Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Illegale Steieravantage fir Fiat?

EU-Kommissioun

Illegale Steieravantage fir Fiat?

Den italieneschen Automobil-Constructeur Fiat huet zu Lëtzebuerg vun illegaler Staatshëllef profitéiert, well en iwwerdriwwe Steier-Avantagen accordéiert krut. Där Meenung ass d’EU-Kommissioun a fuerdert dowéinst, datt Fiat 20 bis 30 Milliounen Euro Steieren nobezillt. D’Regierung hält déi Decisioun fir falsch, sou datt de Sträit viru Geriicht kéint landen.

auto_stories

3 min

D’EU-Wettbewerbskommissärin Margrethe Vestager

D’EU-Kommissioun hält déi sougenannt Steierrulingen, déi Fiat zu Lëtzebuerg an Starbucks an Holland accordéiert krute, fir problematesch. Déi respektiv Steierverwaltungen hätte komplex Steierkonstrukter guttgeheescht, mat deenen d’Steierlaascht kënschtlech reduzéiert gouf. Aner Entreprise wiere benodeelegt a fir d’EU-Kommissioun ergëtt sech dorausser eng Verzerrung vun der Konkurrenz. D’Conclusioun ass, datt d’Steieravantagen fir eenzel Konzerner eng illegal Staatshëllef duerstellen.

D’EU-Wettbewerbskommissärin Margarete Vestager huet confirméiert, datt d’EU-Kommissioun hir Enquête an anere Fäll, wéi deem vum Lëtzebuerger Steierruling fir Amazon an deem vum iresche Ruling fir Apple, weider féiert. Kloer ass, datt Lëtzebuerg net eleng am Viséier vun der EU-Kommissioun steet. Dowéinst gesäit den CSV-Deputéierten an Geschäftsaffekot Laurent Mosar kee Risiko, datt et no de Luxleaks elo e weideren Image-Schued fir Lëtzebuerg kéint ginn.

Lëtzebuerg kontestéiert

De Finanzminister Pierre Gramegna sot op Twitter, datt Lëtzebuerg mat de Conclusiounen vun der Enquête am Fall Fiat net averstan ass.

De Ruling fir Fiat wier keng illegal Staatshëllef. An engem Communiqué vum Finanzministère heescht et, Lëtzebuerg géing sech all Rechter ophale fir géint dës Decisioun virzegoen. Den DP-Fraktiounschef a President vun der Finanzkommissioun Eugène Berger geet dervun aus, datt Lëtzebuerg e Recours géint d’Decisioun vun der Bréisseler Exekutiv mécht: “Et läit an der Logik, datt ee mat där Decisioun net averstan ass, respektiv déi wäert ufechten, well jo awer an der Vergaangenheet d’Rulinge, déi geholl gi sinn, konform mat de nationalen an europäesche Dispositiounen a Gesetzer waren.”

Datt Lëtzebuerg an dësem Fall e Recours kéint maachen, stéing net am Widdersproch dozou, datt de Grand-Duché sech un den internationalen Efforte géint agressiv Steieroptimiséierung wëll bedeelegen, mengt de Pascal Saint-Amans, Chef fir Steierfroe bei der OECD. “Cela ne remet pas en cause la politique consistant à mettre fin à l’opacité  des rulings (…), à accepter de changer la patent box (…), au fait d’adopter les nouvelles règles de prix de transfert et de changer les traités fiscaux (…).” D’Lëtzebuerger Regierung géing d’Adaptatioun vum legale Kader un déi nei Spillregelen, “ouni Ambiguitéit” ënnerstëtzen, esou de Pascal Saint-Amans.