Radioen

On air

Kultur um 5  |  Lëtzebuerger Literatur am Ausland

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Jiddereen ass concernéiert"

HIV-Virus

"Jiddereen ass concernéiert"

1.100 Mënsche liewen zu Lëtzebuerg mam HIV-Virus. Déi meescht vun hinnen hunn heterosexuell Relatiounen, erkläert d'Sandy Kubaj vun der HIV-Berodung vum Roude Kräiz. 13 Prozent vun den Infizéierte wëssen net, datt si sech ugestach hunn.

auto_stories

2 min

D'Sandra Kubaj ass Direktesch vun der HIV-Berodung beim Roude Kräiz

Et ass beonrouegend wann d'Zuel un neien HIV-Infizéierungen net erofgeet, seet d'Sandy Kubaj, Direktesch vun der HIV-Berodung bei der Croix-Rouge. D'Analys vun deene neie Fäll hätt erginn, datt d'Zuel u Persounen, déi sech mam Virus beim Konsum vun intraveineusen Drogen ustiechen, an deene leschte Jore klëmmt. Mee jidderee kéint concernéiert sinn.

Déi meescht HIV-Positiv Persounen hunn heterosexuell Relatiounen. Genee déi Populatioun géif sech awer am mannste betraff fillen. Ganz vill Leit wieren der Meenung, datt HIV Homosexueller oder Drogenofhängeger concernéiert. "Et gëtt nach ëmmer vill dat Bild: Ech vertraue mengem Partner, an dee gesäit jo propper oder gesond aus." Leider géif een engem d'HIV-Infektioun net ofgesinn, sou d'Sandra Kubaj.

Testen heescht anerer schützen

Am Allgemenge géif et un Informatioun iwwert d'Iwwerdroung vum HIV Virus feelen. "Mat der Sensibiliséierungscampagne 'Une goutte pour savoir' wëlle mir d'Leit drop opmierksam maachen, datt si sech teste sollen", esou d'Sandy Kubaj.

Et géifen nach vill Mënsche ginn, déi net wéissten, datt si HIV-Positiv sinn. "Wann ee weess, datt een de Virus huet, da kann een no senger Gesondheet kucken a mam Traitement ufänke fir den Immunsystem ze stäerken. Iwwerdeems schützt ee säi Partner virun enger Infizéierung."

Diskriminéierung op der Aarbechtsplaz

"Mir erliewen net nëmmen datt eis Clienten op der Aarbecht diskriminéiert sinn, mee och am Alldag". Verschidden Zänndokteren hätte scho refuséiert HIV-Positiv Persounen ze fleegen. Dat selwecht géif och fir Coiffeure gëllen, oder fir Leit déi a Restaurante wëlle schaffen.
D'Leit wieren net richteg informéiert iwwer d'Iwwerdroung vum HIV-Virus an da kéim Angscht op, seet d'Sandy Kubaj.

Risikofacteur Ausweisung

Ënnert deenen, déi een Traitement kréien, wieren och Leit déi keng Openthaltsgenehmegung hunn. Si géife riskéieren zréck an hiert d’Heemechtsland geschéckt ze ginn, wann dat Land offiziell medezinesch Servicer huet. Ob déi concernéiert Leit ee reellen Zougang zu de Medikamenter an deem Land hunn? Déi Fro misst ee sech stellen, sou d’Sandy Kubaj.

Eng weider Suerg ass den Zougang zu engem Traitement hei zu Lëtzebuerg. Eng Rei Persounen hätte keng sozial Versécherung, wëll si kee feste Wunnsëtz hunn. Fir den Ament wieren eng 8 Persounen direkt dovunner concernéiert, sou d'Sandy Kubaj.