Radioen

On air

Notturno  |  Angel Olsen - Heart Shaped Face

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 24 Stonne fir dee beschte Code

Hackathon

24 Stonne fir dee beschte Code

Beim "Game of Code" um Campus Geesseknäppchen trieden tëscht dem 8. an 10. Abrëll 30 Equipen aus ganz Europa un. D'Sponsoren erwaarde sech vum Hackathon, datt se nei Talenter entdecken. D'Aufgabe kommen aus zwee Beräicher: Open Data an artificiell Intelligenz.

auto_stories

5 min

Hacken ass manner komplizéiert wéi et ausgesäit, fannen d'Daria, den Henri an d'Linnea.

Zil vum "Game of Code" wier et, Kontakter mat IT-Spezialisten hierzestellen, esou ee vun den Organisateure vum Event. Dem Kamel Amroune vum Farvest Group no géif et zu Lëtzebuerg an an der EU net genuch Entwéckler a Web-Designer ginn. Game of Code kéint dofir och als Plattform benotzt ginn. Wien mat mécht kéint hei beweisen, wat e kéint a vläit och en Job ugebuede kréien.

Bis e Sonnden nach mat wäerten eng 130 Persounen aus ganz Europa um Geesseknäppchen géinteneen untrieden. D'Organisateuren hate sech méi Leit erwaart. "Et stellt sech eraus, datt 130 Entwéckler fir een Hackathon awer schonn enorm ass", sou den Kamel Amroune. ​Hackathons hunn dacks e spezifesche Sujet. An dësem Fall ginn zwou Aufgabe vun zwee verschidde Sponsoren gestallt.

Transportdaten nëtzlech maachen

"Open Data Portal" (eng Initiativ vun Digital Lëtzebuerg) stellt d’Date vu Mobilitéit.lu zur Verfügung, Informatiounen also iwwert den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg. Den Hackathon wier eng gutt Plattform fir ze kucken, wat d’Entwéckler kënne mat dësen Daten ufänken, déi bis ewell net fräi disponibel waren. "Et geet drëm, fir nei Weeër an nei Methoden ze fannen, wéi ee kann ëffentlech Date verwenden. Dat heescht, nei Applikatiounen entwéckelen, mat deenen d'Leit sech vläit besser kënnen informéieren, wéi se kënnen de Bus oder den Zuch benotzen, oder wéi se vläit e Stau kënne vermeiden", erkläert de Patrick Weber vum Open Data Portal.

Déi aner Aufgab stellt déi ungaresch Online-Entreprise Docler Holding, déi zënter 2013 hire Sëtz zu Lëtzebuerg huet. D’Firma ass virun allem duerch Streaming vun net jugendfräiem Contenu bekannt ginn. Als Sponsor vum Hackathon proposéiert Docler den Entwéckler eng Aufgab am Beräich vun der ‘’Artificieller Intelligenz’’. Dat wat op der anerer Säit vum Ecran geschitt, wier ee Phantasma vu villen Entwéckler, seet de Francis Bourre vun Docler Holding. Déi virtuell Realitéit an déi kënschtlech Intelligenz wieren elo déi grouss Sujeten.

An wat huet d’Entreprise Docler Holding selwer vun dësem Evenement? Et ginn hei keng Applikatiounen entwéckelt, déi mir kéinte weider verwäerten, seet de Francis Bourre. Mee duerch een Hackathon kéint een talentéiert Entwéckler förderen an se eventuell spéider rekrutéieren.

Déi ronn 30 Equipe vun all kéiers dräi bis véier Leit hunn zwee Deeg fir hire Code oder Programm z'entwéckelen, ier se vun engem Jury bewert ginn. An do ginn et dräi Haaptcritèren, erkläert den Entrepreneur a Member vum Jury Xavier Buck: "Dat sinn d'Kreativitéit, d'Innovatioun an d'Exekutioun, dat heescht, wat hu se a 24 Stonne fäerdeg bruecht?"

Déi jéngst Equipe

Fir d’Talenter am IT-Beräich ze förderen huet den Informatiker, Jury-Member an 100,7-Mataarbechter Steve Clement eng Equipe vun dräi jonken Nowuessprogramméirer begleet. Daria, d’Linnea an den Henri hunn zwielef Joer a versécheren, datt Programméieren net sou schwéier ass, wéi et ausgesäit. "Dat hei gesäit vläit komplizéiert aus, mee dat meescht musse mir och nosichen. Verschidden Elementer vum Code fënnt ee souguer um Internet", seet d'Daria. "Deen aneren Deel schreiwe mir selwer", ergänzt den Henri.

D’Grondiddi wier et, bei deene Jonken de Virwëtz z'erwächen, seet de Steve Clement. Et wier spannend mat hinnen zesummen ze schaffen. Si hätten eng ganz aner Manéier un eng Aufgab erun ze goe wéi Erwuessener: "Bei hinnen ass alles eng Entdeckungsrees. Wann eppes net funktionéiert, da probéiere si et eben anescht." An der Equip zesumme schaffen, wier fir déi Jonk awer kloer een Challenge.

D’Daria, d’Linnea an den Henri erwaarde sech hirersäits vun dësem Weekend virun allem eppes: Spaass.