Brexit Groussbritannien waart net op d'EU

All Woch diskutéiert d'britesch Regierung mat grousse Betriber, sou de Roland Junck. Groussbritannien waart net op en Accord mat der EU, fir de Brexit virzebereeden, seet den neie Chef vu British Steel.

François Aulner

Roland Junck, British Steel
De Roland Junck

De Brexit ass aus der Siicht vun der britescher Industrie kuerzfristeg positiv, well d'Pond gefall ass an d'Indsutrie d'Chance kritt, méi kompetitiv ze ginn. Allgemeng schued de Brexit awer mat der Ongewëssheet der britescher Ekonomie.

Am britesche Konstruktiounssecteur gesäit ee schonn éischt Schwächten, esou de Roland Junck. De fréiere Chef vun Arcelor Mittal seet awer och, datt Groussbritannien net géing waarden, bis en Accord mat der EU steet.

D'britesch Regierung hätt all Woch Diskussioune mat Betriber, dorënner British Steel. Donieft géing de Minister fir d'Ré-Industrialiséierung (northern powerhouse) an de Commonwealth, wéi Beispillsweis a Kanada an an Indien reesen, fir nei Relatiounen ze verhandelen.

Wire Solutions, Biissen

Allgemeng wier et wichteg ze kucken, ob eng Aktivitéit bei den Aktionär passt, sou de Roland Junck op d'Fro, ob Greybull Capital (d'Mammenhaus vu British Steel) a Fro kéim, fir Wire Solutions zu Biissen vun Arcelor-Mittal z'iwwerhuelen. Fir British Steel kéint dat virun allem de Fall si fir Rodange. Awer och fir Biissen, sou den neie Chef vu British Steel.

Dem Roland Junck no wier et un Arcelor-Mittal eng Demarche ze maachen. Hien huet betount, datt seng Ausso um radio 100,7 keng ëffentlech Offer ass.

De Standuert Lëtzebuerg

D'Aktivitéiten am Lëtzebuerger Stolsecteur kënnen dem Roland Junck no mat deenen néidegen Investissementer erhale ginn. Et géing et manner ëm d'Quantitéit goen, mee méi ëm d'Spezialiséierung vun de Produiten. Et wier méi interessant, Produiten ze produzéieren, déi gefrot sinn, wéi 10 Milliounen Tonne Stol, déi kee wëll.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Pabeier Schëffercher mat europaëschem a britesche Fändel Dossier
Austrëtt vu Groussbritannien

Artikele ronderëm den Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU.

Arcelor Terrain.JPG
ArcelorMittal

ArcelorMittal verhandelt mat der Regierung iwwert en Transfert vu sengem Sëtz op de Kierchbierg. An der Diskussioun ass een Héichhaus nieft dem Konferenzzenter, op engem Terrain vum Fonds du Kirchberg.

De Michel Wurth huet ze verstoe ginn, datt ArcelorMittal Enn vum Joer decidéiert d’Stolwierk zu Schëffleng zouzemaachen. Zu Rodange wéilt de Stolkonzern wa méiglech iwwer 2014 eraus produzéieren, an zu Déifferdeng a Belval soll investéiert ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen