Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kee Prozess géint Robert Weber a ProActif

Justiz

Kee Prozess géint Robert Weber a ProActif

​D'Affaire iwwer méiglech Dysfunktionnementer bei ProActif ass klasséiert. Géint de Robert Weber, deemolege President vun der Beschäftegungsinitiativ, President vum LCGB an CSV-Députéierten, huet d’Justiz en Non-Lieu decidéiert.

auto_stories

3 min

Der Chambre du Conseil no gouf et net genuch Elementer fir d’Affaire op e Strofgeriicht ze schécken. De 16. Mäerz huet se e Non-Lieu zeréckbehal.

De Robert Weber, deen ënnert anerem Fälschung virgeworf krut, sot op Nofro hin hie wier frou iwwert d'Decisioun vun der Justiz.

Robert Weber a Nicolas Schmit

Elo wou de Robert Weber Zougang op den Dossier vun der Justiz huet, wëll hie mat sengem Affekot kucken, ob hien eng Plainte wéinst Diffamatioun géint de Nicolas Schmit a géint aner Leit wëll maachen.

De Robert Weber huet Ufanks 2012 behaapt, hie wier vum deemolegen Aarbechtsminister erpresst ginn: De Nicolas Schmit soll him gesot: "Wann s du net démissionéiers, da kriss du kéng Suen an dann hues du d’Responsabilitéit vu 700 Arbechtsplatzen."

  • Den Interview vum Maxi Pesch mam Robert Weber:

Dysfunktionnementer

D’Affaire ProActif geet zeréck op d’Joer 2011. Am September dat Joer hat de Radio 100,7 en Audit ëffentlech gemaach, deemno et grouss Dysfunktionnementer bei der Beschäftegungsinitiativ goufen.

  • De Panorama vum 29.09.2011

​​​​

Den Audit, deen den Aarbechtsminister Nicolas Schmit (LSAP) an Optrag ginn hat, huet eng Rei Responsabeler vu ProActif schwéier belaascht. D’Konte wiere kënschtlech opgeblosen an Dokumenter gefälscht gi fir esou méi finanziell Moyenen vum Fonds pour l'emploi kënnen ze kréien.

Den Aarbechtsministère hat den Dossier un d’Justiz weidergeleet. De Robert Weber ass an der Suite vun der Affaire als President vum LCGB an als President vum Verwaltungsrot vu ProActif zeréckgetrueden.