Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een neie Wee fir d'Erënnerung

Zweete Weltkrich

Een neie Wee fir d'Erënnerung

D'Regierung wëll mam "Comité fir de Souvenir un den Zweete Weltkrich", d'Erënnerungsaarbecht organisatoresch nei opstellen. Fir d'éischt Kéier schaffen déi verschidden Affergruppen doran zesummen.

auto_stories

3 min

De Jean-Claude Muller ass am Staatsministère responsabel fir de "Comité fir de Souvenir un den Zweete Weltkrich"

Knapps 75 Joer ass et hier, datt iwwer 300 Lëtzebuerger Judde vun der Stad aus an de Ghetto vu Lodz deportéiert gi sinn. De 16. Oktober dëst Joer, op den Dag genau, wäert mat engem Staatsakt dorun erënnert ginn. Allerdéngs ginn et nach weider Datumer op deenen den Affer vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg geduecht gëtt, dorënner den nationalen Dag vum Souvenir den 10. Oktober, an d'Erënnerung un d'Streikaktioune géint d'Zwangsrekrutéierung, den 31. August.

Et ass d'Aufgab vum neie "Comité fir de Souvenir un den Zweete Weltkrich", entstanen duerch d'Gesetz vum 21. Juni vun dësem Joer, fir d'Erënnerungsaarbecht organisatoresch nei opzestellen. Fir d'éischte Kéier sollen an deem Comité elo dräi verschidden Affergruppe gemeinsam d'Erënnerungsaarbecht organiséieren: Resistenzler, Zwangsrekrutéiert an déi jüddesch Communautéit.

Konfliktpotenzial oder awer net?

De Jean-Claude Muller ass am Staatsministère responsabel fir de Comité. Hien gesäit d'Zesummenaarbecht tëscht den dräi Gruppen net als problematesch un. "Ech ginn dovun aus, datt mir eis Hausaufgaben am Beichtstull hannert de Kulisse gemaach hunn, ech kréien dat op mannst esou rapportéiert", sou de Jean-Claude Muller am Interview mam Pia Oppel. Hien gesäit de "Service de la mémoire" vum Staatsministère och als "Ulafstell" fir de Fall wou Konflikter tëscht den dräi Gruppen sech géifen opdoen.

Konfliktpotential kéint et allerdéngs genuch ginn. D'lescht Joer nach hat et um Kongress vun den Zwangsrekrutéierte geheescht et kéint sech zwar eng gemeinsam Commémoratiounsaarbecht virstellen, allerdéngs nëmme wann d'Zwangsrekrutéiert doran staark vertruede wieren. Och déi jüddesch Gemeinschaft kéint elo staark Uspréch geltend maachen. Bis elo ass si ni an d'Souvenirsaarbecht agebonne ginn. De President vun der Associatioun Memo Shoah hat viru Kuerzem am Tageblatt drop higewisen, datt et an der Stad keen Denkmal gëtt, fir un d'Deportatioun vun den 300 Judden am Oktober 1941 ze erënneren. "Mir schaffen enk mam Henri Juda an der Memo Shoah zesummen", verséchert de Jean-Claude Muller.

Sëtz an der Villa Pauly

De Comité besteet aus 32 Memberen, dorënner nach Zäitzeien aus der éischter Generatioun. De Jean-Claude Muller geet och dovunner aus, datt Temoignagen aus der zweeter an drëtter Generatioun dobäi kommen. Eenzel Jugendlecher géifen, zum Beispill, ee groussen Interessi weisen, fir d'Erënnerung un den Zweete Weltkrich wakereg ze halen.

Grad dee pedagogesche Volet soll an der Aarbecht vum Comité eng grouss Wichtegkeet kréien. An der Hollerecher Gare, wou bis elo den Dokumentatiouns-a Recherchezentrum iwwer d'Zwangsrekrutéierung an d'Resistenz war, sollen an Zukunft verstäerkt Schoulklassen empfaange gi fir den Zweete Weltkrich ze thematiséieren, dat ënnert der Leedung vum Daniel Bousser aus dem Staatsministère.

Budget: "Keng grouss Spréng"

De Sëtz vum neie "Comité pour la mémoire" kënnt an d'Villa Pauly, wou bis elo den Dokumentatiounszentrum iwwer d'Resistenz dra war, an déi grad wéi d'Hollerecher Gare ee staatlecht Gebai ass. "Et si genuch Büroen do fir datt déi eenzel Komponenten do kënne schaffen", sou de Jean-Caude Muller. Geplangt ass awer, datt d'Bibliothéik aus dem Gebai op d'Uni soll transferéiert ginn.

Iwwert wéi ee Budget den neie Comité wäert verfüge geet aus der fiche financière vum Gesetz net kloer ervir. Et wier awer "séchergestallt, datt dat net ouni Sue wäert lafen", sou de Jean-Claude Muller. Fir de Moment ass geplangt mam Rescht vun de Suen ze schaffen, déi nach vun den zwou Institutiounen iwwreg bleiwen, déi duerch d'Gesetz vum 21. Juni ofgeschaaft goufen. Béid Haiser haten ee Budget vu 25.000 bis 30.000 Euro pro Joer. "Dat erlaabt natierlech keng grouss Spréng". Positiv gesäit de Jean-Claude Muller dofir awer elo schonn de Kontakt mam Institut fir Zäitgeschicht. "Do kann een sech eng Zesummenaarbecht virstellen, well een och do Jonker op héijem Niveau wäert kënnen ereechen".