Radioen

On air

Notturno  |  Chilly Gonzales - Kopfkino

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "2016 een trauregt Joer fir den Denkmalschutz"

Patrimoine

"2016 een trauregt Joer fir den Denkmalschutz"

Well an de leschte Joerzéngte vill ofgerappt gouf, géif et zu Lëtzebuerg net méi vill schützenswäert Gebaier ginn, bedauert de Jochen Zenthöfer, Vize-President vu "Sauvegarde du patrimoine" asbl. D'Politik misst sech méi intensiv mam Problem befaassen, wéilt den Ament awer net vill un der Situatioun änneren.

auto_stories

4 min

Jochen Zenthöfer (Foto: zenthoefer.lu)

Eng 5.000 Gebaier sinn zu Lëtzebuerg schützenswäert, sou déi staatlech Verwaltung “Sites et monuments”. Allerdéngs stinn der nëmmen ongeféier 1.050 ënner nationalem Denkmalschutz. "Wäit manner, wéi am Ausland", sot de Jochen Zenthöfer am Gespréich mam Maxi Pesch.

De "kollektive Besëtz vun der Natioun" ze schützeN, wier - a sengen Aen - net nëmmen eng Éier, mee och eng Verantwortung. De Journalist, dee sech op Denkmalschutz a Baukultur spezialiséiert huet, bedauert dofir, datt eng 50 bis 100 schützenswäert Gebaier all Joer ofgerappt ginn. Besonnesch der Gemeng Lëtzebuerg "läit den Denkmalschutz manner um Häerz".

"Dat Wéinegt, wat nach do ass, méi séier schützen"

Obwuel déi allermeescht vun de 500 Kierchen uechter d'Land der Wäert wieren, geschützt ze ginn, stéingen der tatsächlech nëmme 70 ënner Denkmalschutz. D'Gebaier misst ee prinzipiell all op eng Lëscht setzen, iwwert ee Gesetz. An enger zweeter Phas da kéint een ëmmer nach kucken, wéi ee se wéilt notzen, erkläert de Vize-President vun der asbl. “Sauvegarde du patrimoine”.

“Dat Wéinegt, wat nach do ass, misst méi séier, méi intensiv geschützt ginn”, fuerdert den Zenthöfer. Mee "ech empfänke vun der Regierung keng Signaler an déi Richtung, datt dat politesch gewënscht ass".

Eng Reform vum Denkmalschutz wier zwar an der Maach. Et géif een awer näischt méi driwwer héieren. An datt d’Denkmalfleeg an d'Verfassung soll ageschriwwe ginn, fënnt den Däitsche wichteg: virum Verwaltungsgeriicht géif dat an d'Gewiicht falen. Bis d'Verfassungsrevisioun a Kraaft ass, kéinten awer nach eng Rei Jore vergoen. Lëtzebuerg huet dëst Joer och d'Granada-Konventioun iwwert d'Erhale vum architektonesche Patrimoine an Europa ratifizéiert. Domat gëtt sech verflicht, ee wëssenschaftlechen Inventaire vu Baukulturgidder opzestellen.

"Entpolitiséierung vun der Denkmalfleeg"

Ee weidere Problem wier de Fonctionnement vun der Commission des sites et monuments nationaux (COSIMO), déi definéiert, wéi eng Gebaier geschützt solle ginn. Dëst Gremium vun Architekten, Konschthistoriker a soss Experte kënnt eemol de Mount zesummen - u sech schonn ze wéineg, fënnt de Jochen Zenthöfer. Allerdéngs wier d'COSIMO d'lescht Joer fënnef Méint um Stéck net zesummekomm, well Posten net nei besat goufen. Wäertvoll Zäit wier esou verluer gaangen, während där schützenswäert Gebaier ofgerappt goufen. "2016 war een trauregt Joer fir den Denkmalschutz".

Souwéisou hätt déi Kommissioun net dat lescht Wuert. Um Enn decidéiert ëmmer de Kulturministère. "Denkmalschutz-Organisatioune fuerderen dofir 'dEntpolitiséierung' vun der Denkmalfleeg", sou den däitsche Journalist. Wéi eng Gebaier geschützt musse ginn, sollt no transparenten, ëffentleche Critèren, an net no politeschen Iwwerleeunge beuerteelt ginn.

Trotz allem géifen d'Leit sech wieren, beispillsweis fir d'Erhale vu Bauerenhäff an -haiser zu Keespelt. Och d'Wichtelhaus zu Beggen hätt kéinten esou gerett ginn. "Et gëtt scho Succèse wann d'Leit op d'Strooss ginn a sech géint d'Politiker wieren", seet de Jochen Zenthöfer vu "Sauvegarde du patrimoine" asbl.