Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hëllef fir Kanner mat Léierschwieregkeeten

Enseignement

Hëllef fir Kanner mat Léierschwieregkeeten

12 bis 15 Prozent vun der Populatioun hei am Land leiden un enger “Dys”. Dat heescht si hu Léierschwieregkeeten. Betraffe Kanner sinn net manner intelligent. An der Schoul komme se just net esou gutt no. Eng 1.200 Schüler, dorënner déi mat enger “Dys”, kréien a spezialiséierten Institutiounen déi néideg Ënnerstëtzung.

auto_stories

5 min

Foto: lovleah / bigstock

Kanner mat spezifeschen edukative Besoine ginn a enger spezialiséierter Struktur vun der EDIFF, der “éducation différenciée”, schoulesch betreit. Iwwert d’Halschent vun de betraffene Kanner a Jugendlechen ass an der Grondschoul respektiv am Secondaire integréiert, déi aner sinn a Fërderschoulen.

Vu “Kanner mat spezifesche Besoine” schwätze wier gutt gemengt. Domat ginn d’Diskriminatiounen opgehuewen, mengt d’EDIFF-Direktesch Marianne Vouel. Fir d’Spezialiste wieren et Kanner mat enger Behënnerung.

D’Kanner solle méi autonom ginn

D’Zil vun der “éducation différenciée” ass et, de Kanner ze hëllefen autonom ze ginn. Fir all Jonken heescht dat eppes anescht. Eng Minoritéit léiert liesen a schreiwen, aner Kanner kréie méi Praktesches fir d’Liewe mat op de Wee. “Dat heescht, datt een och léiert de Bus ze huelen, sech eppes z’iesse maachen, a sou weider”, erkläert d’Marianne Vouel.

Hei am Land si manner wéi ee Prozent vun de Kanner an enger spezialiséierter Struktur, déi aner léieren am normale Schoulsystem. An Däitschland läit deen Taux tëschent véier a sechs Prozent. An de Nopeschlänner wier d’”Sondespädagogik” anescht opgestallt, seet de Pierre Backes, Sous-Direkter vun der EDIFF.

D’Programmer ginn dem Kand ugepasst

Zu Lëtzebuerg géif d’Kand net alleng mat sengem Problem gekuckt ginn. Och dat familiärt a schoulescht Ëmfeld géif a betruecht gezu ginn. “Dofir ass et och schwéier, Vergläicher ze zéien tëschent deene verschiddene Länner. Iwwerall sinn d’Systemer an d’Kulturen anescht sinn”, sou de Pierre Backes.

D’Spezialiste vun der EDIFF passen d‘Schoulprogrammer de Fakultéite vum Kand a sengem Léierrhythmus un. All Joer gëtt mat den Elteren e Plang opgestallt. Um Enn decidéieren d’Elteren, ob hiert Kand an eng spezialiséiert Struktur soll goen oder an de normale Schoulbetrib.

Déi zoustänneg Kommissioun wier ganz streng, dofir wiere sou wéineg Schüler an der éducation différenciée, seet d’Marianne Vouel. “De Wee zréck gëtt et, mä en ass net d’Reegel.”

D’Grenze vun der Inclusioun

Zu Lëtzebuerg ass d’EDIFF op aacht regional Zentren opgedeelt. Betreit ginn hei Schüler mat Léierschwieregkeeten, geeschteg behënnert Kanner an anerer, déi eng Verhalensstéierung hunn. Et gëtt nach aner Strukturen, beispillsweis de “Centre de Logopédie” oder nach den Institut fir autistesch a psychotesch Kanner.

Behënnert Kanner an de normale Schoulsystem integréieren huet och Grenzen. “Kanner mat kierperlechen, motoreschen a globale Behënnerunge musse spezifesch betreit ginn. An der Reegelschoul ass dat nëmme ganz schwéier ëmzesetzen”, ënnersträicht de Germain Back, Chargé de Direction am Institut pour infirmes moteurs cérébraux (IMC).

Wou kréien Eltere gehollef?

Eltere spiere wann hiert Kand wéi huet, wann et d’Gedanken an d’Erliefnesser net fräi ka matdeelen. Wat huet eist Kand iwwerhaapt?, froe sech dann déi besuergte Mammen a Pappen. Wou kréie mer gehollef?

D’asbl. Dysphasie beschäftegt sech mat Stéierungen an der Sproochentwécklung. Hire President Mario Huberty erklärt, datt Kanner mat enger “Dys” an der Schoul net mat komme wa se net richteg betreit a gefërdert ginn. An de leschte Jore wier vill zu Lëtzebuerg passéiert, d’Spezialiste géife sech vill asetzen.

Fir Zéngjäereger wier et awer net ideal, mat enger “Dys” all Weekend mam Bus op Virton, op Eupen oder op Sankt-Vith ze fueren, wou se déi ganz Woch iwwer am Internat liewen, mengt de Mario Huberty. “Déi Kanner kënnen d’Fräizäitaktivitéite vun hire Kollegen heiheem net matmaachen. De Weekend bleiwen se gäre bei hiren Elteren a Geschwëster. Dee Lien verléieren se och.”

Léierschwieregkeete sinn och no der Schoul eng Behënnerung

Et soll verhënnert ginn, datt Kanner mat enger Dysphasie an der Schoul versoen. D’Léierschwieregkeet soll fréi erkannt ginn – an der Crèche oder am Precoce. Duerno mussen d’Kanner eng adaptéiert Betreiung an der Schoul kréien.

Déi eng hu Problemer beim Rechnen, déi aner mat der Sprooch. D’Problemer verschwannen net wann déi Jonk mat der Schoul fäerdeg sinn. Kandidate fir eng Aarbechtsplaz sinn dacks bei Astellungsgespréicher benodeelegt, erklärt de Mario Huberty. “Wann deen net déi konkret Froe gestallt kritt, äntwert e net esou konkret, wéi de Patron dat wëll”.

Eng “Dys” wier ierflech a géif ni ewech goen, seet de Mario Huberty, dee selwer eng Dysphasie huet, grad ewéi seng zwee Kanner. Hien ënnersträicht, datt déi Kanner net manner intelligent sinn wéi Jonker ouni “Dys”. Wéinst hire Stéierunge komme si an der Schoul net no.