Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Reyna Tropical - Cartagena

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “Geleeënheet fir Ëmweltpolice auszebauen”

AdBlue-Fuite

“Geleeënheet fir Ëmweltpolice auszebauen”

Bis Februar léichen déi meeschten Analysen no der Fuite vum Additiv AdBlue op der Aire de Berchem vir, sot de Staatssekretär am Ëmweltministère. D’Biergerinitiativ, déi d’Entwécklungen am A behält, hat en Donneschdeg eng Entrevue mam Camille Gira. D’Gespréich wier konstruktiv gewiescht, sou den Aktivist Guy Conrady, deen an där Situatioun och eng Chance gesäit.

auto_stories

3 min

Guy Conrady

Uganks Juli waren op der Shell Tankstell op der Aire de Berchem grouss Quantitéite vun der Harnstoffléisung AdBlue ausgelaf. Déi gëfteg Substanz war an d’Uelzecht geroden, Fësch gounge futti. “Zënter der Havarie leeft iwwerhaapt keen Iwwerflächewaasser méi an d’Baach, weder polluéiert nach onpolluéiert”, sot de Camille Gira gëschter no enger Reunioun mat der “Biergerinitiativ fir eng sënnvoll Entwécklung vum Réiserbann“.

Eigentlech sollten d’Resultater vun ausféierlechen Analyse schonn am Oktober virgeluecht ginn. “Mir ginn dovunner aus, datt de Gros vun deenen Analysen am Februar virläit”, sou de grénge Staatssekretär am Ëmweltministère. Bis de Kontroll-Rapport virläit däerf den Tankstellebedreiwer Shell keen AdBlue méi iwwert d’Zapsail verkafen.

Keng Plainte géint Shell

Den Ament vun der Fuite war Shell net konform zu de Sécherheetsreegelen, déi 2015 an engem Arrêté festgehale gi sinn. Deemools hat se den Accident och vill ze spéit beim Ministère gemellt. “Et ass kloer, datt plazeweis - mengen ech - Shell déi Obligatiounen an Zesummenhang mat AdBlue net honnertprozenteg ëmgesat huet”, sou de Staatssekretär.

Shell muss finanziell fir de Schued opkommen. Eng Plainte géif een trotz allem net an d’A faassen. Dat géif een nëmme maachen, “wa mir d’Gefill hunn, et gëtt net mat oppene Kaarte gespillt, hei ginn Informatioune zeréck gehalen”. Dat wier hei net de Fall, sou de Camille Gira. Shell wier “ganz kooperativ”.

"Do läit nach e ganz décken Hond dran”

“Keen ass am Bild, wéi vill do eraus gelaf ass”, dat heescht an de Buedem an an d’Kanalisatioun, sou de Guy Conrady vun der Réiser Biergerinitiativ am Gespréich mam Maxi Pesch. Et geet ee vu 54.000 Liter AdBlue aus, et kéint awer duerchaus méi sinn. Den Ëmweltaktivist, deen och scho fir déi Gréng am Gemengerot souz, huet op d’Gremium verwisen, dat eigentlech sollt kontrolléieren. Dat stéing am Konzessiounsvertrag vum Tankstellebedreiwer. “Ech géif mengen, do läit nach e ganz décken Hond dran”.

“Kee wousst, datt deen AdBlue sou problematesch ka sinn”, seet de Guy Conrady a Bezuch op d’Entrevue mam Staatssekretär. Op jidder Fall wéilt de Ministère vun der Havarie profitéieren, “fir méi grondleeënd Problemer, déi iwwer Joren do opgetaucht sinn an de Grëff ze huelen”, sot de Camille Gira. Och fir de Guy Conrady bitt sech hei eng Chance. De Ministère wéilt d’Personal opstocken, ënnert anerem bei der Ëmweltpolice. Dat wier ee “ganz wichtegt Element”, well och bei de rechtleche Schrëtter géifen et Mänktem ginn.

Bäitrag vum Maxi Pesch iwwert dem Staatssekretär Gira seng Erklärungen:

Giraplay_arrow