Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Atmosphär ass vun Enttäuschung geprägt"

Blo-Rout-Gréng Regierung

"D'Atmosphär ass vun Enttäuschung geprägt"

Vum Regierungswiessel 2013 hat d'Patronat sech nei Impulser fir strukturell Reformen erwaart. Déi Hoffnunge goufen awer zu engem Deel enttäuscht, erkläert de Generaldirekter vum Daachverband vun den Entreprisen (UEL) am Gespréich mam Jean-Claude Franck. De Jean-Jacques Rommes fäert och, datt d'Steierreform aus Perspektiv vun de Betriber anescht wéi versprach kee grousse Worf gëtt.

Pia Oppel

auto_stories

4 min

Déi blo-rout-gréng Koalitioun hätt vill an Ugrëff geholl, betount de Jean-Jacques Rommes. Bei der Diversifikatioun vun der Wirtschaft an der Consolidéierung vun de Staatsfinanze géif se hir Aufgab iwwerhuelen. Mee strukturell Reforme géife keng gemaach ginn, och aus Angscht géint d'Gewerkschaften ze handelen.

Keng Politik géint den OGBL méiglech

Beim Index, de Congéen, der Familljepolitik an dem Delegatiounsgesetz wier d'Regierung de Gewerkschaften a besonnesch dem OGBL entgéint komm. An dat "zum Deel op Käschte vun den Entreprisen oder op Käschte vun den ëffentleche Gelder". Mee bei konkrete Fuerderunge vun den Entreprisë no enger Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit oder no Ännerungen beim qualifizéierte Mindestloun, géif et net viru goen: "D'Regierung schéngt net kënnen ze handelen, wann den OGBL net wëll."

Den 18. Februar ass eng Reunioun tëscht Aarbechtsminister, Patronat a Gewerkschaften, fir eng Léisung am Sträit iwwer d'Reform vun der Aarbechtszäit-Gesetzgebung ze fannen. Den UEL-Generaldirekter ass net zu engem Kompromëss bereet: "D'Regierung sollt net eng Mëtt siche goen, déi et net gëtt, an déi den 18. Februar och net op den Dësch wäert kommen."

Zur Fuerderung vum OGBL no enger Hausse vun de legale Congésdeeg, seet de Jean-Jacques Rommes, dat kéint d'Regierung "just iwwer meng Läich" decidéieren.​

Banal Bipartite, banal Steierreform?

De Jean-Jacques Rommes nennt déi geplangte Bipartite tëscht Regierung a Patronat den 22. Februar eng "banal Reunioun". Et géif drëms goen, fir Aktualitéitssujeten ze diskutéieren, dorënner eventuell och d'Steierreform. Eng genau Agenda stéing nach net.

Vun der geplangter Steierreform erwaart de Jean-Jacques Rommes sech keng negativ Iwwerraschungen. Hien fäert awer, dass den Taux vun der Betribsbesteierung anescht wéi annoncéiert net staark erof gesat gëtt. Déi Mesure wier mat Risike verbonnen, an d'Regierung hätt Retard bei der Preparatioun.

Et wier effektiv eng Katastroph, wann duerch dës Reform grad déi kleng a mëttel Betriber op eemol géife méi belaascht ginn, sou de Jean-Jacques Rommes. Och de Rapport vum Wirtschafts- a Sozialrot iwwer d'Steierreform hätt do keng Äntwert geliwwert, obwuel dee Rapport "dat präziste Bild vun eiser Recettë-Landschaft, wat bis elo jee ee gesinn hat" wier.

Wéineg Sputt fir Kaddoen

Vill Sputt fir Steiererliichterunge gesäit den UEL-Generaldirekter net. Dat well et trotz dem aktuelle Wirtschaftswuesstem, een Defizit beim Zentralstaat gëtt. Wann d'Zuel vun den Aarbechtsplazen all Joers klëmmt an awer Lächer am Staatsbudget bleiwen, géif et ee strukturelle Problem ginn, an dat wieren déi ze vill héich Depensen.

Wann d'Regierung wéilt op de Wee vu gréissere Steiererliichterunge goen, da lieft se dem Jean-Jacques Rommes no vun Optimismus a "vläit och vun der Angscht virun den nächste Wahlen." Wann d'Steiererliichterungen a raisonnabele Moosse bleiwen, wier dat an der Rei. Mee et géif Steiererliichterungen, bei deenen ee spéider kéint méi erakréien an anerer, wou d'Geld dono einfach fort ass.

Keng Steier-Tripartite néideg

Eng Hausse vum Steierkredit kéint net just sozial, mee och wirtschaftlech Sënn maachen, well een d'Kafkraaft vun de Leit stäerkt, sou de Jean-Jacques Rommes. Dass d'Regierung och eppes géint déi staark Belaaschtung vun der Mëttelschicht wëll maachen, géif d'UEL net prinzipiell kontestéieren. D'Steierreform muss a sengen Aen net am Kader vun enger Tripartite gutt geheescht ginn, do misst d'Politik hir Responsabilitéit iwwerhuelen. Et wier awer nëmmen normal, dass d'Regierung déi Betraffe consultéiert.