Radioen

On air

Notturno  |  Corbi, Godié, Kalo De 78, Gospel Emcee, Fizé, Valkilla & T The Boss - Hamilius

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Jonker mat psychesche Problemer, net genuch Hëllef

Kanner- a Jugendpsychiatrie

Méi Jonker mat psychesche Problemer, net genuch Hëllef

Ëmmer méi Kanner a Jugendlecher leiden u psychesche Problemer. Och hei am Land. Gesellschaftlech Verännerunge bréngen Ängschten an Onsécherheet mat sech. D'Fäll vu Suicidgedanken oder -versich huelen zou, stellen d'Psychiatere fest. Iwwerdeems wier d'Betreiung zu Lëtzebuerg den Ausmoosse vum Problem net ugepasst.

Charlotte Wirth / md

auto_stories

4 min

D’Kannerpsychiatere si mat ganz ënnerschiddleche Problemer konfrontéiert. Jonker, déi op hiert Ëmfeld, op schwéier Familljeverhältnisser oder Iwwergrëffer reagéieren. Jonker mat Psychosen oder autisteschen Erkrankungen. Kanner a Jugendlecher mat Iessstéierungen oder Depressiounen. Ausléiser vu séilesche Stéierunge sinn dacks komplex Familljeproblemer, Eltere respektiv Bekannter mat psychesche Problemer, oder traumatesch Erliefnësser.

Virun zéng Joer hat de Kannerpsychiater Claudio Pignoloni vläicht zwee Fäll d'Joer. An Tëschenzäit hätt de Phenomen staark zougeholl. "Ee- bis zweemol d'Woch komme Famillje mat engem Kand ënner 14 Joer an d'Urgencen, Kanner mat Selbstmordgedanken, oder Kanner, déi scho Versich ënnerholl hunn. Meeschtens mat Medikamenter".

Firwat leide méi Kanner a Jugendlecher u psychesche Stéierungen?

Datt méi Jonker psychesch krank gi féieren d'Kannerpsychiateren ënnert anerem drop zréck, datt méi där Fäll méi séier wouer geholl ginn. Doduerch, datt d'Populatioun wiisst, klëmmt och déi statistesch Wahrscheinlechkeet vu psycheschen Erkrankungen. Des weidere kéint d’Migratioun gewësse Prozesser ausléisen.

Och Cybermobbing op de sozial Medie géif eng Roll spillen, erkläert Salima Arab. D'Kannerpsychiaterin nennt de Fall vun engem Jong, dee sech ëffentlech zu senger Homosexualitéit bekannt hat. "Doropshi gouf hie massiv iwwert déi sozial Medie gemobbt. Dat huet zu engem akuten Entgleise mat Suizidgedanke gefouert". Gläichzäiteg kënne Jonker iwwer sozial Medien Hëllef sichen. Ëmmer méi dacks hätt ee mat Fäll vu Kanner ze dinn, déi op Facebook oder What's App geschriwwen haten, se wéilte sech ëmbréngen. D'Police konnt alarméiert ginn, sou d'Psychiaterin.

Virun allem gesellschaftlech Verännerungen droen dozou bäi, datt séilesch Problemer ënner Jonken zouhuelen. Klengfamilljen hunn déi traditionell Groussfamilljen ofgeléist. Ëmmer méi Elteren erzéien hir Kanner alleng. De Leeschtungsdrock an der Schoul ass e wichtege Facteur ginn. Datt d’Mënschen hiert Liewen hautdesdaags méi fräi kënne féiere wier och net ëmmer vu Virdeel, seet de Claudio Pignoloni. "D'Ängschten an d'Onsécherheetsgefill sinn op alle Niveauen an d'Luucht gaangen. Et mierkt een, datt een dacks méi alleng do steet".

Wéi kann ee psychesch kranke Jonken hëllefen?

Séilesch Problemer bei Kanner musse fir d'éischt erkannt ginn. Dat ass net ëmmer esou einfach. Déi Jonk géife sech dacks anescht verhale wéi Erwuessener, deenen et net gutt geet, sou d’ Salima Arab. "Si verhale sech dacks einfach nëmme komesch oder ginn op d'Nerven, si gi vläicht och aggressiv." Dat wier dann net onbedéngt d'Zeechen, datt se schlecht erzu sinn. Domat géifen dës Kanner op hir psychesch Krankheet hiweisen.

Aggressivt oder asoziaalt Verhalen, Drogekonsum, Gesetzesverstéiss, Schoulschwänzen, sech oder anere wéi dinn... Fir de Psychiater Thomas Karst ass dat dacks den Ausdrock vun engem Trauma. "De séilesche System gëtt perturbéiert, deelweis ass et e Kontrollverloscht. Oder eng Reaktioun, déi sech ënnert der Form vun Desintegratioun ausdréckt." 

Eltere sollen net panikéiere wann e Kand verhalensopfälleg gëtt. Se sollen hannerfroen, wat esou e Verhale kéint bedeiten. Fir d'Eltere keng einfach Aufgab, gëtt d'Kannerpsychiaterin Raymonde Schmitz zou. "Et huet och ze di mat der Plaz vum Kand an der Gesellschaft. Erwuessener erzéie Kanner an denken, dat misst esou goen. Am Fong hu se Schwieregkeeten unzehuelen, datt eng psychesch Problematik dohannert ass."

Manktem u Strukturen zu Lëtzebuerg, pluridisziplinär Behandlungen néideg

Aus Siicht vun de Kannerpsychiateren hëlleft een de Jonke mat enger pluridisziplinärer Behandlung. Gefuerdert wieren, nieft Spezialisten an der Psychiatrie, och Psychologen, Therapeuten, Enseignanten oder och Infirmierën, seet d'Salima Arab. Dat ganzt Ëmfeld vum Kand misst mat abezunn, de Betraffenen an d’Gesellschaft integréiert ginn. E Kand an der Psychiatrie verstoppe wier falsch.

D’Strukturen zu Lëtzebuerg wieren dem Problem awer net gewuess, kritiséieren d'Kannerpsychiateren. D’Klinike wieren iwwerlaf. Fir akut Problemer ass fir Kanner nëmmen e Service am Centre Hospitalier zoustänneg. Jugendlecher kréien an der Jugendpsychiatrie um Kierchbierg gehollef. An am Ettelbrécker Centre Hospitalier neuro-psychiatrique gi Jugendlecher mat engem delinquenten oder destruktive Verhale stationär betreit. Besonnesch am ambulante Beräich vermëssen d'Kannerpsychiateren adequat Ariichtungen. Eng pluridisziplinär Behandlung wier net méiglech, vun der Gesondheetskeess gëtt se den Ament och net rembourséiert.

Lauschtert de Bäitrag vum Charlotte Wirth: