Radioen

On air

Notturno  |  Cameron Knowler & Eli Winter - For A Chisos Bluebonnet

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grënn fir Retard bei gemeinsamen europäesche Loftraum

Aviatioun

Grënn fir Retard bei gemeinsamen europäesche Loftraum

auto_stories

2 min

Di ugestrieften Harmoniséierung vum Fluchverkéier am Länner-Block, an deem Lëtzebuerg Member ass, huet Verspéidung kritt well di eenzel national Fluchnavigatiouns-Déngschtleeschter no ënnerschiddleche Systemer organiséiert sinn, déi net vun haut op muer kënnen ugepasst ginn. Dat sot eis op Nofro den Direkter vun der “Administration de la navigation aérienne” John Santurbano. D’EU-Kommissioun huet d’Memberstate Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich, Belsch an Holland d’lescht Woch verwarnt. Enn 2012 scho sollten se de Fluchtrafik an hirem gemeinsame Raum harmoniséiert hunn.

Am 100,7-Interview erkläert de John Santurbano, datt di verschidde Loun- a Pensiouns-Strukture vun de nationale Navigatiouns-Déngschtleeschter ugeglach musse ginn. Des weidere misste Compensatiouns-Mechanismen ausgehandelt ginn fir déi Déngschtleeschter, déi wéinst der Reorganisatioun vum Fluchverkéier Iwwerfluchs-Taxe verléieren. Lëtzebuerg ass an deenen Diskussioun’e net “Zünglein an der Waage”, sou den ANA-Direkter.

De Bäitrag vum Michel Delage: