D’Stéckstoff-Emissioune vun Diesel-Gefierer leie siwe Mol iwwert de Normen. Lëtzebuerg an Irland leien an der EU bei de Stéckstoff-Emissioune vir. Zanter de 90er Joere wier op Diesel-Technologie gesat gi fir d’CO2-Emissiounen ze reduzéieren. Elo géing sech erausstellen, datt den Diesel dat kaum géing bewierken, esou de Michel Calmes.
Firwat Diesel-Wäerter zu Lëtzebuerg am héchste si wier schwiereg ze soen. Well iwwerall an der EU wieren d’Steieren um Diesel méi niddereg wéi um Bensin. Dem Ingenieur no dierf dat awer net sinn. “Dir musst Iech och virstellen, datt Diesel 14 Prozent méi Energie huet wéi Bensin, also misst den Diesel eigentlech méi deier sinn”.
Ob et bei der geplangter Steierreform zu enger Hausse vun den Accisen um Diesel kënnt ass nach net gewosst. Déi Gréng soten, bei der Reform géingen och ecologesch Aspekter diskutéiert ginn. D’DP géing sech par konter schwéier doe mat enger Hausse vun den Taxen um Diesel. Fir de Michel Cames géing den Tanktourismus awer souwisou dem Staat ëmmer manner bréngen.
Och bei de Konsumente misst e Mentalitéitswiessel kommen. De Michel Cames mengt, datt vill Garagisten de Clienten Diesel-Autoen opschwätzen. “Ech hoffen datt dat sech elo bëssen ännert oder d’Leit sech selwer méi informéieren.”
Alternativen zum Diesel an zum Bensin
Aussoe vum Groupement pétrolier, datt et keng kredibel Alternativen zum Diesel a Bensin géinge ginn, kéint een net einfach esou stoe loossen. Op éischter Stell géing et den Hybrid ginn, esou de Michel Cames. “Wann d’Europäer méi an den Hybrid investéiert hätten, da wäre se lo net puer Joer hannert de Japaner.” Trotzdem kéint een an Europa séier op Hybrid ëmklammen, mengt den Ingenieur.
Den Elektro-Auto géing nach méi laang brauchen. Well sech d’Fro stellt wéi de Stroum fir Elektro-Autoen géing produzéiert ginn, plädéiert de Michel Cames fir manner Atomenergie.
“Mir musse souwisou kucken méi vum Individual Verkéier erofzekommen an dat elo ze pushen”.
De Michel Cames war den 19. Oktober Invité vum Mick Entringer.