Radioen

On air

Notturno  |  404 Guild - The Evening Star

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op der Sich nom verluerene Schatz

Konschtdetektiven

Op der Sich nom verluerene Schatz

Dem Edvard Munch säi "Schrei", oder och "Tête de cheval" vum Picasso si nëmmen zwee Beispiller fir Konschtwierker déi geklaut a vu Detektiven erëm fonnt goufen. Mee wéi gi si an der Praxis vir, a wien sinn iwwerhaapt déi Leit déi Tableauen oder Konschtobjete klauen? Mir hu mat zwee Konschtdetektiven geschwat.

auto_stories

9 min

Konschtraiber si "keng Opportunisten", seet de Richard Ellis, "net wéi déi wou eng Posch klauen".

Den Englänner Richard Ellis ass ee vun de bekannteste Konschtdetektiven. Seng Carrière huet beim Scotland Yard zu London ugefaang, wou hien de Service fir Konscht an Antiquitéiten reforméiert a sech och ëm geklaute Konschtwierker gekëmmert huet. Konschtraiber si "keng Opportunisten", seet de Richard Ellis, "net wéi déi wou eng Posch klauen". Nee, Konschtraiber wiere professionell Gangsteren, déi och eppes vun der Konscht verstinn déi se klauen. "Si wëssen wei si d’Konscht kënnen un de Mann bréngen, an wei se kënnen esou Suen maachen", sou de Richard Ellis.

De Richard Ellis huet sech international als Konschtdetektiv e Numm gemaach, virun allem well hien zwee geklaute Picassoen a Serbien erëm fonnt huet. An et war och de Richrad Ellis deen “Der Schrei” vum Edvard Munch erëm fonnt, nodeems et 1994 an der norwegescher Haaptstad geklaut gouf. Well London eng wichteg Plaz fir de Konschtmarché ass, vill Banken, Assurancen an Transport Firmen hire Setz do hunn, hat de Richard Ellis a seng Equipe vun der "Art and Antics Squat" d’Gefill wéi wann d’Bild iergendwann do erëm géif optauchen.

Dem geklaute "Schrei" op der Spur

"Als éischt wollten d’Gangsteren mat der norwegescher Regierung verhandelen an se erpressen fir d’Bild erëm ze kréien. D’Regierung ass awer net dorop agaang. Dunn hunn se een engleschen Drogeschmuggler benotzt, deen zu London gewunnt huet. Hien huet dunn d’norwegesch Police kontaktéiert a gesot, datt hien Informatiounen hätt wouduerch si d’Bild kéinten erëm fannen, an wollt déi un d’Police verkafen. D'Police huet ugefang mat där Persoun ze verhandelen. Do koume mir an d’Spill, an hunn eis Undercover Operatioun lancéiert", erënnert de Richard Ellis sech.

Op Konscht spezialiséiert Gangsteren hunn och hire eege Firmen, seet de Richard Ellis. An engem gewësse Sënn géifen dës Gesellschaften ähnlech wéi éierlech Entreprisen ausgesinn: et gi Gewënn a Verloschter, an et gi Sue geléint fir nei Investissementer ze maachen. Geklaute Konscht gëtt um Schwaarzmaart als Garantie benotzt. "Oft huelen d'Raiber de geschate Wäert deen an der Presse steet, nodeems d’Bild geklaut gouf. Um Schwaarzmaart sinn dann 3 bis 10 % vun dësem Montant d'Sécherheet", erkläert de Richard Ellis

"Konscht als Sécherheet op der Bank"

Interessant ass, datt déi geklaute Konschtwierker net ëmmer verkaaft hin. De Richard Ellis erklärt: "Konscht gëllt – wéi en Haus – op der Bank als Sécherheet. D’Gangsteren déi Konscht hunn, e Picasso oder ee Vermeer, kënnen ee Bild sou laang halen, bis si de Prêt, deen se jo duerch d’Biller iwwerhaapt réischt konnte maachen, net méi kennen bezuelen. Da mussen se et erëm ginn", sou de Richard Ellis.

