Radioen

On air

De Moien  |  Matthew Wilder - Break My Stride

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Huet Lëtzebuerg sech vum Qatar iwwert den Dësch zéie gelooss?

Konkurrenz am Cargoberäich

Huet Lëtzebuerg sech vum Qatar iwwert den Dësch zéie gelooss?

Wéi Qatar Airways am Joer 2011 Co-Aktionär vun der Cargolux gouf ass net doriwwer geschwat ginn, haut eréischt fänke mer un den Impakt ze verstoen: déi illimitéiert Fluchrechter vu katareschen Airlines via Lëtzebuerg. "Mir sinn en 'Open-Skies-Fluchhafen'", seet den Infrastrukturminister François Bausch. Mee hie seet net, datt Lëtzebuerg just mam Qatar esou e wäitreechenden Accord ofgeschloss huet.

auto_stories

5 min

© John Fleck / Cargolux

Zënter Woche schonn ass d'Cargolux nervös: Qatar Airways flitt de Findel neierdéngs 13 mol d'Woch un, am Juni waren et just fënnef Volen. De Management an d'Gewerkschafte maache sech Suergen iwwert eng ëmmer méi grouss Konkurrenz. Den OGBL-Gewerkschaftssekretär Hubert Hollerich huet sech viru knapp dräi Wochen hei op der Antenn un e Saz erënnert, deen de CEO vu Qatar Airways, den Akbar al Baker soll gesot hu, wéi Qatar Airways d'Aktionariat vun der Cargolux am Sträit verlooss huet: "An ech wäert Iech awer futti maachen!"

Chef vum Cargo-Beräich bei Qatar Airways ass haut den Ulrich Ogiermann. Wëll de fréiere Cargolux-Generaldirekter déi Lëtzebuerger Cargo-Airline futti maachen? "Nee, mir hunn net déi néideg Zäit fir eis mat engem eenzege Konkurrent auserneen ze setzen", äntwert den Ulrich Ogiermann.

Ka Qatar Airways der Cargolux um Findel schueden?

Déi 13 Flich, déi Qatar Airways den Ament pro Woch via Lëtzebuerg flitt, sinn haaptsächlech Volen, déi vu Léck op de Findel verlagert goufen, seet den Ulrich Ogiermann. Dat seet och den Infrastrukturminister François Bausch an et gëtt am Secteur confirméiert.

Kuerzfristeg wäert d'Cargolux keen däitlechen Impakt spieren, seet de Robert Van de Weg, fréiere Member vun der Cargolux-Generaldirektioun. Wa Qatar Airways Flich op Lëtzebuerg verlagert, hätt dat e positiven Effet op de Standuert. Mëttel- a laangfristeg wier et awer vläicht anescht. "Wann d’Fluchrechter tëscht dem Qatar a Lëtzebuerg méi liberal sinn wéi déi tëscht dem Qatar an der Belsch, dann huet d'Verlagerung vu Léck op Lëtzebuerg Potential der Cargolux ze schueden", esou de Robert Van de Weg. Qatar Airways kéint dann nämlech Saache via Lëtzebuerg maachen, déi d'Airline soss net kéint maachen.

Den Ulrich Ogiermann seet, déi méi mëttel- a laangfristeg Entwécklung vu Qatar Airways zu Lëtzebuerg géing vun der Entwécklung vum Fluchhafen ofhänken.

Open Sky

De Cargo-Chef vu Qatar Airways geet net op d'Fluchrechter an, mee déi spillen eng zentral Roll. "Mir sinn en Open Sky an Europa, a Lëtzebuerg ass een oppene Fluchhafen", sot de Minister François Bausch am Mee um radio 100,7. Kann also all Airline aus egal wéi engem Land illimitéiert Tëschestoppen zu Lëtzebuerg maachen? D'Äntwert ass Nee.

Eischtens muss ee wëssen, datt d'Fluchrechter tëscht Staaten an net tëscht Airlines ausgehandelt ginn. Zweetens hunn europäesch an US- Airlines um Findel illimitéiert Landerechter wéinst engem EU-USA-Accord, seet de Robert Van de Weg, deen haut fir déi russesch Air Bridge Cargo schafft. Mä tëscht Lëtzebuerg an Drëttstaate wieren esou Kontrakter éischter limitéiert.

