Radioen

On air

Notturno  |  Jarvis Cocker & Chilly Gonzales - Room 29

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kee Plang

Verfassungsreferendum

Kee Plang

Déi nei Lëtzebuerger Verfassung wäert net kënne virun den nächste Chamberwahlen a Kraaft trieden. Dat ass déi lescht Deeg kloer ginn, nodeems den CSV-Spëtzekandidat a Fraktiounschef Claude Wiseler gemengt huet, an dëser Legislaturperiod géif keng Zäit méi bleiwe fir e Vote am Parlament a fir den decisive Referendum. D'Fro, op wéi eng Manéier déi nei Verfassung soll a Kraaft trieden, ass en Trauerspill.

auto_stories

3 min

Jean-Claude Franck

Et ass keng Iwwerraschung, datt et esou lues enk gëtt an dëser Legislaturperiod: Gemengen- a Chamberwahle stinn un. Deemno ass et net evident och nach an der Chamber iwwer d'Verfassung ofzestëmmen an op d'mannst dräi Méint dono en decisive Referendum z'organiséieren. Mee dee Kalenner ass net eréischt zënter gëscht bekannt, a genee dat ass den éischte Problem: D'Chamber hat an hunn nach ëmmer kee Plang, wéi déi nei Verfassung soll a Kraaft trieden. Si hätt sech déi Fro missen direkt um Ufank stellen. Et wier besser gewiescht, si hätt de Kontakt mat de Bierger um Ufank vum Prozess gesicht a sech Réckendeckung geholl fir déi grouss Linnen.

17 Joer al ass d'Decisioun fir d'Verfassung nei ze schreiwen, well d'Kohärenz vum Text duerch déi vill punktuell Upassungen an der Vergaangenheet net méi garantéiert an den Text net méi der Zäit ugepasst war. Et huet awer ganzer 16 Joer gedauert, bis d'Bierger an engem consultative Verfassungsreferendum ëm hir Meenung gefrot goufen, awer just op dräi Punkten. Hätt een dat direkt um Ufank gemaach, hätt ee sech esouguer kënne virstellen, den decisive Referendum um Schluss duerch en zweete Vote am Parlament z'ersetzen.

Et geet net ëm d'Verfassung

Zweete Problem an dësem Dossier: Et gëtt net éierlech gespillt. D'CSV kéint roueg zouginn, datt et hir net em d'Verfassung geet, mä em d'Angscht fir virun de Chamberwahlen eng gemeinsam Campagne mat de Majoritéitsparteien ze maachen.

An d'Koalitiounsvertrieder sollen haut net sou beleidegt op der CSV hir Positioun reagéieren. Si haten et an der Hand fir fréi mat der CSV e Konsens iwwer d'Prozedur ze sichen. Si hätte kënnen nom Referendum vun Zejoert séier maachen an de Vote an de Referendum virun de Gemengewahle vun Oktober 2017 iwwer d'Bühn kréien. Si hätten och no der Ausso vum Claude Wiseler kënne fir de Referendum kämpfen a soen, datt si et nach an dëser Legislaturperiod wëllen op e Vote am Parlament ukomme loossen. Datt si dat alles net maachen, weist, datt déi meescht an der Koalitioun frou sinn, datt d'CSV déi Saach gekläert huet.

Vun der Angscht gedriwwen

D'Membere vun der Insitutiounekommissioun dinn engem dofir Leed. Mol eng Kéier en Dossier, op deem d'Chamber jorelaang intensiv schafft, an dann huet keen de Courage, déi Aarbecht an de Public ze droen an och dofir riicht ze stoen. Dobäi léisst d'Politik sech virun allem vun Angscht dreiwen, obwuel déi nei Verfassung vill manner wéi deet, wéi Kierzungen am Sozialbudget.

De Problem ass: Wann d'Politiker haut fäerten, datt d'Bierger um Enn am Referendum net iwwer d'Saach ofstëmmen, mee iwwer d'Wieder, d'Regierung oder soss eppes. Wie seet eis dann, datt d'Politiker dat no de Chamberwahle vun 2018 net nach ëmmer fäerten?

Deemno ass d'Fro haut méi wéi justifiéiert, ob déi nei Verfassung iwwerhaapt nach wäert a Kraaft trieden oder ob déi ganz Aarbecht ëmsoss war. War d'Aarbecht fir d'Kaz, da bréngt et d'Handlungsonfäegkeet vun der Politik par rapport zu de Bierger, deene keng rational Entscheedunge méi zougetraut ginn, op en neie Level.


Kee Plangplay_arrow