Radioen

On air

Notturno  |  The Free Design - Bubbles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Keng eng Auer verschenkt"

Flavio Becca

"Keng eng Auer verschenkt"

D'Enquête géint de Flavio Becca, wéinst Ënnerschloe vu Gesellschaftsverméigen, wäert net zu engem Prozess féieren. Dovunner geet den Affekot vum Flavio Becca, den André Lutgen aus. Hien a säi Client goufen de Moie vum Untersuchungsriichter Ernest Nilles verhéiert an iwwert d'Konklusioune vun der Enquête informéiert. D'Instruktioun ass awer nach net ofgeschloss.

auto_stories

3 min

Den André Lutgen seet, d'Enquêteuren hätten net kenne feststellen, datt de Promoteur Luxus-Aueren un Decideuren verdeelt hätt. D'Enquete hat Enn 2010 ugefaang. 2011 gouf et Perquisitioune beim Flavio Becca. D'Enquête hätt esou laang gedauert, well d'Enqueteuren hätte ganz genee nogesicht, ob de Promoteur Auere verschenkt hätt a Leit bestach hätt. Mat der Enquête wieren déi Virwërf elo "vëlleg entkräft", esou den André Lutgen.

Et misst een dovunner ausgoen, datt et an der ganzer Affär em d'Aueren zu engem Non-lieu kënnt, esou den André Lutgen. "Finito!", sou den Affekot.​

Olos Fund- Affär: "eng Machinatioun"

Am Sträit tëscht dem Geschäftsmann Eric Lux an dem Flavio Becca, géing et sech dem André Lutgen no iwwerdeems ëm eng Machinatioun handelen. An engem Uerteel vum Bezierksgeriicht Lëtzebuerg vum 22. Februar wier decidéiert ginn, datt en Affekot mat der Allocatioun vun den Aktiver vum Olos Fund beschäftegt gi wier.

Et wier probéiert ginn de Flavio Becca "ëm säi Verméigen ze bréngen", esou den André Lutgen.

"Eng Cabale, eng Conspiratioun"

Déi ganz Affär rondrëm d'Luxus-Auere vum Flavio Becca wier eng "Cabale", esou den André Lutgen. Hie géing net u Conspiratioune gleewen, mee an dësem Dossier géing alles drop hindeiten datt et eng wier "fir un epes ze kommen, wou ee keen Urecht drop huet."

Ob hien a säi Client de Flavio Becca wéilten juristesch Schrëtt huelen wollt den Affekot nach net soen. D'Enquête hätt fënnef Joer gedauert an et "kënnt elo net méi op een Dag un."

  • Den Interview vum Carole Schimmer mam André Lutgen: