Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ IHTP jo, Zäitgeschicht neen?

Geheimdéngscht-Archiven

IHTP jo, Zäitgeschicht neen?

D'Regierung wëll een Institut fir Zäitgeschicht schafen, mee beim Opschaffe vun de Geheimdéngscht-Archive steet se der zäithistorescher Fuerschung am Wee. Dat mengt d'Pia Oppel an der Kulturchronik.

auto_stories

3 min

Pia Oppel

Enn 2012 war bekannt ginn, datt de Geheimdéngscht während dem Kale Krich a wuel och doriwwer eraus politesch Spionage bedriwwen huet. Vun 300.000 Karteikaarten huet de fréiere Geheimdéngschtdirekter Marco Mille am Gespréich mam Jean-Claude Juncker geschwat, dat e selwer mat enger Auer opgeholl hat.

D'Enquêtekommissioun vun der Chamber huet an hirem Rapport déi heite Chiffre genannt: An den alen Archive leie Fichë vun iwwer 4.000 Persounen a vun iwwer 2.000 Associatiounen a Sociétéiten. Vill Dokumenter waren deen Ament schonn zerstéiert ginn, huet de Marco Mille zouginn. Zum Beispill d'Fichë vu spéidere politesche Mandatairen. De radio 100,7 hat deemools d'Existenz vun engem zweete SREL-Archiv opgedeckt, dat als Back-Up bezeechent gouf, mee an deem zousätzlecht Archivmaterial kéint leien.

Archiv ouni historeschen Interessi?

Am Ofschlossrapport vun der Enquetekommissioun vu Juli 2013 heescht et, datt des béid Archive mussen integral opgeschafft ginn. Den Ensembel vun dësen Dokumenter wier ouni Zweifel vun "nationalem historeschen Interessi".

Mä vun där Iddi ass ee mëttlerweil wäit fort: Elo sollen Historiker beoptragt gi fir een Tri ze maache vun deem wat historesch wäertvoll genuch ass fir erhalen ze ginn. Anescht wéi am allgemengen Archivgesetz virgesinn, si bei deem Tri net d'Nationalarchiven Uspriechpartner. Neen, de SREL-Direkter kritt ee Wuert matzeschwätzen. Een Deel vun den Dokumenter soll souguer zeréck un de Geheimdéngscht kënne goen, wa se nach gebraucht ginn. Sou steet et an engem Gesetzprojet, deen de Staatsminister Bettel am Hierscht 2015 an der Chamber deposéiert huet.

Zu dësem Projet läit elo och een Avis vum Staatsrot vir. An dee liest sech, ewéi wann DP, LSAP an déi Gréng, déi mat der Geheimdéngschtenquête den éiwegen CSV-Premier Juncker gestierzt hunn, missten un hir gutt Virsätz vu virum Regierungswiessel erënnert ginn.

Fräiheet vun der Fuerschung

De Staatsrot gesäit eng Rei prinzipiell Problemer. Virop wier d'Fuerschungsfräiheet a Fro gestallt, wa just ee Grupp vun ausgewielten Historiker den Accès zum Archiv kréich, ouni datt hir Fuerschungsresultater spéider vun anere Chercheure kënnen iwwerpréift ginn. Datt den Historiker per Gesetz ee Fuerschungszil virgeschriwwe gëtt, géif géint de Wonsch vun der Enquêtekommissioun goen, sou de Staatsrot.

Da gëtt nach d'Fro opgeheit, firwat d'Historiker net den Accès zum ganze Verwaltungsarchiv vum SREL kréien, fir säi Funktionnement am Zäitraum 1960 bis 2001 wierklech kënnen opzeschaffen. Ëmmerhi géif dat sou och an aneren demokratesche Länner gemaach ginn.

Wat den Avis vum Staatsrot oppe leet ass, datt d'Regierung sech schwéier deet fir an der Suite vun der Geheimdéngschtaffär d'Geschicht vum SREL wierklech am Fong opschaffen ze loossen. Datt versicht gëtt, duerch ee restriktiven Accès zu Archivmaterial d'Fuerschung ze bremsen, ass eng vun den typesche Contrainte mat deenen Zäithistoriker konfrontéiert sinn.

Eidel Verspriechen

Mä wéi kann et sinn, datt just de Staatsrot op dës Problematik hiweist? Wou sinn d'Politiker an Historiker, déi zënter Méint versichen, dem geplangten Institut fir Zäitgeschicht hire Stempel opzedrécken? Wie vu sech behaapt, d'Zäitgeschicht zu Lëtzebuerg wëllen ze stäerken, sollt als éischt an dësem konkreten Dossier Faarf bekennen.

A wou sinn déi äifreg Membere vun der Enquêtekommissioun bliwwen, déi d'Fënstere wollte grouss opmaachen, déi Transparenz versprach hunn, an déi eng gesellschaftlech Debatt iwwer vergaange Mëssstänn am Staatsapparat wollten erméiglechen?