D’Suen, déi op dës kriminell Aart a Weis gemaach ginn, ginn zum groussen Deel net a propper Geschäfter investéiert. Gangsteren hu verstan, datt geklaute Konscht an Antiquitéiten eng "ideal Währung" sinn, seet de Richard Ellis. "Ech hunn dat a Serbien erlieft, do goufe Picassoen benotzt fir Drogen ze bezuelen".

​D’Klaue vu Konschtobjeten ass ee lukrativ Geschäft. Anescht wéi, zum Beispill, ee Computer verléiert een Tableau net sou séier säi Wäert. "Wa Konscht geklaut gëtt, da verléiert een eppes wat engem emotional wichteg ass oder engem perséinlech wichteg ass, well een eng Kollektioun huet. An d’Chance ass grouss datt de Wäert no 10 Joer an d’Lut gaang ass, an net ëm gedréint", erkläert de Richard Ellis.

​"Déi schéinsten Objeten a private Kollektiounen"

De Richard Ellis ass ouni Zweiwel vu sengem Beruff begeeschtert a kann op eng Rei Succèsen zréck kucken. Mee et wier awer net den Erfolleg alleng, dee säin Beruff esou interessant géing maachen, seet hien. "Wann een an deem Domaine schafft, da gesäit een déi schéinsten Objeten a private Kollektiounen. Et si Saachen déi een normalerweis net ze gesi kritt. Dat ass ganz flott an e grousse Privileg", sou de Richard Ellis.

​Konschtdetektiven ginn et allerdéngs net nëmmen a Groussbritannien. De Peter Zachmyc vun Düsseldorf recherchéiert och am Domaine vu Biller a Konschtobjeten. An hien hëlleft Clienten Biller ze identifizéieren. Ier hien sech dorop spezialiséiert huet, war säin Alldag dee vum Konschtrestaurateur. Hien huet zesumme mat engem Biochemiker eng Substanz entwéckelt, mat där e Biller ka propper maachen, ouni datt d’original Faarf ofgeet.

Grouss Iwwerraschung hannert der Faarw

Enges Dags koum sou ee Client bei hien, deen e Bild matbruecht huet: ee Schéifermeedchen aus dem 17. Joerhonnert. "Hie wollt dat Bild verkafen fir eng Rees ze maachen , et war een eeleren Här. Ech sollt et verkafen iwwert een Auktiounshaus", erënnert de Peter Zachmyc sech. D'Urteel vum Auktiounshaus: d'Bild ass maximal 2000 Euro wäert. Dat wollt den Här awer net gleewen, a sot zum Peter Zachmyc hien soll sech d’Bild nach eng Kéier genee ukucken. D'Bild wier ëmmer a Familljenhaus gewiescht, a wier wäertvoll.

Dunn huet de fréiere Restaurateur e klengen Eck am Bild propper gemaach: Op eemol war een helle Fleck ze gesinn. Lues a lues huet de Peter Zachmyk et du mat der Angscht ze di kritt: "Ech duecht mäi Mëttel géif net méi fonctionnéieren, well ëmmer méi Faarw matkomm ass." Du koum allerdéngs déi grouss Iwwerraschung: "Op eemol ass aus dem Schéifermeedchen ee strahlend Bild erauskomm, ee Meedchen mat plakescher Broscht an engem Libesbréif am Grapp. An et huet sech erausgestallt, datt de Moler ee Meeschterschüler vum Rembrandt war", sou de Peter Zamchyc. Schlussendlech huet d'Bild ronn 30.000 Euro abruecht.

Konschtdetektiv, eng Passioun

Bei de Peter Zachmyc komme regelméisseg Leit, déi al Fotoen hunn, op deene Biller drop ze gesi sinn. Da kuckt seng Equipe méi iwwert d'Bild eraus ze fannen, analyséiert d’Motiv a sicht no Dokumenter, dei eventuell kéinten Detailer ginn.

Fir de Peter Zachmyc wei och de Richard Ellis ass hire Beruff eng Passioun. Allen zwee sinn sech eenz, datt grousst Wëssen an e bëssen Chance alleng net duer ginn: virun allem bräicht een ganz a vill Zäit.