Radioen

On air

Notturno  |  Ben Wendel - January

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hoffen op méi sécher Stroossen

Radaren

Hoffen op méi sécher Stroossen

Vu Februar 2016 un ginn zwanzeg fix a sechs mobil Radaren op de Lëtzebuerger Stroossen opgestallt. Erklärtent Zil: Liewe retten.

auto_stories

3 min

(©Bigstock)

Fir den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister ass d'Saach kloer: Radare rette Mënscheliewen. Och wa se op enger fester Plaz stinn an ugekënnegt ginn. “De Punkt ass, datt déi zwanzeg fix Radaren op Plaz gestallt ginn, wou mer wëssen datt et Plaze sinn déi besonnesch geféierlech sinn a wou scho vill Leit hiert Liewe gelooss hunn”, sou de François Bausch. De beschte Radar wier deen, deen ni blëtzt.

D’Zuele vun der Sécurité routière weisen, datt d’läscht Joer 48 Prozent vun den déidlechen Accidenter op ze héich Vitesse zréckzeféiere waren. D’Direktesch Isabelle Medinger seet, am d’Ausland wier scho bewise gi wéi wichteg d’Radare fir d’Sécherheet op de Stroosse wieren. A Frankräich zum Beispill ass d’Zuel vun de Verkéiersdoudege vun 8.000 am Joer 2002 op 3.400 erof gaang.

Tester um Secteursradar

Den éischte Radar wäert – wéi et heescht "symbolesch" – op d’N11 kommen. Déi Streck also, tëschent Gonnereng an dem Waldhaff, op där et an de leschte Méint zu engem besonnesch schwéieren Accident mat dräi Doudege koum.

Getest ginn de Moment och déi sougenannte Secteursradaren, bei deenen déi duerchschnëttlech Vitesse op enger ganzer Deelstreck gemooss gëtt, souwéi e Radarsystem bei roude Luuchten. 2017 soll e Pilotprojet fir e Secteursradar lancéiert ginn, sou den Transportminister François Bausch.

Just de Chauffer ass op der Foto ze gesinn

Zoustänneg fir d’Fotoen  auszewäerten ass eng nei Unitéit vun der Police, déi ënnert der Opsiicht vum Procureur d’État steet. Fir den automatiséiere Kontrollsystem ze geréieren, kritt d’Police 17 Mataarbechter bäi. De Parquet kritt iwwerdeems véier an d’Ponts et Chaussées zwee Poste bäi.

D’Gesetz iwwert d’Radare gesäit ënner anerem vir, datt de Proprietaire vum Gefier, dat geblëtzt gouf, finanziell responsabel ass. Hien kritt de Protokoll heemgeschéckt. Et ass an enger zweeter Phas un him ze mellen, wann hien net hannert dem Steier souz. An deem Fall gëtt op de Fotoe gepréift ob dat esou war. Op der Foto selwer gesäit ee just de Chauffer an d’Plackennummer. Déi eventuell Bäifuerer sinn net ze gesinn. Beim Motorrad gëtt just d’Plack geknipst.