Kino Kann de Grupp Kinepolis de Ciné Belval halen?

De Konkurrenzrot decidéiert onsen Informatiounen no an den nächste Wochen, ob Utopia S.a. beim Kaf vum Ciné Belval a seng siwe Säll vun enger dominanter Positioun profitéiert huet oder net. Am schlëmmste Fall, misst Kinepolis de Ciné Belval rëm verkafen.

Maxi Pesch

Exklusiv Freizeit_Cine_Belval_2_AGORA.jpg

An engem Tëscherapport vu November d'läescht Joer, kënt de Conseil de la concurrence zur Konklusioun, datt wéi Utopia S.a. 2013 Ciné Belval opkaf huet, Utopia schonn an enger dominanter Positioun gewierscht wier: "En conclusion, Utopia a renforcé sa position dominante de sorte que toute concurrence effective ou potentielle est désormais exclue sur l'ensemble du territoire luxembourgeois. Utopia pourrait même, potentiellement, exiger des distributeurs le bénéfice de l'exclusivité au détriment des autres salles de cinéma."

De Beamten, deen den Tëscherapport geschriwwen huet proposéiert, datt een eng symbolesch Amende verhänkt a Ciné Belval rëm muss verkaf ginn.

Ongewëssheet

Wéi Kinepolis am November d'läscht Joer Utopia opkaf huet, gouf onsen Informatioune no scho während de Verhandlungen tëscht Kinepolis an Utopia iwwert d'Instruktioun vum Konkurrenzrot diskutéiert. Wat d’Kontrakter fir déi verschidden Eventualitéite virgesinn, ass ons net bekannt. Interessant ass awer, datt de fréieren Utopia-Chef an Aktionär Nico Simon onsen Informatiounen no haut Beroder fir Kinepolis ass.

Am Secteur gi sech elo vill Froe gestallt: Ginn et um klenge Lëtzebuerger Kinosmarché weider Acteuren, déi Interessi an d’Moyenen hätten en eenzelne Kinoskomplex zu Esch ze bedreiwen? Firwat huet de Konkurrenzrot sech net schonn 2012 ageschalt fir der Fro vum Abus de position dominante nozegoen? Ass Kinepolis net vläit frou, fir de Ciné Belval nees ofzestoussen, vu datt de belsche Groupe 2012 keen Interessi um Escher Kino hat?

Méi zum Thema

Frënn iesse Popcorn am Kino
Regional Kinoen

De Kinosbedreiwer Caramba stécht a finanzielle Schwieregkeeten. Déi regional Kinoe wäre vum Kulturministère benodeelegt ginn, seet den Direkter. Wéi eng Roll spillt de grousse Konkurrent Utopia?

Ariston Esch Exklusiv
Kinoslandschaft

De Kinosbedreiwer Caramba Sàrl huet schonn zënter Längerem kee Loyer méi fir de Kinosch an den Ariston zu Esch bezuelt. Den Ariston kéint deemnächst de Proprietaire wiesselen.

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen