Radioen

On air

Trendscheif  |  Corridor - Jump Cut

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kanada an de CETA-Accord

Fräihandel

Kanada an de CETA-Accord

Siwe Joer nom Ufank vun den Negociatiounen entscheeden d’EU Handelsministeren den 18. Oktober ob si d’Fräihandelsofkommes CETA tëscht Kanada an der EU adoptéieren. Den Accord, deen iwwert déi lescht Méint an der europäescher Zivilgesellschaft fir Oprou gesuergt huet. soll Enn des Mounts zu Bréissel ënnerschriwwe ginn. Mee nach ass onkloer ob ee Konsens tëscht de Memberstaaten kann entstoen.

auto_stories

4 min

D'kanadescht Parlament zu Ottawa

Mat wiem wëllt Europa an den nächste Joren Handel bedreiwen, wann et kee Fräihandelsaccord mat engem Land wéi Kanada kann ofschléissen? Dës provokativ Fro huet de kanadesche Premier Justin Trudeau bei senger rezentster Interventioun iwwert de CETA Accord gestallt. Gläichzäiteg huet hien d’Nëtzlechkeet vun der EU a Fro gestallt. De liberale Premier sot, datt de Refus vum CETA Ofkommes ee klore Message un d’Welt wier, datt Europa ee Wee géif aschloen, dee weder fir seng Bierger nach fir d’Welt produktiv wier.

Datt déi liberal kanadesch Regierung voll a Ganz hannert der Iddi vum Fräihandel steet, dat huet déi kanadesch Handelsministesch Chrystia Freeland ëmmer erëm betount. Kanada wier eng Handelsnatioun. Dem kanadesche Parlament wier bewosst, wéi wichteg den internationale Commerce fir de Wirtschaftswuesstem a fir d'Prosperitéit vun der Mëttelschicht wier .

Promotioun fir CETA

D’CETA Ofkommes ass zu enger Prioritéit fir déi kanadesch Regierung ginn. Iwwer déi lescht Méint huet si intensive Lobbying bedriwwen, fir hir europäesch Partner dovun z’iwwerzeegen, datt den Accord béide Säiten zegutt géing kommen. Mëtt September war den däitsche Vizekanzler Sigmar Gabriel zu Besuch a Kanada fir iwwer CETA ze diskutéieren. An Uganks Oktober war de franséische Premier Manuel Valls iwwert den Atlantik gereest, fir zesumme mam kanadesche Premier Justin Trudeau den Accord ze luewen. Dëse soll 99 Prozent vun alleguerten den Douanestarifer ofschafen an domat den Handel ukierpen an nei Aarbechtsplazen an der EU an a Kanada schafen.

Pouvoire fir Konzerner

Mee all des Promotioun huet de Kritiker op béide Säite vum Atlantik net de Wand aus de Segele geholl. D'Sujata Dey ass Responsabel vun der Campagne iwwert den internationalen Handel beim Conseil des Canadiens, eng vun de gréisste kanadeschen ONGe fir sozial Gerechtegkeet an d’Ëmwelt. Hire grousse Bedenke bei CETA ass, datt den Accord den Entreprisen ze vill Pouvoire géif ginn. "D'Inegalitéiten huele weltwäit zou, mir hu Klimaproblemer an Ëmweltproblemer ze regelen." Amplaz de Regierungen d'Outilen ze gi fir dës Problemer ze bekämpfen, géif een de den Entreprisen all Méiglechkeet ginn, fir d'Problemer z'ignoréieren.

Eent vun den Haaptargumenter géint d’Fräihandelsofkommes sinn d'Dispositioune ronderëm den Investoreschutz. Et gëtt gefaart, datt Schiidsgerichter den Entreprisen d’Recht gi fir géint Staaten ze kloen, wat et de Regierunge méi schwéier géif maache fir am Beräich vum Ëmweltschutz oder vum Aarbechtsrecht ze legiferéieren. De Patrick Leblond, Professer op der Universitéit vun Ottawa a Spezialist am internationalen Handel erkläert allerdéngs, datt de CETA Accord de Konzept vun de Schiidsgerichter reforméiert.

D'Ofkommes géif sech vu fréiere Fräihandelsaccorden, wéi den nordamerikaneschen NAFTA, däitlech ënnerscheeden. D'Texter wieren esou formuléiert, datt d'Regierungen net kéinten ënnergruewe ginn an hirer Manéier fir d'Gesellschaft an d'Wirtschaft ze geréieren. "Et sinn och d'Regierungen, déi d'Membere vum Schiidsgeriicht designéieren, keng ad-hoc Panelen oder Investisseuren." D'Regierungen an d'Entreprise misste sech iwwer d'Vertrieder eens sinn, betount de Patrick Leblond.

Kënnt et zu CETA?

Datt dëse reforméierte Konzept de CETA zu engem progressiven a fairen Accord géif maachen, huet och déi kanadesch Handelsministesch Chrystia Freeland ëmmer erëm bei de Kritiker ervir gehuewen. De CETA wier en Accord vun enger neier Generatioun. Et wier ee progressiven Accord, tëscht zwee progressive Partner.

Anescht wéi an Europa war d’Oppositioun géint CETA an der kanadescher Politik an Zivilgesellschaft ni grouss genuch fir den Accord ze menacéieren. D’Entscheedung läit deemno den Ament eleng bei de Memberstaaten vun der EU. Den Dënschdeg, 18. Oktober sollen déi europäesch Handelsministeren iwwert d’Schicksal vum Fräihandelsofkommes entscheeden. Nach ass onkloer ob beim Treffen ee Konsens zustane kennt. Zwar huet den Accord rezent eng legal Hürd iwwerwonnen, wéi dat däitscht Verfassungsgeriicht den 13. Oktober gréng Luucht ginn huet. Mee nach ass net sécher ob déi regional Regierung an der Wallonie ënnert dem Drock vu Kanada a verschiddenen EU Länner nogëtt an hire Veto géint den Accord zréckhëlt.

D'Enjeuen

Wann den Text net ugeholl gëtt, hätt Europa dem Conseil des Canadiens no eng Geleeënheet, fir ee méi fairen Accord ze negociéieren. Da kéint ee bei Null ufänken an ee méi equilibréierten Accord op d'Bee stellen, esou d'Sujata Dey.

De Patrick Leblond vun der Universitéit vun Ottawa warnt allerdéngs, datt d’EU hier Chancë fir aner Fräihandelsofkommes ofzeschléissen mat engem Refus géif a Gefor bréngen. Kanada wier dee Staat, deen den Europäer am mannsten Angscht géif maachen, d'Ekonomië wiere kompatibel. "Wann een dogéint China, d'USA, Indien ... all déi Staate kuckt mat deenen d'Europäesch Unioun soss nach kéint Fräihandel bedreiwe wellen ... dat gëtt onméiglech."

Wann d’Ofkommes den 18. Oktober ugeholl gëtt, trëfft de kanadesche Premier Justin Trudeau sech de 27. Oktober mat sengen Homologen um EU-Kanada Sommet fir den Text z'ënnerschreiwen. Fir dat Ganzt ze finaliséieren, muss d’EU Parlament Enn des Joers oder Ufank 2017 iwwert de CETA-Accord ofstëmmen.