De Jeannot Krecké seet, hien hätt den integrale Rapport iwwer Steierbedruch 1997 just dem deemolege Premier- a Finanzminister Jean-Claude Juncker an dem deemolege Budgetsrapporter Lucien Lux ginn. Et bleift hiert Geheimnis, ob et sech beim Dokument, dat elo un d'Europaparlament gaangen ass, effektiv ëm déi original Säit handelt, déi an der offizieller Versioun vum sougenannte “Krecké-Rapport” gefeelt huet.
Wat steet am Dokument?
D'Steier-Rulingen, vun deene multinational Konzerner profitéiert hunn, féieren zu enger Steierkonkurrenz mat deenen EU-Staaten, déi ähnlech Praktiken hunn, heescht et. Déi negativ Auswierkung vun Delocalisatioune géif doduerch verstäerkt ginn. Déi prealabel Avise vun der Steierverwaltung géingen am "Dialog" mat den Entreprisen entstoen, gëtt erkläert. An et gëtt och ervir gestrach, dass et fir dës "informell" Praxis keng gesetzlech Basis gëtt (eng gesetzlech Verankerung ass réischt 2014, kuerz virun de LuxLeaks-Revelatiounen an d'Weeër geleet ginn).
Den deemolege Premier- a Finanzminister Jean-Claude Juncker krut 1997 nogeluecht, d'Steieraccorde méi genee am A ze behalen. D’Politik sollt kënnen agräife soubal d’Praktike vun der Steierverwaltung net méi mat der Regierungspolitik an Aklang wieren. Dass hien déi Recommandatioun a sengem Rapport gemaach hätt, hat de Jeannot Krecké esou och schonn am November 2014 am 100,7-Interview erkläert.
Huet de Jean-Claude Juncker gelunn?
De lénken EU-Parlamentarier Fabio De Masi huet dat Dokument op seng Nofro hi gëschter vum EU-Kommissiounspresident Juncker kritt, sou Paperjam. An engem Spiegel-Interview hat den däitsche Politiker d'Fro opgeworf, ob de Jean-Claude Juncker gelunn huet. Dat den EU-Kommissiounspresident de 17. September virum Europaparlament sot, hien hätt näischt vum Passage iwwer d'Steier-Rulinge gewosst. Wéi de radio 100,7 deemools gemellt huet, steet dat am Widdersproch, zur Ausso vum Jeannot Krecké.