Radioen

On air

Notturno  |  Torpid - Belaxt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gratis Pub fir déi Grouss

Wirtschaft

Gratis Pub fir déi Grouss

Eng grouss franséisch Chaîne mécht an zwee Joer am Centre Hamilius an der Stad Lëtzebuerg e Geschäft op. Wéi gewinnt, bei esou grousse Geschäftschaînen, gouf dat gëschter an de Medie grouss annoncéiert. E Kommentar vum François Aulner

auto_stories

3 min

Wann e Konzern zu Lëtzebuerg e Geschäft opmécht, entsprécht d’Couverture, déi dat an de Medie kritt, quasi hirem Ëmsaz. Et héiert ee jo kaum an de Noriichten, wann een neie Bäcker oder e neie Café an der Stad opmécht. Woubäi grad dës Betriber generell, proportionell am meeschte Leit astellen an am meeschte Steiere bezuelen.

Schued ass fir d’Awunner dann awer och d’Uniformisatioun vun de Stied, déi duerch dës Konzentratioun vu Chaînen entsteet. Ëmmer méi déi selwecht Enseignë, Marken, ëmmer manner kleng oder lokal Geschäfter, ëmmer manner originell Produiten...

Datt privat Senderen a Gratis-Zeitungen Annoncë wéi déi vu gëschter op hir “une” schreiwen kann een op d’mannst novollzéien. Dës grouss Konzerner si jo och grouss Publicitairen. Mee aner Medien, dorënner ëffentlech-rechtlecher, sprangen och mat op den Zuch, ouni datt se dovunner profitéieren, aus der simplistescher Iwwerleeung: "dat interesséiert jo d’Leit." Ob dat iwwerhaapt stëmmt, kënnt Dir jo beuerteelen.

level playing field tëscht klengen a grousse Betriber

Grouss Chaînen hunn duerch dës Gratis Pub alt rëm ee “bal natierlechen” komparative Virdeel méi géigeniwwer hire klenge Konkurrenten. Nieft der Pub déi grouss Chaînë geschenkt kréien, kënne se nämlech och économie d’échelleë maachen, déi fir kleng Betriber onméiglech sinn, wéi beispillsweis den Zougrëff op intragrupp Intermediairen oder eng komplex international Steier-Optimiséierung.

D’Leit, d’Konsumenten, kënnen duerch hiert Verhalen, sou wäit se sech et och leeschte kennen, e bësse géint dee Konzentratiouns-Trend wierken. D’Medie kéinten dat och encouragéieren. An d’politesch Decideure kéinte méi an eng aner Richtung wierken, wéi se dat am Moment maachen. Wa kleng Betriber, wéinst hirer Gréisst, keng esou économie d’échelleë kënne maachen, da misste se d’Moyene kréie, fir dat kennen ze maachen, oder déi grouss misste Limitten imposéiert kréien. E sougenannte level playing field tëscht klengen a grousse Betriber...

Als Chute en Zitat vum fréieren US-President Franklin Roosevelt: "d’Fräiheet an d’Demokratie sinn a Gefor wann d’Leit d’Konzentratioun vu privatem economesche Pouvoir toleréieren, op ee Punkt, datt et méi staark wéi den demokratesche Staat gëtt. Well dat ass an Essenz Faschismus."