Radioen

On air

Notturno  |  Ish - Don't Stop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng sozial Dimensioun an der Rifkin-Etude

Wuesstem

Keng sozial Dimensioun an der Rifkin-Etude

Déi sozial Dimensioun feelt am Rifkin-Rapport, si muss awer bei der digitaler Revolutioun berécksiichtegt ginn. Doriwwer ware sech den OGBL-Gewerkschaftler Nico Clement, den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler an de President vun der Chambre de Commerce Michel Wurth an eiser Emissioun “Riicht eraus” eens.

auto_stories

3 min

v.l.n.r: Nico Clement (OGBL), Claude Wiseler (CSV), Michel Wurth (Chambre de Commerce)

Bei der Presentatioun vun der Etude fir Lëtzebuerg op déi sougenannten "Drëtt industriell Revolutioun" ze preparéieren, hat den Auteur Jeremy Rifkin de leschte Méindeg recommandéiert, datt déi sozial Dimensioun am Zentrum soll bleiwen.

Den Nico Clement, Member vun der OGBL-Geschäftsféierung fuerdert, datt net d’Ekonomie, mee dat Soziaalt misst als Prioritéit gesi ginn. Eréischt da soll iwwer déi technesch a politesch Ëmsetzung vun de geplangte Changementer decidéiert ginn.

Och den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler huet festgestallt, datt d’Etude där sozialer Dimensioun net Rechnung dréit. Egal wéi eng Transformatioun vun der Wirtschaft an den nächste Joerzéngte géif geschéien, misst de sozialen Aspekt wichteg bleiwen. "Wann dir wëllt eng Revolutioun oder eng Evolutioun maachen an dir vergiesst d'Leit matzehuelen, da leit dir souwisou donieft", esou de Claude Wiseler. Kee soll op der Streck bleiwe bei der Ëmstellung vun der Ekonomie, esou seng Fuerderung.

De Michel Wurth, President vun der Handelskammer, huet dorun erënnert, datt um Ausschaffe vun der Rifkin-Etude 300 Fräiwëlleger aus der Wirtschaft an der Zivilgesellschaft "zimlech bottom up" matgeschafft hätten. Elo misst thematiséiert ginn, wéi déi Beschäftegt aus den Entreprisen bei de Changementer kéinte matmaachen. D’Zil vun der Etude wier et gewiescht, fir opzeweisen, wéi ee Potential d’Digitaliséierung vun der Ekonomie fir d’Entreprisen zu Lëtzebuerg hätt, esou de Michel Wurth weider.

Kaum nei Proposen

De Claude Wiseler huet bedauert, datt an der Rifkin-Etude net vill Neies u Virschléi ze fanne wier. Hie wier awer bereet, iwwert d’Zukunftsperspektive matzediskutéieren. Den CSV-Fraktiounschef kritiséiert iwwerdeems, datt d’Regierung d’Oppositiounsparteien net invitéiert hat, fir beim Ausschaffe vun der Rifkin-Etude matzeschaffen.

D’Diskussioun iwwert d’Digitaliséierung vun der Lëtzebuerger Ekonomie géif vill méi wäit goe, wéi nëmmen d’Mesuren aus der Rifkin-Etude, esou den OGBL-Gewerkschaftler Nico Clement. Hie betount, bei de geplangte Gespréicher am Wirtschafts- a Sozialrot soll sech deemno net nëmmen op déi Etude limitéiert ginn. Den technesche Fortschrëtt dierft een net als Automatismus gesinn – E misst politesch encadréiert ginn. Zum Beispill dierft d’Digitaliséierung net derzou féieren, datt prekär Aarbechtsverhältnisser géifen d’Norm ginn.

Lëtzebuerg als Pionéier

Lëtzebuerg – deem et haut ganz gutt géif goen – soll als éischt Land seng Wirtschaft a Richtung vun der digitaler Wirtschaft ëmstellen, huet de Michel Wurth recommandéiert. Wann dat géif geléngen, da géif hie sech keng Suerge maachen, datt et d’Enn vun der Aarbecht wier. De President vun der Handelskammer huet vun enger Revolutioun geschwat an ënnerstrach: Wann een déi nei Technologië géif asetzen, da géif een eng immens Steigerung vun der Produktivitéit erreechen.


Den US-Ekonomist Jeremy Rifkin hat viru gutt engem Joer vun der Regierung a vun der Handelskammer den Optrag kritt, fir eng nei Wirtschaftsstrategie fir Lëtzebuerg auszeschaffen. Dës Etude vu 475 Säiten huet 425.000 Euro kascht. An der Etude sti Recommandatioune wéi Lëtzebuerg sech op déi digital Welt ka virbreeeden, zum Beispill duerch gréisser Changementer an de Beräicher Energie oder Mobilitéit.