Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jonker an hire Smartphone

Medienerzéiung

Jonker an hire Smartphone

Wéi consomméiere Jonker haut Medien? A wéi kann ee si dobäi begleeden? Déi Froe stelle sech Elteren, Pädagogen awer och Medien. Déi fréier Journalistin Judith Reicherzer huet am Lycée Aline Mayrisch Medien-Team opgebaut, a beschäftegt sech mam Medie-Verhale vun de Schüler.

auto_stories

7 min

Si war Journalistin an de renomméierten däitschen Zeitungen "die Zeit" an "die Süddeutsche Zeitung". Haut ass d'Judith Reicherzer deel vun enger Equipe vu Enseignanten a Schüler, déi am Lycée Aline Mayrisch, déi als Virreider am Beräich vun der Mediepädagogik gëllt. D'Zäit vun de gedréckten a kopéierte Medien ass hirer Meenung no eriwwer.

Smartphone ersetzt Print an Tëlee

"Eng rezent Etude vun der Uni Lëtzebuerg weist, datt hei zu Lëtzebuerg am Schnëtt e Kand mat aacht Joer e Smartphone kritt." Och wann ee Sécherheets-Barrièrë géif aktivéieren, kéimen d'Kanner u ganz aner Inhalter, wéi dat a Bicher oder Zeitungen de Fall wär. Als Elteren a Pädagoge misst een dorop reagéieren.

Kanner a Jugendlecher géifen tendenziell ëmmer manner Televisioun kucken a bal keng Zeitung liesen. "Si kucken Nouvellen, awer virun allem op hire Smartphonen", seet d'Judth Reicherzer. Si wären awer virun allem permanent an de soziale Medien an op Whatsapp a Gruppen aktiv.

Interessi un Aktualitéit

Trotzdem géife Kanner a Jugendlecher och d'Aktualitéit suivéieren. "Wann ee bedenkt, wéi d'Titanik ënnergaangen ass, dat huet zwee Deeg gedauert, bis et an deenen amerikaneschen Zeitunge war. Elo geschitt zu Bréissel um aacht Auer en Attentat an um hallwer néng huet all Schüler dat gesinn." Och wann de Smartphone am Cours verbuede wär, wéisst spéitstens an där éischter Paus jidderee Bescheed.

Dat géif och mat sech bréngen, datt verschidde Schüler Biller géife gesinn, déi net appropriéiert wären. Si géife geschockt reagéieren, wären traureg a kéinten Angscht kréien. Da misst een och als Schoul reagéieren. Am Lycée Aline Mayrisch géif bei sou Nouvellen direkt an der Proffekonferenz driwwer geschwat ginn an et géif gekuckt ginn, wéi een dat am Cours kéint opfänken.

Problematesch Inhalter

"Mir wëssen, datt d'Schüler ganz vill Inhalter kucken, déi si net kënnen aschätzen. Wou si net wëssen, wat wouer ass a wat net. Wou si och manipuléiert ginn. Op politesch Manéier, op sexuellem Wee." Et géif ee probéieren, dat mat spezielle Coursen opzefänken. Am Lycée Aline Mayrisch géif en Team vun Enseignante sech zanter Joere mam Sujet Mobbing beschäftegen. De Schwéierpunkt wär elo de Cyber-Mobbing, si géifen awer och op schwiereg Inhalter um Netz agoen. Virun allem op Septième a Sixième géif ee mat de Schüler an deem Beräich schaffen. De Problem vum Cyber-Mobbing wär, datt dat sech net op de Schoulhaff géif limitéieren. "Et ass e Rise-Problem wou d'Elteren och mussen en Alerte sinn", seet déi fréier Journalistin.

D'Judith Reicherzer huet e Medien-Team am Lycée Aline Mayrisch opgebaut

Wéi Erwuessener sech verhale sollen

Et wär wichteg, datt déi Erwuesse sech mat de Méiglechkeeten a Virdeeler vun deenen neien Technologie géife beschäftegen. Och d'Informatiounsverhale misst een am A behalen. "Et muss ee virun allem trainéieren, wéi si eng Recherche maachen. Well et geet net duer, just op Google ze goen. Do brauch een och Eckpunkten, wou ee sënnvoll Informatioune fënnt."

Speziell wann et ëm Nouvellen, wéi d'Bréisseler Attentater géif goen, misst een deene Jonke weisen, wie seriö Informatioune bréngt. Do wären och d'Medie gefrot ze weisen, datt et professionell Leit géife ginn, déi Informatioune kéinte jugéieren, an deenen ee kéint vertrauen.

E grousse Sujet wär och d'Privatsphär. Scho ganz fréi an der Schoul misst sech mat der Fro beschäftegt ginn, wéi eng Informatiounen ee vu sech um Internet wéilt weiderginn, a wéi eng net. Enseignante misste sech haut mat esou Themen ausernee setzen.

Keen Handy beim Iessen

Fir d'Eltere wär et wichteg ze wëssen, wat hir Kanner maachen, an hinnen en zäitleche Kader ze setzen: "Dass den Handy owes ausgeschalt ass. Dass den Handy beim Iessen aus ass. Dass Kanner wëssen, datt si net non-stop mussen erreechbar sinn, an net non-stop kënnen de Smartphone notzen." Dat Wichtegst wär awer, datt d'Eltere Virbiller wären. Wann d'Eltere beim Iesse mam Smartphone géife sëtzen an op all "Bing" géife reagéieren, géifen d'Kanner dat och maachen.

Am Lycée Aline Mayrisch gouf e Projet geschaf, wou Schüler selwer journalisteschen a kreative Contenu produzéieren an dobäi ganz praktesch Erfahrunge sammelen. Fir verschidde vun dësen Aarbechten hunn d'Schüler och scho Präisser gewonnen.