Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Souwäit wéi méiglech ënner zwee Grad"

Kleng Inselstaaten an de Klimawandel

"Souwäit wéi méiglech ënner zwee Grad"

Staark Stierm an Iwwerschwemmungen si Wiederphänomen, déi mam Klimawandel elo schonn ëmmer méi dacks an de pazifeschen a karibeschen Inselstaaten virkommen. Um Bord vun der Weltklimakonferenz ass lo entscheed ginn, datt sollen 80 Milliounen Dollar fir besser Fréiwarnsystemer bereet gestallt ginn. Gedroe gëtt de Projet vu Frankräich, Australien, Kanada, Däitschland a Lëtzebuerg. Pia Oppel / ckl

auto_stories

2 min

"Am Schnëtt gëtt all Joer eng Insel an der Karibik vun engem staarke Tropestuerm getraff, och baussent der Hurricane-Saison."

CREWS, dat steet fir Climate Risk Early Warning Systems – gemengt ass also ee Fréihwarnsystem fir d'Klimarisiken, ee System, dee kann Liewe retten. "Am Schnëtt gëtt all Joer eng Insel an der Karibik vun engem staarke Tropestuerm getraff, och baussent der  Hurricane-Saison. Mir brauchen also Fréihwarnsystemer fir Iwwerschwemmungen an och Systemer, déi virun Ärdrutschë kënne warnen", sot den Ëmweltminister vun der Karibikinsel Saint Lucia, James Fletcher, am Kader vun der Weltklimakonferenz.

Lëtzebuerg leet eng Millioun Euro d'Joer zur CREWS-Initiativ bäi. D'Emweltministesch Carole Dieschbourg schwätzt vun engem Solidaritéitsgeste a vun enger Allianz: souwuel d'EU wéi och d'Inselstaaten hätten en Interessi drun, datt en dynameschen Accord op der COP21 fonnt gëtt. 

"Souwäit wéi méiglech ënner zwee Grad"

Mee, fir datt d'Existenz vun de klengen Inselstaaten net a Gefor geréit, misst d'Ärderwärmung awer op maximal 1,5 Grad limitéiert ginn. An de Verhandlungen steet bis elo een Zil vun zwee Grad am Raum. D'Carole Dieschbourg seet, d'Europäer wieren oppen fir op ënner zwee Grad ze kommen. "Mir wëllen souwäit wéi méiglech ënner zwee Grad bleiwen", seet d'Emweltministesch. An domat wieren och 106 aner Länner prinzipiell averstaan, dorënner d'Länner vum Climate Vulnerability Forum. 

D'Verhandlungen zu Paräis kommen awer den Ament net gutt virun. Et ass een also wäit vun engem Zwee-Grad-Zil ewech. Stéchdatum fir de Projet vum Ofkommes an enger méi kuerzer Versioun ze presentéieren ass e Samsden. Wat bis dohinner net um technesche Niveau vun den Negotiateuren ka geklärt ginn, mussen dann eventuell d'Ëmweltministeren an der zweeter a leschter Woch vum Sommet tranchéieren.

Lauschtert de Bäitrag vum Pia Oppel: