Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vill Chantieren, manner grouss Margen

Bausecteur

Vill Chantieren, manner grouss Margen

Datt de Moment vill am Land gebaut gëtt, wëll net onbedéngt heeschen, datt et den Entreprisen am Bau och gutt geet. Dat seet den neie President vum Groupement des entrepreneurs, Jean-Marc Kieffer.

auto_stories

5 min

Jean-Marc Kieffer

D'Margen am Bausecteur sinn an de leschte Joren erofgaangen, stellt de Jean-Marc Kieffer fest. De President vun der Compagnie de construction CDCL ass zanter kuerzem och President vum Groupement des entrepreneurs, wou hien d'Successioun vum Christian Thiry iwwerholl huet.

Trotz dem aktuellen Dynamismus am Secteur géif fir d'Entreprisen um Enn wéineg offalen. Z'erkläre wieren déi manner héich Margen duerch d'Mesuren, déi d'Regierung an der Kris geholl hätt fir dem Bau ze hëllefen: déi wieren zwar positiv fir déi Lëtzebuerger Entreprisë gewiescht, mee si hätten och vill Konkurrenz ugezunn. Doduerch wier de Präisdrock eropgaangen, sou de Jean-Marc Kieffer.

Schichtaarbecht ëmmer méi heefeg

Och den Zäitdrock wier gewuess. Ëmmer méi ëffentlech a privat Bauhäre géife vun den Entreprisë verlaangen, datt op zwou Dagesschichte geschafft gëtt fir de Chantier méi séier fäerdeg ze kréien. Dat fënnt de Jean-Marc Kieffer problematesch. "Dat huet een Afloss op den Zyklus vum Chantier. Mir kënnen net zwee bis dräi Mol am Dag betonéieren. Wann eng Kéier betonéiert ass, muss eng Nuecht gewaart ginn", sou de Jean-Marc Kieffer. Donieft missten d'Entreprisen duerch Schichtaarbecht vill Kräften op ee Chantier bündelen. "Wann dee Chantier fäerdeg ass, muss ee kucken, déi alleguer ënnerzekréien, wat net einfach ass".

Ee positiven Impakt op den Emploi hätt d'Schichtaarbecht net, seet de President vum Groupement des entrepreneurs. "D'Aarbechtsbedingungen op der zweeter Schicht (an der Regel bis 22 oder 23 Auer) sinn net gutt. Zemools am Wanter wou et fréi däischter ass, léisst et sech do net gutt schaffen. Dat ass keng Léisung", sou de Jean-Marc Kieffer. An der Regel wieren d'Salariéen um Bau mat engem CDI agestallt. Wann "eng surcharge ass, wéi am Moment", da stellen d'Entreprise verstäerkt Interimairen an, preziséiert hien.

Méi Stress, méi Aarbechtsaccidenter

De Jean-Marc Kieffer seet, den OGBL hätt net Onrecht wann e seet, de Schichtbetrib géif zu méi Aarbechtsaccidenter féieren. Dat wier awer net den eenzege Grond. "Et sinn d'Delaien, déi mussen agehale ginn. Wat méi gerubbelt gëtt, wat méi Accidenter geschéien".

Dofir géif et och iergendwann "kee Sënn méi maachen" wann de Staat engersäits fuerdert, datt Schichten op ëffentleche Projete gefuer ginn, a gläichzäiteg seet, de Risiko vun den Aarbechtsaccidenter misst erofgesat ginn. "Den Entrepreneur ass ëmmer dee leschten an der Kette wann et drëm geet, de Chantier séier fäerdeg ze kréien. Dacks géif et mat e puer Méint méi an enger besserer Ambiance um Chantier duergoen".

Sozialdumping um Chantier

Sozialdumping wier dofir och eng Realitéit um Bau zu Lëtzebuerg, huet de Jean-Marc Kieffer ze verstoe ginn. "Wann een Entreprisen dréckt am Delai an an de Präisser, da muss een iergendwann d'Leit an aner Länner siche goen. Da muss de sektorielle Kollektivvertrag zwar respektéiert ginn, mee an der Praxis gesäit dat dacks anescht aus". De Badge social, deen 2014 agefouert ginn ass, hätt d'Zil, illegal Aarbechtsverhältnisser am Bau ze bekämpfen net erreecht, seet de Jean-Marc Kieffer. Hie stellt fest, datt "d'ITM bekanntlech net genuch Moyenen" huet fir Kontrollen op de Chantieren ze maachen.

Grouss ëffentlech Projete mussen europawäit ausgeschriwwe ginn. Dat géif dozou féieren, datt grouss boursëcotéiert Entreprisen hei am Land Chantieren iwwerhuelen. "Si schécke Projetsmanageren heihin a ginn detachéiert Aarbechter an aner EU-Länner sichen. D'Material kann ee sech iwwerall lounen, dat ass kee Problem", sou de Jean-Marc Kieffer. Hie kritiséiert, datt dës Entreprisë "guer keng Substanz" zu Lëtzebuerg géife schafen. Donieft géif et virkommen, datt d'Aarbechter op esou Chantieren "an der Baubud" misste schlofen an net dee Salaire bezuelt kréien, deen hinnen zousteet. "D'ITM kritt eng Fiche de salaire gewisen, wou net drop steet, wat de Betraffenen herno op säi Konnt iwwerwise kritt", sou de Jean-Marc Kieffer.

"Intempéries": Groupement wëll weider Flexibilitéit

De Groupement des entrepreneurs hält och u senge Fuerderungen am Kontext vum "Congé intempéries" fest. "Mir wënschen eis méi Flexibilitéit andeems mir déi Deeg wou am Wanter net ka geschafft ginn, zu engem anere Moment vum Joer kënne zréckhuelen", sou de Jean-Marc Kieffer. 2013 hat dës Propositioun bal zu engem Streik gefouert. D'Gewerkschaften hate sech queesch gestallt, um Enn ass d'Propositioun fale gelooss ginn.

De Jean-Marc Kieffer seet, de "Congé intempéries" géif d'Betriber an och d'Allgemengheet deier ginn, well d'Salariéeën an där Zäit op 80 Prozent vun hirem Verdéngscht kënnen zielen. "Dat ka bei schlechte Wantere bis zu 20 Milliounen d'Joer ausmaachen", sou de President vum Groupement des entrepreneurs. Senger Meenung no kéint de "Congé intempéries" op een Neits ee Sujet ginn, an den zukünftege Verhandlungen iwwert den neie Kollektivvertrag, deen am August ausgelaf ass. "D'Hoffnung stierft als Läscht", sou de Jean-Marc Kieffer.

"Congé collectif": "Kee Besoin eppes ze änneren"

Um "Congé collectif" hält de Groupement des entrepreneurs" allerdéngs weider fest. "Vun eiser Säit besteet kee Besoin fir dorun eppes ze änneren", seet de Jean-Marc Kieffer, nodeems den Infrastrukturminister François Bausch fir méi Flexibilitéit plaidéiert hat.

Déi néideg Flexibilitéit wier och duerch déi zoustänneg Ad-Hoc-Kommissioun geséchert. Wat eng Entreprise méi kleng ass, wat se méi Schwieregkeeten huet fir d'Congéen ze geréieren, dofir wier de "Congé collectif" gutt. "Ech weees och, zum Beispill, vun Entreprisen a Frankräich, datt si eis ëm de Congé collectif beneiden", sou de Jean-Marc Kieffer. A villen europäesche Länner gëtt et déi Period vu Schaffverbuet am Bau net.