Gemengepolitik Kippt d’Majoritéit zu Beetebuerg?

An der Südgemeng gëtt et Spannunge wéinst dem Ausbau vun der Haaptstrooss, d’rue de la Gare. Beim Vote am Gemengerot huet d’CSV-Conseillère Christine Doerner géint hir eege Koalitioun (CSV-DP-Déi Gréng) gestëmmt an eng LSAP-Motioun matgedroen.

Pierre Reyland, md

betebuerg.jpg
D'Beetebuerger Gemeng

Bei enger zweeter Motioun vun der Oppositioun iwwert dee selwechte Projet huet d’Christine Doerner sech enthalen. Am éischten Text vun der LSAP goung et ëm d’Ofschafe vun iwwer 20 Parkplazen. D’Sozialisten haten d’Gemeng opgefuerdert, no eng anerer Léisung ze sichen. Dat kruten se och duerchgesat... well d’CSV-Politikerin Doerner mat der Oppositioun gestëmmt hat. Hir Koalitioun hat keng Majoritéit méi.

“Et ass net déi éischte Kéier, datt se sech net onbedéngt verhält, wéi dat sech fir e Koalitiounspartner gehéiert”, sot den DP-Schäffe Gusty Graas. An der zweeter LSAP-Motioun geet et ëm eng Ënnerféierung. Duerch d’Enthalung vum Christine Doerner gëtt et am Oktober doriwwer ee weidere Vote am Gemengerot. D’CSV-Politikerin misst kloer gesot kréien, datt si bis d’Gemengewahlen am Hierscht 2017 ee Schäfferotsprogramm ze respektéieren hätt. “D’Majoritéit ass knapp zu Beetebuerg, do ass een op all Stëmm ugewisen. D’CSV muss dat elo ganz séier ugoen”, sou de Gusty Graas.

"Si huet hir Etude do"

Den CSV-Buergermeeschter Laurent Zeimet war nom Vote um Freideg de Moien och net begeeschtert. Mat senger Parteikollegin hätt hie scho geschwat a weider Gespréicher wiere virgesinn. “An da wäert sech déi Saach klären. (...) Ech ginn dovun aus, datt jiddereen, deen op der Lëscht vun der CSV ass de Wahlprogramm vun der CSV ënnerstëtzt.” Dat selwecht géif fir de Koalitiounsaccord gëllen, sou de Buergermeeschter.

De Gusty Graas kéint – eegenen Aussoen no - zum Deel novollzéien, firwat d’Christine Doerner – déi vu Beruff Affekotin ass - bei der Fro vun de Parkplaze mat der LSAP gestëmmt huet. “Si huet hir Etude do. (...) Ech bleiwen awer der Meenung: ee Member vum Gemengerot muss nach ëmmer d’Interessie vun der Allgemengheet vertrieden.”

Eng Reaktioun vum Christine Doerner konnte mir op dësem Freideg iwwregens net kréien.

Lauschtert dem Pierre Reyland säi Bäitrag:

Spannungen zu Beetebuerg

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen