Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Léisung fir sozial Problemer?

Grondakommes

Eng Léisung fir sozial Problemer?

D’Schwäizer Bevëlkerung huet sech géint e bedéngungsloost Grondakommes entscheet. Datt de Staat all senge Bierger e gesetzlech festgeluechte Betrag all Mount ausbezuelt, kléngt an der Theorie no enger interessanter Iddi. Mee déi praktesch Ëmsetzung bréngt Risike mat sech. Firwat net als éischt probéieren, den aktuelle System ze verbesseren?

auto_stories

4 min

Matthias Kirsch.

Zënter der Mëtt vum 20. Joerhonnert ass d’bedéngungsloost Grondakommes an der Diskussioun. D’Mesure konnt just nach ni duerchgesat ginn. Mam Schwäizer Referendum ass erëm eng Initiativ gescheitert - op d'mannst, wat d’Resultat an de Wahlbüroen ugeet. D’Organisateure vun der Volleksinitiativ schwätzen trotzdem vun engem Erfolleg: D’Schwäiz géif e wichtege Bäitrag dozou droen, datt déi international Debatt iwwer d’Grondakommes erëm Schwong kritt.

Just, déi Debatt leeft zënter Joren. An Holland beschäftege sech ganz Uni-Fakultéite mam Problem, a Finnland wëll d’Regierung e Pilotprojet starten, an och zu Lëtzebuerg gëtt et zënter 2010 eng Initiativ, déi sech fir e Grondakommes staark mécht.

Einfach Theorie, komplizéiert Praxis

Hei erkennt ee schonn ee vun de Problemer vum Grondakommes - et ass extrem theoretesch. Um Pabeier gesäit d’Mesure ganz gutt aus: All Mënsch kritt déi selwecht Sue vum Staat, Bedürfnisser wei Alimentatioun a Logement si geséchert, vill Leit liewen net méi an Aarmut. Och fir de Staat gëtt et Positives: Zum Beispill fale sozial Déngschtleeschtungen ewech, an domat och e groussen Deel Pabeierkrich.

Op der anerer Säit behaapten d’Géigner vum Grondakommes, esou eng Mesure géif de Léit d’Motivatioun huelen, iwwerhaapt schaffen ze goen. Mee firwat sollt dat geschéien? Bestëmmt ginn et Leit, déi sech géifen hänke loossen. Mee dat sinn déi selwecht Leit, déi sech och an eisem aktuelle System hänke loossen, an domat dacks net just sech selwer bestrofen.

Wou kommen d'Suen hier?

Mee et ginn och an eisem System Leit, déi vun Ufank un net déi beschte Viraussetzungen haten, déi opgrond vun hirem sozialen Ëmfeld net déi selwecht Chancen hate wéi anerer - an hätten se déi selwecht Chance gehat, géif hiert Liewe vläicht ganz anescht ausgesinn. Genee déi Chance kann e Grondakommes liwweren, souzesoen e faire Startschoss. Eng liberal Utopie, déi maximal individuell Fräiheet, oder?

D’Problemer vum Finanzement vun engem Grondakommes - d’Haaptargument vun de Géigner - sinn natierlech geneesou reell. E Staat géif als éischt mol d’Steieren eropsetzen, fir dës Mesure och nëmmen am Usaz kënnen ze finanzéieren. An, wéi ee weess, verléiere vun engem bestëmmte Steiersaz un d’Mënschen och hir Loscht ze schaffen, nämlech un deem Punkt, wou d’Fräizäit op eemol méi wäert ass, wéi d’Aarbechtszäit. Beim Finanzement vum Grondakommes läit de grousse Problem: Dësen utopeschen neie Sozialstaat scheitert u genee deem, wat e wëll änneren.

An och eng nei international Debatt, e Referendum an der Schwäiz an e Pilotprojet a Finnland änneren näischt un dësem Fait. Amplaz muss een iwwerleeën, wéi een den aktuelle Sozialstaat - un éischter Plaz d’Pensiounskeesen, de Mindestloun an de Chômage - kann optiméieren.