Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Faux Real - Rent Free

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Luc Frieden soll Retour an d'Politik si loossen"

Zukunft vun der CSV

"Luc Frieden soll Retour an d'Politik si loossen"

Hien hätt nach net decidéiert, ob hien nees méi eng aktiv Roll an der Politik iwwerhuele wëll, sot de Luc Frieden rezent am Lëtzebuerger Wort. De fréieren CSV-Minister ass no sengem Ambitioune gefrot ginn, um Dag wéi bekannt gouf, datt e vun dëser Woch u President vum Verwaltungsrot vum Groupe Saint-Paul ass, dem Editeur vun ënnert anerem dem Lëtzebuerger Wort. Recommandatioun: De Luc Frieden soll d'Fangeren an Zukunft vun der Politik loossen.

E Kommentar vum Jean-Claude Franck

auto_stories

3 min

"E Retour vum Luc Frieden an d'Politik ass net richteg an net fair", mengt den 100,7-Chefredakter

Jo, mir liewen an enger Zäit, an där séier vergiess gëtt - mä eng kollektiv Amnesie hu mer trotzdem net.

Erënnere mer eis emol: De Luc Frieden, dat ass deen Ex-CSV-Minister, deen d'Affär Cargolux provozéiert huet, well hie mat engem Handschlag en Drëttel vun der Cargolux u Qatar Airways verkaf huet, ouni strategescht Konzept an ouni de Präis am Virfeld mat den aneren Aktionären ofzeschwätzen.

Et ass och dee Justizminister, deen an der leschter Legislaturperiod op een Hoer e Mësstrauensvote an der Chamber verluer hat. Drock vum Minister op d'Justiz fir d'Bommeleeër-Enquête net weider ze féieren, war de Virworf, an dee gouf vu Spëtzeleit an der Justiz ëffentlech formuléiert. D'Virwërf waren esou eescht, datt de Koalitiounspartner LSAP den 13. Juni 2013 eigentlech dem deemolege Justizminister d'Vertrauen entzéie wollt, hätt de Roby Biever net e puer Stonne virum Vote op enger Pressekonferenz eng zweedeiteg Ausso gemaach. Vill Leit hunn dat vläit net esou matt kritt, mä et waren den RTL-Chefredakter an och d'Lëtzebuerger Wort, déi dem Luc Frieden seng politesch Carrière deen Dag gerett hunn: si hunn d'Ausso vum Roby Biever nämlech ouni mat der Wimper ze zécken esou interpretéiert, wéi wann de Procureur géif zréck rudderen, a sou huet d'LSAP sech net méi getraut géint de Luc Frieden ze stëmmen (wann ee sech drun erënnert, datt den RTL-Chefredakter dem Luc Frieden den Dag virum Vote an engem Live-Interview nach "bonne Chance" gewënscht hat, kann ee sech säint jo denken).

Jiddefalls : den Dag vum Mësstrauensvote sot de Luc Frieden an der Chamber, him wier et ëmmer em den Interêt général gaang. Mä dat wëll ech a Fro stellen: de Luc Frieden war nämlech och Finanzminister, an an där Funktioun huet hie méi receptiv geschéngt fir d'Interessie vun de grousse Banken an de grousse Consulting- an Auditfirme wéi fir soss iergend eppes. Déi iwwerdriwwe Steiervirdeeler fir Multinationalen, déi mat der Lux-Leaks-Affär bekannt goufe, ginn op d'Ära Frieden zréck. Eng Ära, an där de Finanzministère souguer en Deloitte-Steierexpert als Consultant bezuelt huet. Déi Mataarbechter, déi fir den Interêt général geschafft hunn, huet e vergrault, während seng enkste Mataarbechter Heinrich a Khabirpour nom Regierungswiessel bei der Banque de Luxembourg a bei der BIL ënnerkomm sinn, an hie selwer ass wéi mer wësse bei d'Deutsche Bank op London gewiesselt.

A firwat ass hien dohi gewiesselt ? Well hie keng Loscht op Oppositiounsaarbecht an der Chamber hat. Méiglecherweis, well en du fir d'Big Four net méi sou interessant war. Sou huet en d'Equipe ronderëm de Claude Wiseler am Stach gelooss, an denkt dann elo, wann d'Sondagë fir d'CSV nees eng Regierungspartizipatioun wahrscheinlech maachen, iwwer e Retour an d'Politik no. Dat ass net richteg an net fair, an dofir hätt d'CSV besser hir Zukunft mat neie Leit ze preparéieren, ouni de Luc Frieden. Dat ass an deem sengem eegenen Interessi, mä virun allem an deem vun der CSV a vun der Politik am Allgemengen.