Truvada gëtt haut scho bei der Therapie vun HIV verschriwwen a rembourséiert, och zu Lëtzebuerg. Mee d'Medikament kann een och an der Präventioun asetzen: De Risiko vun enger HIV-Infektioun kéint duerch Truvada – wëssenschaftlechen Etuden no – ëm bis zu 86 Prozent reduzéiert ginn. A Kanada, den USA, Australien a Frankräich gëtt d'Medikament agesat, fir datt Leit mat enger héijer Infektiounsgefor sech kënne schützen, zum Beispill homosexuell Männer.
Eng weider wichteg Etapp an d'Richtung vun engem méi breeden Asaz vum Medikament als Präventioun ass elo op europäeschem Niveau geholl ginn: D'Agence européenne du médicament huet dem Medikament d'Indikatioun zougeschriwwen, datt et präventiv kann agesat ginn. "Dat ass een neien Ament", seet d'Dokter Elisabeth Heisbourg vun der Direction de la santé.
Nach vill Froen ze klären
Zu Lëtzebuerg gëtt elo doriwwer beroden, ob Truvada an Zukunft och als präventiivt Medikament rembourséiert gëtt. De Gesondheetsministère ass dofir am Gespréich mam Ministère vun der Securité Sociale grad wéi mat der Gesondheetskeess. Ee méigleche Finanzement ass nämlech mat enger ganzer Rei Facteure verbonnen.
"Wien ka verschriwwen? Wie kläert, wie vun der Preventioun ka profitéieren? Wien kläert wéi laang esou eng Preventioun kann agesat ginn?", dat sinn der Dokter Heisbourg no Froen déi sech de Moment gestallt ginn. "Sou eppes gëtt net iwwer de Knéi gebrach, mir sinn do am Ufank vun der Diskussioun".
Aus dem neie Rapport d'activité vum Comité de Surveillance du Sida geet ervir, datt 2015 94 nei Infektioune mam HIV-Virus hei am Land festgestallt goufen. Dat ass déi zweethéchsten Zuel bannent de leschte bal 30 Joer.