Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Norah Jones - Running

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De grousse Worf?

Lycéesreform

De grousse Worf?

Iwwer zwee Joer huet et gedauert bis den Educatiounsminister Claude Meisch seng Iwwerleeungen iwwert d’Lycéesreform presentéiert huet. E Pabeier vu sechs Säite gouf virgestallt. Dat ass wäit ewech vun engem geschriwwene Gesetzprojet. Dee soll virum Summer virleien. E Kommentar dozou vum Mick Entringer.

auto_stories

3 min

War dat et elo? De grousse Worf fir de Lycée vum DP-Educatiounsminister? Wat bleift nach vun der geplangtener Lycéesreform vu senger LSAP-Virgängerin? Esou genee weess een et net, mee aus de publizéierte Richtlinne vum Claude Meisch geet dëst ervir: Den Tutorat gëtt net generaliséiert, den Travail personnel (eng Aarbecht déi op Deuxième redigéiert sollt ginn) gëtt net erwähnt, de wichtegsten Dossier wann et ëm d’Lëtzebuerger Schoul geet, d’Sproochen, gi mat kengem Wuert ernimmt. An de Prinzip vu méi Schoulautonomie - dee schonn am Projet de loi Delvaux virgesi war - gëtt als grouss Neierung ugekënnegt.

Reform schéngt ze verfléien

De Gesetzprojet vu der Mady Delvaux gouf viru bal dräi Joer an der Chamber deponéiert. Fënnef Joer laang war diskutéiert, debattéiert a gestridde ginn. No Assisen an Avisen, no Strossenopmärsch an annoncéierte Streiken, no repetéierte Concessiounen an Text-Modifikatioune blouf eng kleng Reform iwwreg. Mee och déi schéngt ze verfléien.

Virun iwwert engem Joer hat de Staatsrot deen Text endlech aviséiert. Du rëm ee Joer laang näischt méi, guer näischt. Keng Chamberkommissioun déi sech mat der Lycéesreform beschäftegt huet. Keng kloer Ausso vum concernéierten de Minister, deen a Streidereie verwéckelt war mat den Enseignantsgewerkschaften an de Proffekomittee wéinst Spuermesuren.

Onverständnis a Kritik

No der leschter Woch herrscht weiderhin Onkloerheet, a betraffend Onverständnis: Esou beim LSAP-Member Ben Fayot, dee sech hei op der Antenn gefrot huet, ob déi vum Claude Meisch verstane Schoulautonomie géing bedeiten, datt d’Responsabilitéit fir Problemer ze léise vun der Politik ewech un d’Schoule géing gedroe ginn, fir esou engem Konflikt mat de Gewerkschaften aus de Féiss ze goen. De selwechten Zweiwel huet d’CSV-Deputéiert Martine Hansen hei op der Antenn ubruecht, a virdru gewarnt, datt falsch verstane Schoulautonomie zu regionalen Ongerechtegkeete kéint féieren. Eng Angscht, déi och den Daachverband vun den Elterenassociatioune FAPEL deelt, deen den neie Richtlinne fir de Lycéeën op Nofro hin ganz skeptesch géigeniwwer steet. D’FAPEL kritiséiert och, datt de Claude Meisch iwwerhaapt net mat den Elteren iwwert seng Visioune geschwat huet.

Wat bréngt et de Schüler?

An déi aktuell LSAP; si reagéiert hirersäits ganz zeréckhalend op d’Distanzéierung vum DP-Koalitiounspartner zum fréieren LSAP-Projet. D’Mady Delvaux selwer wollt op Nofro näischt méi zu all deem soen.

Just d‘Enseignantsgewerkschafte si moderéiert zefridde mat deem wat virleit. Eegenaarteg! Wéi wann déi publizéiert Richtlinnen iwwert d’Reform vum Lycée, déi net méi esou soll genannt ginn, virdru mat hinnen ofgekläert gi wären.

Dat wär vläicht e politesch an taktesch schlaue Schachzuch, fir deen an de Sondagen onbeléiften Edukatiounsminister, an deen duerch ze vill Chantieren iwwerfuerderte Ministär. Wat awer bréngt dat der Bildung an de Schüler?


Audio: De Kommentar vum 25. Januar vum Mick Entringer