Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  MGMT - Little Dark Age

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kontroll iwwer politesch Sondagen?

Wiseler a Bodry

Kontroll iwwer politesch Sondagen?

D’ALIA, d’Iwwerwaachungsautoritéit fir den audiovisuelle Secteur, soll iwwerpréiwen, ob bei politesche Sondagen d'Gesetz respektéiert gëtt. D’CSV an LSAP-Fraktiounscheffe si géint e staatlechen Institut fir politesch Meenungsëmfroen. Den europäesch-kanadesche Fräihandelsaccord CETA- gëtt vu béide Parteien ënnerstëtzt, mee se si géint déi geplangten Ëmsetzung. De Claude Wiseler an den Alex Bodry fuerderen e Matsproocherecht fir déi national Parlamenter.

auto_stories

4 min

Alex Bodry a Claude Wiseler

Keng staatlech politesch Sondagen

D'Chamber-Institutiounskommisisoun huet gëschter decidéiert d’ALIA - d’Iwwerwaachungsautoritéit fir den audiovisuelle Secteur - ze beoptrage fir ze kucken ob bei de politesche Sondagen d’Gesetz respektéiert gëtt, esou de LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry. An der Kritik steet de rezenten Sondage "Politmonitor", deen RTL an Lëtzebuerger Wort gemeinsam realiséiert hunn. Den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler sot, hie géing der Press net dra schwätze wat fir Interpretatiounen se vu Sondage soll maachen. D’Method misst awer fir jidderee kloer sinn. D’Gesetz iwwert déi politesch Sondagë soll bis op Weideres net geännert ginn, mengt den Alex Bodry.

D’Fraktiounscheffe vu LSAP a CSV sinn net der Meenung, datt e staatlechen Institut an Zukunft politesch Sondage soll duerchféieren. Dat kéint verstane ginn wéi wann eng Regierung d’Sondagë wéilt steieren, esou den Alex Bodry. De Claude Wiseler fënnt et gutt, datt verschidde privat Medie politesch Meenungsëmfroen organiséieren well dat wier am Sënn vun der Pressefräiheet.

Fir CETA trotz Motioun

D'Chamber huet gëschter mat 58 Stëmmen dofir an zwou Abstentiounen, eng Motioun ugeholl, mat der Demande un d’Regierung fir d’Chamber bei der Ëmsetzung vum europäesch-kanadesche Fräihandelsaccord mat anzebannen. De CETA-Accord selwer gëtt an der Motioun net verworf. Et géing sech awer ëm eng staark Positioun vum nationale Parlament handelen, mengt den LSAP-Fraktiounschef. Dem Alex Bodry no, géing d’EU-Kommissioun aktuell probéiere fir sech bei der Ëmsetzung vum Accord iwwert d’Nationalparlamenter ewech ze setzen.

D'CSV ass hirersäits prinzipiell mam CETA-Accord averstanen, esou de Claude Wiseler. Den CSV-Fraktiounschef geet och net dovunner aus, datt mat der Motioun vun der Chamber d’Ëmsetzung vum CETA-Accord gestoppt wäert ginn. D’Parlamenter misste senger Meenung no awer mat abezu ginn. Aus Grënn vun Transparenz an nationaler Kompetenz.

Bei der LSAP gëtt et eng Kongress-Decisioun, där no en LSAP-Kongress muss aberuff gi fir iwwert d’Accorden CETA, TTIP an TISA ze decidéieren, ier d’Regierung gréng Luucht gëtt. Den Alex Bodry nennt keen Datum fir esou en Kongress. D’LSAP géing och keng dräi Kongresser iwwert déi Handelsaccorden organiséieren. Mat der Motioun hätt d’Chamber elo en Accent gesat.

Ausgangspunkt fir d’Diskussioun an der Chamber iwwert den europäesch-kanadesche Fräihandelsaccord CETA war eng Motioun vun déi Lénk. D’Regierung gëtt doranner opfuerdert de CETA-Accord net z'ënnerschreiwen. Déi Motioun war net ugeholl ginn.