Radioen

On air

Notturno  |  James Blake - Before

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 17.040 Chômeuren zu Lëtzebuerg

Riicht Eraus

17.040 Chômeuren zu Lëtzebuerg

D'ADEM wëllt de Chômage konkret bekämpfen an net just geréieren, esou d'Directrice Isabelle Schlesser. Een neien Assignatiounssystem, d'Garantie Jeunes, d'Internetplattform Jobboard an de Programm Fit for Entrepreunership wieren d'Haaptinstrumenter dofir. Am Duerchschnëtt ass een ADEM-Placeur fir 220 Chômeuren zoustänneg.

auto_stories

5 min

Isabelle Schlesser, Directrice vun der ADEM

410 Persounen schaffe fir d’Agence pour le Développement de l’emploi. Am Abrëll ware 17.040 Chômeuren bei der ADEM ageschriwwen. An de leschten zwee Joer gouf d’ADEM komplett reorganiséiert. Den Assignatiounssystem ass elo zentraliséiert, sou datt déi Aarbechtslos méi cibléiert un d’Entreprisë kënne vermëttelt ginn. Dobäi kënnt de sougenannte “Parcours personnalisé”, deen de Chômeuren, déi am meeschte Problemer hunn, eng individualiséiert an intensiv Begleedung erméiglecht.

ADEM-Placeuren, déi esou Persounen encadréieren, sinn zoustänneg fir an der Moyenne 90 Chômeuren. Déi aner Placeure geréieren d’Dossieren vun 280 Aarbechtsloser. Am Duerchschnëtt sinn et awer 220 Chômeure pro Placeur, esou d’Direktesch vun der ADEM, d’Isabelle Schlesser.

Nei Internetplattform fir Employeuren a Chômeuren

Am Mäerz huet d’ADEM d’InternetplattformJobboard” lancéiert, op där Entreprisen a Chomeuren ouni Intermédiaire Offeren a Profiler kënne konsultéieren. 500 Entreprisen hu schonn een Accès ugefrot. Iwwert dee Wee konnten 9.000 Terminer fir Virstellungsgespréicher festgeluecht ginn, esou d’Isabelle Schlesser.

Vun de ronn 17.000 Persounen, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, hu ronn d’Halschent eng ganz niddreg Qualifikatioun. Déi Chômeuren hunn dacks net dee Profil, dee fir déi nei geschaafen Aarbechtsplazen néideg sinn.

D’Betriber hunn 2015 31.000 fräi Aarbechtsplaze gemellt. Fir een Drëttel dovu konnt d’ADEM keng potentiell Kandidate proposéieren, esou d’Direktesch vun der ADEM.

Verschidden Qualifikatioune feelen och fir d’Handwierk. Dat huet dem Isabelle Schlesser no mat der berufflecher Orientéierung vun deene Jonken ze dinn. D’ADEM, zesummen mam Educatiounsministère an dem Handwierk schaffen dru, fir d’Schüler iwwert déi nei Beruffer am Handwierk z’informéieren.

Garantie Jeunes fir Jonker tëscht 18 an 25 Joer

2015 si 3.800 Jonker an dee System integréiert ginn. Déi dräi grouss Agencë vun der ADEM hunn ee spezialiséierten Betreiungssystem opgebaut. Mat der Garantie Jeunes kréien déi Concernéiert bannent deenen éischte véier Méint eng Offer gemaach fir ze schaffen, fir eng Formatioun matzemaachen oder fir als Benevol éischt Erfahrungen ze sammelen.

76 Prozent vun deenen Jonken maachen dee ganze Parcours mat. 65 Prozent kruten eng Aarbechtsplaz, 28 Prozent kruten eng Beschäftegungsmoossnam proposéiert. 5 Prozent gi rëm zréck an d’Schoul oder fänken eng Léier un. Ee Véierel vun deene Jonken verléisst de Programm. D’ADEM wier an deem Fall net deen adequate Partner, esou d’Direktesch vun der ADEM.

Ronn 1.200 Chômeure ginn iwwert ee Kontrakt mat esou enger Firma beschäftegt. De Chômeur bleift awer weiderhin bei der ADEM ageschriwwe, wann deen Aarbechtskontrakt manner wéi véier Méint dauert.

Senioren: Fërderung vum Entreprenariat a Reclassement

31 Prozent vun de Chômeure waren Enn 2015 zanter méi ewéi zwee Joer bei der ADEM ageschriwwen. An deene meeschte Fäll handelt et sech ëm méi eeler Persounen, déi dacks méi Problemer cumuléieren.

D’ADEM proposéiert de Programm “Fit for Entrepreneurship” fir Betriber ze grënnen. 70 Persounen hunn drun Deel geholl, 17 Entreprisë goufe gegrënnt.