, par rapport zu Caramba. Ënnert anerem wier et ronderëm déi staatlech Konventioun en Interessekonflikt ginn.

Interessekonflikt vum Joy Hoffmann

Konkret geet et ëm de Joy Hoffmann, deen als RTL-Filmkritiker bekannt ass. Den Hoffmann ass ee vun de Referenzaktionäre vun Utopia S.A. Gläichzäiteg war hie jorelaang Responsable vum Film-Departement am staatleche Centre National de l’Audiovisuel, kuerz CNA. Dobai muss ee wëssen, datt de CNA am Prinzip d’Hëllefe fir regional Kinos-asble geréiert huet. De Gros dovunner ass Member vum CDAC-Reseau, fir deen Utopia d’Programmatioun assuréiert. An engem provisoresche Rapport, an dee mer Abléck haten, schreift de Conseil de la Concurrence.

Les éléments du dossier portent en effet à croire que M. Hoffmann a agi dans le but de diriger un maximum des aides d'Etat dont la distribution incombait au CNA vers le CDAC, et donc, in fine, vers Utopia.

A weider:

Il est difficilement contestable que M. Hoffmann, en tant qu'actionnaire "de référence" d'Utopia et de fonctionnaire dirigeant au CNA était soumis à un conflit d'intérêt.

2011 gouf de Joy Hoffmann vun enger Chamberkommissioun als Expert gehéiert. Deemools goung et ëm de Finanzement vum Wiessel op déi digital Technologie an de regionale Kinoen. Am Procès-Verbal vun der Chamberkommissioun gëtt de Joy Hoffmann mat dësem Saz zitéiert.

Les grands cinémas commerciaux, à savoir ceux du groupe Caramba et du groupe Utopia financent eux-mêmes la transition au numérique sans qu'une aide publique soit nécessaire.

Allerdéngs hätte souwuel Utopia wéi och Caramba, deemools nach eng kommerziell Gesellschaft, keng staatlech Hëllef zegutt gehat. Den Joy Hoffmann huet eis en Interview zum Virworf vum Interessekonflikt kuerzfristeg ofgesot.

Caramba an de CDAC-Reseau

2014 huet d’LSAP-Deputéiert Claudia Dall’Agnol an enger parlamentarescher Ufro op dëse Conflit d‘Intérêt opmierksam gemaach. Déi deemoleg Kulturministesch Maggy Nagel (DP) huet geäntwert, esou e Konflikt hätt net bestan. Den CNA wär net decisiv fir eng staatlech Konventioun ze kréien. Villméi misst e regionale Kino Member vum CDAC-Reseau sinn.

Etant donné que les aides concernant la "participation de l'Etat aux frais de programmation, de gestion et d'animation des salles de cinéma régionales non commerciales" sont réservés exclusivement aux membres du réseau CDAC et que ce dernier décide quant à l'acceptation de ses membres, on ne saurait affirmer que le CNA intervienne dans le processus d'allocation de ces aides. Dans ce contexte, le CNA abrite uniquement dans son budget le crédit nécessaire pour allouer les mêmes aides.

De Kulturministère huet also deemools nach argumentéiert, nëmme Membere vum CDAC-Reseau hätten eng staatlech Konventioun ze gutt. Déi Kinoen also, déi fir hir Programmatioun vun Utopia ofhängeg sinn. Hätt de Raymond Massard mat senge Kinoen also missten deem Reseau bäitrieden? Dat wollt hien ugangs, seng Demande wier awer refuséiert ginn. Déi zweete Kéier, wéi de Ministère d'Subsidë just un eng Entitéit hätt wéilte ginn, wär een un enger Kollaboratioun mam CDAC interesséiert gewiescht. "Allerdéngs wären d'Konditiounen déi gewiescht, datt mir d'Programmatioun dann hätte misste vum Utopia iwwerhuelen an datt eis Subsiden am Endeffekt och un Utopia gaange wieren."

Ee Joer no senger Äntwert op d’Question Parlementaire wëll de Ministère d’Argumentatioun vun deemools net widderhuelen. Vläicht ebe grad, well de Konkurrenzrot ageschalt ginn ass, fir z’ënnersichen, ob d’Caramba-Kinoe géigeniwwer deenen anere regionale Kinoe benodeelegt goufen. Kënnt de Konkurrenzrot um Enn zur Konklusioun, datt Caramba benodeelegt gouf, ass domatt net établéiert, datt dee Manktem un Ënnerstëtzung decisiv gewiescht wier fir déi finanziell Schwieregkeete vum klenge Kinos-Bedreiwer. Iwwer eventuell weider Grënn fir seng finanziell Problemer, wollt de Caramba-Direkter näischt soen. Viru Joeren huet Caramba sàrl vum Raymond Massard Faillite gemaach. Haut lafe seng Aktivitéiten iwwer d'asbl Images animées. 

Reaktioun vum CDAC

De CDAC huet mat engem Communiqué reagéiert : Verschidden Zesummenhäng wieren net präzis oder se wiere falsch duergestallt ginn. D'Membere vum Reseau vun de regionale Kinoe dementéieren awer net, datt den Utopia Grupp d'Programmatioun fir de CDAC gemaach huet an och dofir bezuelt gouf. Allerdéngs hätt de CDAC och nach aner Ausgaben, deemno géifen d'Sue vum Kulturministère net all un Utopia fléissen, esou de Message.

De Caramba-Direkter Raymond Massard hat hei op der Antenn gesot, hie wier benodeelegt ginn.Hien huet dem Joy Hoffmann, Utopia-Referenzaktionär  a fréiere Responsabele vum Filmdepartement am CNA, en Interessekonflikt virgeheit: dat ronderëm déi staatlech Konventioune fir déi regional Kinoen.

De CDAC reprochéiert dem radio 100,7, sech vum Raymond Massard instrumentaliséiere gelooss ze hunn: eng Kritik, déi de radio 100,7 zeréckweist. Dem Raymond Massard geheien d'Membere vum CDAC vir, fir seng Mësserfolleger ëmmer aneren d'Schold ze ginn. En Interview wollten déi Responsabel vum CDAC bis elo net ginn.