Diplomateschen Incident

De Qatar huet déi illimitéiert Fluchrechter zu Lëtzebuerg am Joer 2011 ausgehandelt, wéi Qatar Airways en Drëttel vun de Partë vun der Cargolux iwwerholl huet. De Robert Van de Weg huet deemools nach fir d'Cargolux geschafft: "D'Fluchrechter sti kloer a Relatioun mam Aktionariat vu Qatar Airways bei der Cargolux. Sou wäit ech weess, war dat Deel vum Package." Komesch wier a sengen Aen, datt wéi Qatar d'Cargolux verlooss huet, déi Fluchrechter a Kraaft bliwwe sinn. De Robert Van de Weg mengt, datt et "en diplomateschen Incident" géif ginn, wa Lëtzebuerg se elo a Fro stelle géif. Den eenzege Moment, wéi Lëtzebuerg se hätt kënnen a Fro stellen, wier deen Ament gewiescht, wéi Qatar Airways d'Cargolux verlooss huet.

Deen Zuch ass laanscht. Qatar Airways huet d'Aktionariat vun der Cargolux Enn 2012 nees verlooss, mee déi onlimitéiert Fluchrechter huet de Qatar behalen. Den Infrastrukturminister François Bausch huet am Mee um radio 100,7 zouginn, datt et kéint en "diplomateschen Incident" ginn, wa Lëtzebuerg se dem Qatar géif ewech huelen - och well de Qatar an zwou Lëtzebuerger Banken investéiert huet.

Dat wier awer net den Haaptgrond. Vill méi kéint Lëtzebuerg engem anere Land d'Landerechter net einfach esou ewech huelen: "Dir musst jo och Grënn uginn, dir kënnt och net egal wat maachen." De François Bausch mengt, Qatar Airways géing an esou engem Fall bei der EU-Kommissioun kloen, mam Argument et géing een hinnen d’Fluchrechter ewechhuele fir déi eegen Airline ze schützen.

Protektionismus

De Sujet ass souwisou schonn zu Bréissel ukomm. D'EU-Memberstaaten hunn d'EU-Kommissioun gefrot, e Kader-Accord tëscht EU, Golfstaaten a verschiddenen asiatesche Staaten auszehandele fir d'Fluchrechter ze harmoniséieren. "Mir brauchen eng oppen a fair Konkurrenz", sot d'EU-Kommissioun dem Wall Street Journal. Lëtzebuerg ass bei där Initiative dobäi, steet awer selwer wéinst engem virdeelhaften Accord mam Qatar am Mëttelpunkt.

De Robert Van de Weg seet, d’Situatioun an Europa wier net einfach: "Mir observéiere méi Protektionismus, besonnesch an Däitschland an an Holland. Déi Regierunge protegéieren hir national Airlines an dofir ass et schwiereg, besonnesch fir Airlines aus de Golfstaate, fir zousätzlech Fluchrechter ze kréien."

Mee souguer wann d'EU-Kommissioun e Kader-Accord aushandelt, sinn domat déi al Accorden net automatesch a Fro gestallt. Fluchrechter hunn eng grouss Kontinuitéit.

Frieden a Wiseler

Den Ausgankspunkt ass d'Joer 2011, wéi de Finanzminister Luc Frieden an dono den Infrastrukturminister Claude Wiseler dem Qatar den Zouschlag ginn hu fir Co-Aktionär vun der Cargolux ze ginn. Deemools gouf näischt an der Ëffentlechkeet iwwer d'Fluchrechter gesot, obwuel de Fluchhafen an déi zwou national Airlines majoritär an ëffentlecher Hand sinn.

Haut hunn déi Fluchrechter eng grouss Valeur, weess och de Robert Van de Weg. Eng grouss Valeur grad fir Fluchgesellschaften wéi Qatar Airways, deenen hir Flottë ganz séier wuessen: "Verschiddener kréien zwee bis dräi nei Fligere pro Mount. Och am Cargoberäich wuesse se séier." Ouni Fluchrechter bréngen déi Fligeren dem Robert Van de Weg no net vill. Favorabel Accorden iwwer Fluchrechter kéinte fir Airlines wéi Qatar Airways oder Emirates séier e Wäert vun Dosenden Millioune duerstellen.

An der Cargolux-Affär gouf et am Joer 2012 och eng Diskussioun iwwert de Verkafspräis vun de Cargolux-Parten. Den deemolege Finanzminister hat mam Qatar e Präis vun 117,5 Milliounen US-Dollar ausgehandelt. Datt do Fluchrechter mat am Dëppe waren, déi engem Ex-Cargolux-Manager no haut kéinten Dosende Millioune Wäert sinn, ass en neit Element, wat d'Diskussioun vun deemools nei beliicht.