Radioen

On air

Notturno  |  Why Bonnie - Healthy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vill Problemer beim Placement vu Mannerjäregen an d'Psychiatrie

Kanner a Jugend

Vill Problemer beim Placement vu Mannerjäregen an d'Psychiatrie

Un engem neie Kanner- a Jugendschutzgesetz gëtt zanter 1992 geschafft. Zanter engem negativen Avis vum Staatsrot viru fënnef Joer ass net vill geschitt a wou d'Reform drun ass, konnt ee beim Ministère net gewuer ginn. De juristesche Kader ass beim Placement vu Kanner a Jugendlechen an d'Psychiatrie am Moment net adequat. En Dossier vum Charlotte Wirth / fa

auto_stories

3 min

Den Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand (ORK), d'Lëtzebuerger Gesellschaft fir Psychiatrie, Pedopsychiatrie a Psychotherapie (SLPP) an d'Affekotin Claudia Monti sinn sech op jidder Fall Eens: beim Placement vu Mannerjäregen de juristesche Kader ass am Moment net adequat.

Juristesch Froen

Gëtt en Erwuessene vum Geriicht an eng Psychiatrie agewisen, da gëtt et e strenge juristesche Kader: Et muss en Avis vun engem onofhängege Psychiater virleien an et musse strikt Critèren an Delaië respektéiert ginn. Bei Kanner a Jugendlechen ass dëst awer net esou. Bei relativ ville Fäll wieren d'Elteren oder d'Kand net averstan mam Placement, esou de President vum ORK, René Schlechter. "An deene Fäll misst een awer kënnen mat engem psychiatreschen Avis den Eltere kloer maachen, 'Dach, äert Kand braucht déi Hëllef'."

Der Affektoin Claudia Monti no, wier besonnesch problematesch, datt d'Kand selwer net onbedéngt misst gehéiert ginn, wann e Geriicht e Placement als dringend mesure de garde ordonnéiert. "Do gëtt eng Decisioun geholl, déi frappant ass fir d'Liewe vun deem Kand an dat gëtt do einfach erausgerappt." Donieft géing d'Kand hiren eegenen Diagnostic net gewuer ginn an d'Claudi Monti gëtt ze bedenken, datt genee wéi beim Placement vun Erwuessener och, een d'Recht op eng Privatsphär komplett géing verléieren.

Manktem u Ressourcen

De Suivi maache vun de placéierte Mannerjäregen ass net evident. Fir d'Psychiateren wier et besonnesch problematesch, wann d'Kanner am Ausland placéiert ginn, esou de René Schlechter (ORK). "Ech soe net, datt d'Klinike sech net méi ëm e Jugendleche këmmeren, mee et ass eigentlech och net virgesinn vun de Finanzementer hir a vun de Ressources Humaines hir, datt dat eventuell en immensen Opwand ka sinn (...)."

Op Säite vun de Riichteren, déi sech der Affekotin Claudia Monti no, hirer Responsabilitéit absolut bewosst wieren, wier de Problem, datt se nëmmen zu dräi wiere fir sech all d'Dossieren opzedeelen. "Dat ass immens wéineg, vu datt mer wahnsinneg vill Affairen an der Tëscht hunn. An d'Zuel u Mataarbechter ass net an d'Luucht gaang."

D'Spidol als Foyer

Gëtt e Mannerjäregen placéiert, geet d’Suergerecht vun den Elteren iwwer op d’Psychiatrie. Den Dr. Claudio Pignoloni vun der Lëtzebuerger Gesellschaft fir Psychiatrie, Pedopsychiatrie a Psychotherapie, SLPPP seet d'Spidol géing deemno dat neit Doheem vum Kand ginn. Mat all de Konsequenzen. Wat geschitt mat der Schoulflicht, wat geschitt mam Kannergeld, wien këmmert sech em d'Kleeder? "Bon mir fanne natierlech ëmmer eng Léisung, mee Dir gesitt, datt mer ganz séier an eppes erarutschen, an e Funktionnement vun engem Foyer. Mee dat ass net eist Mandat."

Souwuel den Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand (ORK), d'Affekotin Claudia Monti an d'Lëtzebuerger Gesellschaft fir Psychiatrie, Pedopsychiatrie a Psychotherapie(SLPP) wënsche sech eng Reform vum Jugendschutzgesetz. Wann de gesetzleche Kader méi streng gëtt, kann d'Jugendgeriicht manner op Eenzelfäll agoen, gëtt d'Riichterin Béatrice Kieffer ze bedenken. De Spillräum géing méi kleng ginn.