Institut fir Zäitgeschicht Andreas Fickers als Direkter nominéiert

De Professer fir digital Geschicht op der Uni Lëtzebuerg soll dat neit Institut fir Zäitgeschicht leeden. Hie wëll Geschicht anescht vermëttelen an op déi Lëtzebuerger Geschicht Wäert leeën.

Pia Oppel

Andreas Fickers.jpg
(© Uni Lëtzebuerg)

De Belsche Professer Andreas Fickers soll Direkter vun deem neien Institut fir Zäitgeschicht (IHTP) op der Uni Lëtzebuerg ginn. Seng Nominatioun gouf eestëmmeg vum Conseil de Gouvernance a vum Conseil Universitaire ugeholl. D’Regierung muss d’Nominatioun nach confirméieren.

Dee 45 Joer alen Historiker ass zënter September 2013 Professer fir Zäitgeschicht an digital Geschicht op der Uni Lëtzebuerg. Hie soll den 1. September op sengem neie Posten ufänke fir e Mandat vu fënnef Joer.

Eenzegen interne Kandidat

Déi international Ausschreiwung gouf vun externen Experten begleet. Eisen Informatiounen no waren um Enn nach véier Kandidaten am Rennen, dovunner dräi Historiker aus Däitschland a Frankräich. Zréck behale gouf deemno déi eenzeg intern Kandidatur.

Dass hien de Jury konnt iwwerzeegen, erkläert den Andres Fickers sech doduerch, dass hien an deenen dräi Pilieren vum IHTP Kompetenzen huet: An der digitaler Geschicht, grad wéi an der europäescher a Lëtzebuerger Zäitgeschicht. Him wier et och wichteg, dass d'Institut nei Weeër geet a mat neie Méiglechkeeten experimentéiert fir ze fuerschen a fir Geschicht duerzestellen.

Kenntnisser a Lëtzebuerger Geschicht

Mat Lëtzebuerger Zäitgeschicht hätt hie sech an de leschte Joren iwwer verschidde Projeten beschäftegt: Dorënner d'Geschicht vu Radio Lëtzebuerg, vum Zweete Weltkrich a vun der Nokrichszäit.

Lo wéilt hien mam Recteur a mat der Regierung doriwwer verhandelen, wat déi konkret Gestaltungsméiglechkeete sinn. "Do geet et ëm Mëttel, mee virun allem och ëm eng inhaltlech Visioun. Wann ech der Meenung sinn, dass ech déi och esou realiséiere kann, wéi ech et wëll - och an Ofsprooch mat Kollegen a Kolleginnen bannent der Uni a mat aneren Acteuren - da wäert ech mech op dës Erausfuerderung aloossen."

Den Interview vum Pia Oppel mam Andreas Fickers:

"Fickers erfëllt all Bedéngunge perfekt"

De Recteur vun der Uni, Rainer Klump sot sengersäits am 100,7-Interview, dass mam Andreas Fickers als Direkter vum IHTP kloer wier, dass déi Lëtzebuerger Zäitgeschicht an deem neien Institut eng wichteg Roll wäert spillen.

Den interne Kandidat wier an der Prozedur op keng Manéier bevirdeelegt ginn, hie géif all d'Critèren perfekt erfëllen, betount de Rainer Klump. Als international unerkennten Historiker hätt den Andreas Fickers och déi néideg Kompetenze fir esou ee grousst interdisziplinäert Institut opzebauen.

Den Interview mam Rainer Klump:

Méi zum Thema

klump rainer.JPG Riicht Eraus
Uni Lëtzebuerg

De Recteur Rainer Klump begréisst, datt d'Regierung vill Optreeg un d'Uni Lëtzebuerg erun dréit. Hie wëll, dass seng Institutioun sech méi un de wichtegen Debatten am Land bedeelegt.

Pia Oppel Meenung
Geheimdéngscht-Archiven

D'Regierung wëll een "Institut d'Histoire du Temps Présent" schafen, mee beim Opschaffe vun de Geheimdéngscht-Archive steet se der zäithistorescher Fuerschung am Wee, mengt d'Pia Oppel.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen