Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Käreuropa a Klengbritannien

Brexit

Käreuropa a Klengbritannien

D'Viviane Reding an de Claude Turmes begréissen d'Iddi vun engem Käreuropa ronderëm d'Grënnungsmemberen. Fir d'EU-Deputéiert misste Sécherheet, Wirtschaft a Soziales am Mëttelpunkt vum europäesche Projet stoen.

auto_stories

3 min

Viviane Reding (CSV) a Claude Turmes (déi Gréng)

"Dat parteipolitescht Trauerspill a Groussbritannien schéngt weider ze goen, et ass eng Schan", seet d'CSV-EU-Deputéiert Viviane Reding a Reaktioun dorobber, datt sech déi britesch Regierung wëll Zäit huele fir hiren EU-Austrëtt un ze kënnegen. Den Ausseminister vu Groussbritannien Philip Hammon hat gesot, de Referendum wär eng britesch Affär. An et wär u Groussbritannien, fir den Zäitplang ze bestëmmen.

Déi britesch Politiker sollten d'Konsequenzen aus dem Vote zéien an hir Responsabilitéit iwwerhuelen, fënnt d'Viviane Reding. "Mir kënnen net dauernd iwwer Groussbritannien rieden a verhandelen. Mir hunn eis europäesch Affären an d'Rei ze kréien". Och de gréngen EU-Deputéierte Claude Turmes fuerdert, datt et séier viru geet. "Mir brauche Kloerheet", seet hien.

Sécherheets- a Sozialpolitik an Europa

De Kampf géint den Terrorismus, d'Sécherung vun de Baussegrenzen an d'Asylproblematik, wäre wichteg Themen, déi Europa nom britesche Referendum sollte gemeinsam ugoen, esou d'Viviane Reding. Fir d'CSV-Europadeputéiert missten awer och wirtschaftlech- a sozialpolitesch Theme verdéift ginn.

De Claude Turmes fuerdert, datt sech Europa dem Populismus entgéint stellt. Donieft misst d'EU eng sozial Äntwert fannen, fir d'Globaliséierungsverléierer an Europa besser kënnen ze schützen. Fir de gréngen EU-Deputéierte wär déi aktuell Kris och eng Chance, fir datt sech Europa nei opstellt.

Der Viviane Reding no géingen d'Bierger an der EU net de Projet Europa kritiséieren, mee d'Art a Weis wéi e géing fonctionnéieren. Eng europäesch Reinvestitiounspolitik a manner Globaliséierung wären elo néideg, seet de Claude Turmes. "De Mënsch an dat Soziaalt musse méi an de Mëttelpunkt rëtschen, soss ass d'Onsécherheet fir grouss Deeler vun der europäescher Populatioun grouss. An da sinn populistesch Kräften oft capabel fir de Frust vun de Leit opzefänken", warnt de grénge Politiker.

Käreuropa ronderem d'Grënnungsmemberen

Béid Politiker begréissen d'Initiative, datt sech de Weekend d'Ausseminister vun de sechs Grënnungsmembere vun der EU getraff hunn. Aner EU-Memberstaaten haten dat kritiséiert.

"Déi Länner, déi kee minimalistescht Europa wëllen, mussen elo zesumme stoen", esou de Claude Turmes. Déi Länner bräichten eng Strategie, an dat wär net géint déi aner EU-Memberstaate geriicht. "Wann ee Käreuropa e politescht Europa ass, wou de Mënsch a Mëttelpunkt steet, dann ass dat dat Europa wat mir elo brauchen", seet de grénge Politiker.

Der Viviane Reding no hunn d'EU-Grënnungsmemberen eng gewësse Visioun vun Europa, där sech och aner EU-Staaten uschléisse kéinten.

Populismus responsabel fir Klengbritannien

"Schotte sinn Europäer, waren Europäer a wollten dat ganzt Gedeessems vum Cameron net matmaachen", esou d'CSV-Politikerin

Dem Claude Turmes no misst d'EU-Kommissioun méi staark op Schottland duergoen. Dernieft géing sech d'Fro vun Nordirland stellen. Et hätt een et net méi mat engem "United Kingdom ze dinn, mee mat engem "Disunited Kingom. Dee ganze Populismus géint Auslänner an Europa hätt dozou gefouert, datt eng grouss Natioun zu enger klenger Natioun géif ginn. Mat Sträit iwwerall: an de Parteien an an de Regiounen.