Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D’Aarbecht fir Journaliste gëtt net méi einfach

Circulaire "Bettel"

D’Aarbecht fir Journaliste gëtt net méi einfach

Den Informatiounszougang fir Journaliste gouf net an d'Mediegesetz ageschriwwen. D'Relatioun zwëschent de Verwaltungen an der Press gëtt duerch eng Circulaire geregelt. Déi stéisst op Kritik vu Journalistenassociatiounen. Am 100,7-Interview erkläert d'Presidentin vum Syndicat des Journalistes - Luxembourg, wéi eng Problemer si fir d'Aarbecht vun der Press gesäit.

Mick Entringer / ys

auto_stories

4 min

Journalismus - e Beruff am Wandel

Et gouf keng Eenegung an der Regierung iwwert en Informatiounszougang fir Journaliste bei de Verwaltungen, seet d’Presidentin vun der Journalistenassociatioun SJL. Dowéinst hätt sech de Premierminister fir de Wee vun enger Circulaire entscheed an den Informatiounszougang fir Journalisten net a d’Mediegesetz ageschriwwen, esou d’Ines Kurschat am Interview. Dat wär awer d’Fuerderung vu Journalisten an Editeure gewiescht.

D’"Circulaire Bëttel" géing d’Aarbecht vun de Journalisten net méi einfach maachen. Dat géing dozou ze féieren, datt Beamte fir all Informatioun u Journaliste fir d’éischt den Accord vun hirem "Déngschthär" missten anhuelen. D’Fonctioun vum Presseattaché, deen elo soll tëscht de Beamten an de Journalist geschallt gëtt, hätt net vill mat journalistescher Aarbecht ze dinn, seet d’SJL-Presidentin. E Presseattaché wär e Sproochrouer vun engem Ministère, an hätt Interessi d’Informatiounen op eng gewësse Manéier eriwwer ze bréngen.

Dofir wär eegenen Informatiounszougang fir Journalisten néideg. Dat géing awer net verhënneren, datt de Journalist seng eegen Aarbecht mëscht iwwert Recherche a Kontakter déi en huet. “Et soll en net dat Eent, géint dat Anert ausspillen”.

Ugekënnegt Transparenz verflitt

Et wär net vill vun der ugekënnegter Transparenz bliwwen, déi déi blo-rout-gréng Regierung bei hirem Untrëtt annoncéiert hat. Och de Gesetzprojet iwwert den Informatiounszougang fir all Bierger wär nach ëmmer net ofgeschloss. “Et gesäit net esou aus wéi wann et eng Prioritéit vun der Regierung wär fir d’Transparenz insgesamt vum Staatsapparat ze verbesseren. An och net fir d’Relatioune mat der Press op méi stabil Féiss ze stellen”, seet d’Ines Kurschat.

Wéi zäitgeméiss ass de Conseil de Presse?

Verschidde Medie sinn net am Presserot vertrueden. Et géing sech och d’Fro stellen, ob déi Journalistenassociatiounen an Editeuren, déi Member sinn, allen aneren Acteuren an hirem Beräich gerecht ginn. Esou hätten déi dräi Journalistenassociatiounen Ënnerscheeder an de Statuten. Beim SJL kënne Chefredakteren net matbestëmmen. Bei aneren Associatioune wär, dem Ines Kurschat no, dat net spezifesch festgehal.

"De Presserot huet awer nach eng Legitimatioun”, fënnt d’Generalsekretärin vum Conseil de Presse. E klengt Land wéi Lëtzebuerg bräicht awer ganz sécher net dräi Journalistenassociatiounen. Dat wär historesch esou gewuess, géing awer bougéieren. Der Ines Kurschat no hätten et informell Gespréicher ginn, fir méi no ze réckelen. "Vläicht ginn déi Gespréicher jo och méi wäit". Eng Fusioun vun den dräi Journalistenassociatioune SJL, AJL an UJL wär fir si perséinlech eng gutt Saach. Woubäi awer Kritären dru gebonne miste sinn, wat d’Matbestëmmung vu Chefredaktiounen an enger Journalistenassociatioun ugeet.

"Die eierlegende Wollmilchsau"

D’Aarbecht vun de Journaliste géing duerch d’Digitaliséierung an d’Aarbechtsverdichtung méi schwéier ginn. "D’Journalisten ginn zur eierlegenden Wollmilchsau", seet d’Ines Kurschat. Si sollen am Prinzip alles kënne maachen. "Ech mengen net datt dat zur Qualitéit vum Journalismus insgesamt bäidréit."
 
D’Pressehëllef soll reforméiert ginn. De Premierminister hat eng Augmentatioun vun der Finanzsubventioun fir Medien ugekënnegt. An Zukunft sollen och Onlinemedien drënner faalen. Kann d’Presse onbofhängeg sinn, wann se vum Staat finanzéiert gëtt? Der Ines Kurschat no kéint ee sech och d’Fro stellen, wéi wäit Medien onofhängeg sinn, déi op Publicitéit ugewise sinn.
 
D’Ines Kurschat ass Journalistin bei der Wochenzeitung Lëtzebuerger Land, Presidentin vun der Journalistenassociatioun SJL an och Generalsekretärin vum Presserot. De 25. Januar war si Invitée vum Dag um radio 100,7.


Dokumenter
D'Circulaire vum Premier Minister un d'Verwaltungen
D'Reaktioun vum Conseil de Presse
D'Reaktioun vum SJL

D'Circulaire Santer