Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verpasste Geleeënheeten an der DP

Regierungsembildung

Verpasste Geleeënheeten an der DP

“D’Maggy Nagel ass zur Konklusioun komm, datt den ëffentlechen Drock ze grouss war". Esou huet de Premier Xavier Bettel de Récktrëtt vun der Kultur- a Logementsministesch begrënnt. Duerch hir Demissioun wéilt si verhënneren, datt de Ministère oder d’DP zu Schued kommen. Datt d'Maggy Nagel ëffentlechem Drock ausgesat war, ass awer net alleng hir Schold. E Kommentar vum Jean-Claude Franck

auto_stories

3 min

Jean-Claude Franck

D'DP ass schlecht drun. Zwee Joer nodeems si vun der Oppositiounsbänk an d'Regierung gewiesselt ass, huet d'Demokratesch Partei nom André Bauler en zweete Regierungsmember verluer. An am Fall vun der Kulturministesch war et laang viraus ze gesinn. Während de Koalitiounsverhandlungen ass schonn de Geck mat der der fréierer Munnerefer Buergermeeschtesch gemaach ginn, datt si sech net géif mat de groussen Defisen ausernee setzen, déi op si duer komme kéinten. Trotzdem koum si zu Minister-Éieren, an dat direkt an zwee wichtege Ministèren, der Kultur an dem Logement.

Am Mäerz 2015 ass am Fall Nagel nees zréck geruddert ginn. Si krut am Logement mam Marc Hansen e Staatssekretär un d'Säit gesat. "D'Madame Nagel mécht eng ganz exzeptionell Aarbecht", sot de Premier de 27. Mäerz nom Regierungsrot. Dat huet kee gegleeft, well et war séier kloer, datt d'Maggy Nagel zënterhier just nach um Pabeier de Chef am Logementsministère war, a Wierklechkeet zënterhier awer näischt méi do ze soen huet. Spéitstens den 30. Juni huet jiddereen dat verstan well d'Fra, déi um Pabeier Logementsministesch war, mol net an der Chamber während enger ëffentlecher Debatt iwwer d'Logementspolitik dobäi war. D'DP huet dem Land eppes virgemaach, amplaz fréi fir Kloerheet ze suergen.

An och an de leschten Deeg ass déi Geleeënheet verpasst ginn. Datt de Xavier Bettel véier Deeg virum Récktrëtt vun der Ministesch hei op der Antenn e puer mol op d'Zukunft vun der Maggy Nagel ugeschwat gouf, huet domat ze dinn, datt mer wossten, datt de Premier scho wosst, datt eng Regierungsembildung géif gemaach ginn. Allerdéngs gouf et bis um Virowend vun der Annonce vum Récktrëtt kee richtege Plang, an dat huet ee gemierkt.

Guy Arendt als Minimal-Kompromëss ?

D'Léisung, déi dunn no vill ze laangem Hin an Hir fonnt gouf, ass schwaach. D'DP-Sektioun Osten stellt elo kee Regierungsmember méi, et ass eng Fra manner an der Regierung wéi virdrun, a virun allem gëtt d'Chance verpasst, méi e jonke Kandidat fir d'Zukunft opzebauen. De Geschäftsaffekot Guy Arendt huet als Deputéierten d'Logementskommissioun vun der Chamber presidéiert an ass donieft a finanzpoliteschen an net a kulturpoliteschen Dossieren opgedaucht. A wéi eng Impulser wëll hie ginn ? 24 Stonnen nodeems hie vun der Parteispëtzt gefrot gouf fir Staatssekretär am Kulturministère ze ginn, sot hien am 100,7-Interview: "Ech géif froen, datt der mer e bësse Verschnaufpaus gitt bis ech mäi Poste verdaut hunn. D'Visioune kommen da selbstverständlech no."...

Jidderee weess och, datt hie just zweete Choix ass. D'Regierungsmembere vun der DP hu jo fir t'éischt de Lex Delles gefrot, mä deen huet refuséiert.

Wat de batteren Nogeschmaach hannerléisst, datt et an der DP zwee Joer no de leschte Chamberwahlen e groussen Duercherneen a keng kloer Féierung gëtt. Déi nei Parteispëtzt huet deemno vill ze dinn, well déi nächst Wahle komme séier.

An nach eppes wësse mer zënter dem Nagel-Exit : an zwar, datt de Gilles Baum sech keng Chancë méi op eng Zukunft an der DP muss maachen. Fir t'éischt gouf hien als Generalsekretär ofgeseet, an du gouf hien als Nächstgewielten hannert dem Lex Delles am Bezierk Osten mol guer net gefrot fir Staatssekretär ze ginn. En totalen Desaveu...