Brexit Implikatioune fir d'Wirtschaft op béide Säiten

An engem knappe Mount stëmmt d’Vereenegt Kinnekräich of: Jo oder Nee zu der EU. De méigleche Brexit spléckt net just déi englesch Politik a Gesellschaft, mee och de Rescht vun Europa. D’Prognose sinn éischter däischter, mee wei eng Implikatiounen hätt e Brexit op déi britesch an op déi europäesch Ekonomie?

Matthias Kirsch / ys

Analys Finanzdistrikt vu London
De Finanzdistrikt zu London (© Bigstock/photo.ua)

Den 23. Juni dëst Joer ass e wichtegen Dag. An dat huet näischt mam Lëtzebuerger Nationalfeierdag ze doen. Jee nodeem, wéi de britesche Referendum zum Verbleif an der Europäescher Unioun ausgeet, kéint dësen Datum an Zukunft och fir Lëtzebuerger eng ganz aner Bedeitung kréien.

Wat tragesch kléngt, ass net esou wäit hiergeholl. Am Moment si knapps 45 Prozent vun de Britte géint en EU-Austrëtt, 40 Prozent dofir, de Rescht ass nach ondecidéiert. E Brexit ass also eng reell Méiglechkeet.

Etude iwwer Impakt vu Brexit

En Donneschdeg huet d’Assurance Euler-Hermes fir d’éischte Kéier eng Etude erausbruecht, déi den Impakt vum Brexit op déi britesch an déi europäesch Wirtschaft mat Zuelen ënnermauert. D’Ekonomiste vun Euler-Hermes rechnen an dëser Etude mat engem Horrorzeenario fir d’Insel: Vun 2019 un eng Rezessioun, de PIB soll an deenen éischten zwee Joer nom hypothetesche Brexit ëm 4,3 Prozent falen, de Pound Sterling staark u Wäert géint den Euro verléieren.

Och fir d’EU-Staate gesäit et däischter aus: Irland, Holland an d’Belsch wieren deemno déi grouss Verléierer. Och fir eis däitsch Noperen gesäit et net gutt aus: déi däitsch Exporter kéinten ëm bis zu aacht Milliarden Euro falen. Alleng zwou Milliarden aus der Autosindustrie fale ewech.

Domat bestätegt Euler-Hermes di grouss Angscht vu villen Brexit-Géigner. Mee ass et wierklech esou schlëmm?

Genau Zuelen ze nennen ass praktesch onméiglech. Wann ee sech den Handel tëscht der EU an dem Vereenegte Kinnekräich ukuckt, ass et schwéier sech virzestellen, datt een Austrëtt aus der europäescher Wirtschaftsunioun keen Impakt op béid Parteien hätt. Elleng Däitschland an eis zwee Benelux-Nopere si fir 30 Prozent vun de briteschen Importer an Exporter responsabel.

Handel mat Net-EU-Staaten

Mee: wat an der Brexit-Diskussioun gäre vergiess gëtt ass, datt d’EU och Handel mat aneren Net-EU-Staate bedreift. Dësen Handel, zum Beispill mat der Schwäiz oder Norwegen, ass an der Regel duerch e Fräihandelsofkommes reguléiert an vereinfacht. Dat heescht: Och Net-EU-Länner profitéieren vu fräiem Handel mat der EU. Dat ass och net am Kader vun der Wirtschaftsunioun, mee de Benefice ass fir béid Parteien eendeiteg.

Am Fall vun engem Brexit dierft et sécherlech net laang daueren, bis Verhandlungen zu engem Ofkommes géifen ufänken - virun allem vun der Finanzplaz London kënnt des Fuerderung. London leit héchstwahrscheinlech nach vill méi ënnert engem Brexit wei de Rescht vum Land, an d’Haaptstad géif zimlech sécher a séier en Handelsaccord mat der EU ustriewen, net just aus finanzielle Grënn. An dat kéint aus dem Brexit nach méi maachen wei just en Nee zu der EU; nämlech och: En Nee zu London.

Eng Analys vum Matthias Kirsch

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Sadiq Khan London.jpg Meenung
Groussbritannien

De Sadiq Khan gëtt éischte muslimesche Buergermeeschter vu London. Et ass eng Victoire fir d’Sozialdemokraten – wann den Khan, knapps gewielt, net weider den Jeremy Corbyn a Fro géif stellen.

Jean-Paul Hoffmann Analys
"Brexit"

D’Konklusioune vum EU-Conseil berouen op falsche Prämissen. Et mécht wirtschaftlech kee Sënn fir d’Migratioun ze decouragéieren.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen