Radioen

On air

Notturno  |  Sufjan Stevens - Mystery Of Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Leit hunn näischt domat ze dinn"

Senioren

"D'Leit hunn näischt domat ze dinn"

De President vun der Amiperas seet: et dierf een d'Bild vum dynamesche Senior net verallgemengeren. Iwwer d'Land gekuckt géifen et grouss Ënnerscheeder ginn. Och Altersaarmut wier zu Lëtzebuerg een Thema. An de Jeannot Belling hëlt och Stellung zu den interne Streidereien an der Associatioun fir eeler Leit: Déi wiere virun allem Schued fir d'Memberen.

auto_stories

4 min

Et wieren "vill Leit" an der Amiperas, déi Problemer hätten "fir iwwer d'Ronnen ze kommen", sou de Jeannot Belling

Et gëtt Sträit bei der Amiperas. An engem rezenten Editorial vun der Newsletter vun der ASBL huet de President Jeannot Belling Manipulatiounen duerch "onzefridden Intriganten a Querschléier" ugeschwat. Als Ursaach nennt hie perséinlech Problemer vu verschiddene Leit mat eenzelne Membere vum Amiperas-Verwaltungsrot oder mat lokale Komiteeën. "Doraus entsteet dann ee Gerangel, a wann déi Concernéiert da net kréie wat se wëllen, da gi se hinn a grënnen iergendeen anere Veräin", sou de Jeannot Belling am 100,7-Interview mam Mick Entringer. Dobäi géif et haaptsächlech ëm eng spezifesch lokal Sektioun goen. Ëm wéi eng et sech handelt wollt den Amiperas-President awer net soen.

Dëse Virfäll wieren awer och "keng Katastrof fir d'Amiperas" selwer, sou e Jeannot Belling, éischter fir déi eeler Leit. "D'Leit hu näischt domat ze dinn, si wëlle just eppes: ënner Gläichgesënnten zesummekommen an Erënnerungen deelen. Mee lo ginn si zum Deel auserneegerappt, wéinst eppes woufir si net kënnen". Virun ronn zéng Joer scho gouf et intern Streidereien an der Amiperas, an deem Kontext wier d’Memberszuel vun der Associatioun fir eeler Leit ëm d’Halschecht op 7.000 zréck gaang.

"Net mëttes um dräi Auer Schwarzwälder iesse goen"

Fir de Jeannot Belling ass d'Amiperas haut representativ fir d'Senioren zu Lëtzebuerg, och wann déi am Ganze ronn 14% vun der Bevëlkerung duerstellen an also vill méi wéi d'Amiperas Memberen huet. "Et gëtt soss keng Associatioun déi spezifesch fir déi eeler Leit do ass", seet de fréiere Réimecher Buergermeeschter. Dobäi ass et him wichteg, datt kee falscht Bild iwwer eeler Leit entsteet. Dat haidegt Bild vum dynameschen, aktive Senior dierft een net verallgemengeren, et géife grouss regional Ënnerscheeder ginn.

Am Norden oder Oste vum Land, géife Leit deelweis "bis an den héijen Alter um Feld, Stall oder am Wéngert schaffen", sou de Jeannot Belling. "Ech gleewen net, datt déi déiselwecht Aktivitéite maache wéi eng Amiperas-Sektioun an der Stad, déi kënnen net mëttes um dräi Auer Schwarzwälder iesse goen".

Belling erëm mat an d'Gemengewahlen

Et wieren och "vill Leit" an der Amiperas, déi Problemer hätten "fir iwwer d'Ronnen ze kommen", an also mat Altersaarmut konfrontéiert wieren, och wann dee Problem zu Lëtzebuerg manner gravéierend wier wéi an anere Länner. Domadder verbonne wier allerdéngs eng grouss Diskussioun, nämlech déi vum Accès vun eelere Persounen op déi nei Technologien. "Fir informatescht Material ze kafen, muss ee Suen hunn", sou de Jeannot Belling. Senger Aschätzung no ass déi Generatioun déi momentan an der Amiperas ass, wéineg technologie-affin. "Et ginn der, mee net am ländleche Raum".  

De Jeannot Belling, fréieren DP-Deputéierten, well iwwregens fir d’Gemengewalen d’nächst Joer untrieden. Zanter 2009 ass den député-maire Henri Kox Réimecher Buergermeeschter.