Radioen

On air

Notturno  |  Ryan Davis & The Roadhouse Band - Free From The Guillotine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kooperatioun am Déngscht vun de Kanner

Preventioun vu Gewalt géint Kanner

Kooperatioun am Déngscht vun de Kanner

D'"Association de prévention des sévices à enfants" huet ee Kooperatiounsaccord mat de Lëtzebuerger Spideeler a mam Staatslaboratoire ënnerschriwwen. Et soll méi enk mat de medezinesche Servicer, déi sech ëm Kanner këmmeren, zesummengeschafft ginn.

auto_stories

2 min

Valérie Dupong, Vizepresidentin vun der ALUPSE

Virun engem Joer huet d'ALUPSE eng spezialiséiert Kannerdoktesch agestallt, déi mat den Dokteren, Pediateren, Gynekologen, Infirmieren a Hiewanen, regelméisseg Renconteren huet. D'ALUPSE huet zanter Joren ee Bureau am Centre hospitalier dem CHL, wou och den Dokter Roland Seligmann schafft Hien ass de Grënner vun der Associatioun.

Fir déi aner Spideeler gouf et d'Méiglechkeet op d’Servicer ALUPSE-Dialogue an ALUPSE Bébé zréckzegräifen. Duerch deen neie Kooperatiounsaccord géifen déi Interventioune vun der Kannerdoktesch systematesch ginn, esou d'Affekotin Valérie Dupong, Vizepresidentin vun der ALUPSE.

D'Geriichtsmedeziner an d'Kannerdoktesch vun der ALUPSE kooperéiere fir erauszefannen, ob et sech bei engem blesséierte Kand ëm een Accident oder ee Fall vu Kandsmësshandlung handelt. An enger éischter Phase analyséiert d'Kannerdoktesch mat de Pediateren aus der Klinik déi eventuell Affer. Dono kréien d'Legistë vum Staatslaboratoire d'Röntgen an d'Dokumenter iwwerreecht, fir de Fall nach ee mol z'iwwerpréiwen. Si kënnen ee Broch datéieren oder d’Ursaache vun enger Wonn erausfannen.

2015 goufen 300 Kanner suivéiert

D'Associatioun, déi eng Missioun vu Präventioun a vun Encadrement huet, konnt d'läscht Joer 300 Kanner suivéieren. D'Equippe vun ALUPSE Dialogue a Bébé, intervenéieren direkt an de Famillen oder éier de Puppelchen op der Welt ass. D'Zil ass et, un der Bindung tëscht dem Kand an den Elteren ze schaffen. Dacks falen déi Famillen op, wëll d'Kand vernoléissegt gëtt oder wëll et Zeeche vu Mësshandlung opweist.

Zanter dësem Joer huet d'ALUPSE een neien Service fir jonk sexual Täter ze suivéieren. Bis elo gouf et an deem Beräich keng psychologesch Offer. Erfahrungen am Ausland hu gewisen, datt eng fréizäiteg Prise en Charge vu mannerjärege Sexualtäter besser gräift.

Sensibiliséierung ass extrem wichteg

D'Hiewanen hunn deen éischte Kontakt mat der schwangerer Fra a kënnen observéieren ob eng Fra selwer mësshandelt gëtt oder Schwieregkeeten huet eng Bindung mat hirem Kand opzebauen an sech ëm et ze bekëmmeren. Dat sinn Zeechen déi an der Präventioun wichteg si fir Fäll vu Kandsmësshandlung ze verhënneren.

Vum Hierscht u kréien Enseignanten déi am Stage sinn eng nei Formatioun vu véier Stonnen ugebueden. Am Cours gëtt virun allem de Jugendschutz couvréiert. Enseignante sollen déi néideg Informatioune hunn, wann si an hirer Klass mat engem Fall vu Kandsmësshandlung konfrontéiert sinn.


Site vun der ALUPSE: http://www.alupse.lu/